An Zesummenaarbecht mat EDMO Belux an RTL gouf d'Sensibiliséierungscampagne "echbezweiwelen.lu" lancéiert fir den Internetbenotzer am Floss vu de Fake News a falschen Informatiounen, déi online ze fanne sinn, ze hëllefen.

Heiansdo huet een Zweifel wat ee liest, gesäit oder héiert, mä Zweiwelen ass logesch a gesond.
Dofir ass d'Zil vun der Campagne "echbezweiwelen.lu" de Leit Tipps ze ginn fir méi selbstsécher beim Zweiwelen ze sinn. Duerch kuerz a praktesch Rotschléi sollen d'User besser am Floss vun de Fake News a falschen Informatioun surfen, déi se soss dacks am Zweifel loossen.

Tipps fir méi Sécherheet

Echbezweiwelen.lu gëtt Rotschléi wéi een online effikass Recherche mécht, wien een no Rot froe kann oder mat wiem een iwwer seng Zweifel schwätze kann. D'Zil ass et den Internet Benotzer ze hëllefen hir online Fäegkeeten ze stäerken an si duerch de Floss vun Neiegkeeten, (Des)Informatiounen a Meenungen ze guidéieren.

Dës Campagne gëtt geleet vu Mediawijs a Média Animation, zwou Medienbildungsorganisatiounen bannent EDMO Belux, eng Zesummenaarbecht vu Fuerscher, Faktenchecker an Edukatiounsorganisatiounen an der Lutte géint Desinformatioun. RTL ass de Lëtzebuerger Partner vun EDMO Belux.