Mammografië sinn nëtzlech, fir Broschtkriibs sou fréi wéi méiglech ze erkennen, do si sech Experten a Gesondheetsariichtungen eens. An engem méisproochege Facebook-Bäitrag gëtt awer behaapt, dass dës Screening-Technologie "dat gréisst organiséiert Verbrieche géint Frae" wär, an et ginn eng Rei Argumenter ugeféiert, déi d'Geféierlechkeet vun der Mammografie beleeë sollen.

"Fraen, déi sech enger Mammografie ënnerzéien, si sech warscheinlech net bewosst, wat si sech selwer undoen", "Mammografie ass dat gréisst organiséiert Verbrieche géint Fraen!". Dat sinn e puer Messagen aus Bäiträg op Facebook (1, 2) an X (fréier Twitter) vun Oktober an November 2023. Se behaapten, virun den onbekannte Gefore vun dëser Broschtkriibsënnersichung ze warnen.

A Frankräich ginn am Moment all zwee Joer Mammografië fir Fraen tëscht 50 a 74 Joer ugebueden (zu Lëtzebuerg fir Fraen tëscht 50 a 70 Joer, Um. v. d. Red.) an et gëtt eng gutt Prognos an de meeschte Fäll, wann de Kriibs fréi genuch diagnostizéiert gëtt. Den Iwwerliewenstaux huet sech och däitlech verbessert. An den Texter (op Englesch, Bosnesch, Polnesch oder Finnesch) ginn awer eng Rei vu Behaaptungen opgestallt, déi hir Aussoen iwwer d'Risike vun der Mammografie ënnermauere sollen.

RTL

© AFP

"50-60 % vun de 'positive' Resultater si falsch! Wann een also a 50-60 % vun de Fäll mat 'Broschtkriibs' diagnostizéiert gëtt, stellt sech eraus, dass dësen iwwerhaapt net existéiert huet", argumentéiert een. Awer och, dass "d'Broscht bei der Ënnersichung mat engem grousse Gewiicht vu 10 kPA (1019 kg/m2) zesummegedréckt gëtt" an dass "d'Geweebe vun de Mëllechdrüse mat radioaktiver Stralung bombardéiert gëtt".

Schliisslech féiert hien aus, dass eng Mammografie "den Tumorwuesstem an d'Ausbreedung vu Metastasen stimuléiert" oder dass "eng Etüd mat 690.000 Fäll gewisen huet, dass gesond Fraen no enger Mammografie a ville Fäll u Broschtkriibs erkrankt sinn".

Awer dës Behaaptunge sinn entweeder falsch oder baséieren op falsch interpretéierten oder sachlech onwoueren Daten, wéi eng Rei Gesondheets- a Radiologieexperten der AFP géintiwwer betount hunn. Si soten, dass d'Mammografie nach ëmmer déi bescht bildlech Ënnersichung fir d'Fréierkennung vu Broschtkriibs ass - och wa se nieft ville Virdeeler och Limitten huet.

Méi wéi d'Hallschent vun de Resultater si keng "falsch" positiv Resultater


"50-60 % vun de 'positive' Resultater si falsch! Wann een also a 50-60 % vun de Fäll mat 'Broschtkriibs' diagnostizéiert gëtt, stellt sech eraus, dass dësen iwwerhaapt net existéiert huet", heescht et am Text als éischte "Beweis" vu senger Demonstratioun.

"Et handelt sech net ëm falsch positiv Resultater, mee ëm Opriff zu weideren Ënnersichungen", sot den Aleksandar Ivković, Radiolog am Neo-Mac-Diagnostikzentrum zu Niš a Serbien, den 2. November géintiwwer der AFP.

Eng Stéchwierdersich erméiglecht et, eng Etüd vum Mäerz 2022 (archivéierte Link) ze fannen, déi vu Wëssenschaftler vun der Darvis University a Kalifornien duerchgeféiert gouf, déi esou enger Ausso entsprieche kéint.

De Pressecommuniqué vun der Universitéit (archivéierte Link), an deem d'Publikatioun vun der Etüd ugekënnegt gëtt, dréit den Titel: "D'Hallschent vun de Fraen ass no zéng Joer vu järlechen Depistagenmat falsch positive Mammografië konfrontéiert."

Wéi an der Etüd ernimmt, entsprécht e falsch positiivt Resultat vun enger Mammografie, déi als anormal ugesi gëtt, wärend d'Broscht net vu Kriibs befall ass.

D'Etüd stellt fest, dass ongeféier 12% vun den 2D-Mammografien eng weider Kéier fir eng medezinesch Ënnersichung zeréckbeuerdert ginn an, dass just bei 4,4 % vun dëse Rappeller, also 0,5 % vun der Gesamtzuel, eng Kriibsdiagnos gestallt gëtt.

D'Zuel vu 50% entsprécht der Gesamtwarscheinlechkeet, dass eng Fra iwwer den Zäitraum vun 10 Joer fir weider Ënnersichungen zeréckgeruff gëtt. Bei eelere Fraen ass dës Zuel méi kleng wéi bei Fraen, déi sech all zwee Joer enger Mammografie ënnerzéien.

"Fir Broschtkriibs sou fréi wéi méiglech ze detektéieren, musse mir ganz virsiichteg sinn an all potentiell anormal Resultater ënnersichen. Fraen, déi gebiede ginn, fir eng weider bildlech Ënnersichung oder eng Biopsie zeréckzekommen, brauche sech also keng Suergen ze maachen. Déi grouss Majoritéit vun dëse Resultater ass guttaarteg", erkläert ee vun de Co-Auteure vun der Etüd, den Thao-Quyen Ho, Radiolog am University Medical Center zu Ho Chi Minh a Vietnam a Fuerscher op der Davis University of Medecine a Kalifornien, am Pressecommuniqué.

"Et handelt sech net ëm falsch positiv Resultater, mee ëm Opriff zu weideren Ënnersichungen", sot den Aleksandar Ivković, Radiolog am Neo-Mac-Diagnostikzentrum zu Niš a Serbien, den 2. November géintiwwer der AFP.

D'Radiologin Paula Gordon, Professesch am Departement fir Radiologie op der Universitéit vu British Columbia a Kanada, huet der AFP de 5. November 2023 erkläert, dass e falsch positiivt Resultat keng Feeldiagnos wär: "De Begrëff 'falsch positiv' ass ierféierend. E gëtt benotzt, fir vu 'Feelalarm' ze schwätzen, dat heescht, wann eppes Ongewéinleches op enger Mammografie observéiert gëtt a komplementar Ënnersichunge gemaach musse ginn."

Wéi d'Expertin betount, sinn d'Prozentsätz, déi an de Bäiträg genannt ginn, falsch: "A Kanada sinn duerchschnëttlech 70 Fraen op 1.000 Mammografië ugehalen, zousätzlech Biller ze maachen. E puer brauche just eng oder zwou zousätzlech Mammografie-Opnamen, anerer brauchen eng Ultraschall-Ënnersichung. Vun dëse 70 Frae brauchen 11 eng Biopsie [...] a bei véier vun hinne gëtt Broschtkriibs diagnostizéiert."

RTL

© AFP

Kompressioune vu Mammografien ass sécher, Stralung e gerénge Risiko


Déi zweet Behaaptung am Text, dass "bei der Ënnersichung d'Broscht mat engem schwéiere Gewiicht vun 10 kPA (1019 kg/m2) zesummegedréckt gëtt" a "Stralen" ausgesat gëtt, ass technesch korrekt. Se gëtt awer ierféierend duergestallt, well se den Androck vermëttelt, Kompressioun oder Bestralung - oder béides - wäre fir d'Patientinne geféierlech. Wat béid Experten, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, dementéieren.

"D'Kompressioun ass wärend enger Mammografie néideg, fir d'Geweebe ze deenen a Kriibs ze detektéieren, awer och fir d'Broscht ze verfeineren, fir wéineg Stralung ze brauchen. Et dauert just e puer Sekonnen. D'Kompressioun ass onangeneem, awer net onerdréiglech", erkläert d'Paula Gordon.

Den Aleksandar Ivković betount, dass en Drock vun 10 kPa als "ouni Risiko" consideréiert ass a "bei 7 % vun de Frae Péng ausléise kann", ouni weider gesondheetlech Konsequenzen.

Wann de viralen Text fälschlecherweis vu "radioaktiver Stralung" schwätzt - obwuel Radioaktivitéit eng Eegenschaft vun Atomen an net vu Stralung ass -, da bezitt e sech warscheinlech op ioniséierend Stralung, eng "Zort vun Energie, déi vun Atomen a Form vu Wellen oder Partikele fräigesat gëtt", wéi et op der Internetsäit vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) preziséiert gëtt, déi fir Röntgenstrale benotzt ginn.

Mënschen, déi natierlech Quelle mat ioniséierender Stralung wéi Buedem, Waasser oder Vegetatioun ausgesat sinn, kënnen och bei bestëmmte medezineschen Ënnersichungen, Mammografien abegraff, méi héich Dosissen ausgesat sinn. An der Grafik hei drënner vun der EPA, der US-amerikanescher Ëmweltschutzagence, gëtt dat erkläert.

RTL

© AFP

"D'Stralung vun enger Mammografie gehéiert zu de schwächste vun alle medezineschen Ënnersichungen. Se ass am Laf vun de Joerzéngten zeréckgaangen a läit ëmmer nach wäit ënner der 'zoulässeger' Quantitéit, déi vun vun de Straleschutzgruppe festgeluecht gouf. De Stralungsrisiko vun enger Mammografie betrëfft just Fraen ënner 20 Joer an ass fir Screening-Zwecker bei Fraen ab 40 Joer ze negligéieren. Se ass vergläichbar mat der natierlecher Stralung, déi eis ëmgëtt, wa mir siwe Wochen op Miereshéicht verbréngen", erkläert d'Paula Gordon.

Den Aleksandar Ivković betount, dass "d'Mammografie zwar Röntgenstrale benotzt", "dës Dosis [awer] ze geréng ass, fir d'Broschtgeweebe positiv oder negativ ze beaflossen."

Allerdéngs kann déi kumulativ Expositioun géintiwwer Röntgenstralen, déi duerch Röntgenënnersichungen oder IRMen ausgeléist ginn, op laang Siicht zu engem Kriibsrisiko féieren.

Wärend d'Zuel vu Broschtkriibserkrankunge bei méi jonke Mënschen tendenziell zouhëlt, gëtt d'Fro gestallt, ob et noutwenneg ass, den Alter fir eng Mammografie erofzesetzen, fir méiglech Anomalien oder Kriibs fréizäiteg ze erkennen, éier Symptomer optrieden - an domat d'Heelungschancen erhieflech ze steigeren.

Sou huet d'Europäesch Kommissioun am vergaangene Joer recommandéiert, d'Zilgrupp an der EU ze erweideren, andeem den Alter, ab deem Frae fir en Depistage a Fro kommen, op 45 Joer erofgesat gëtt.

Am Mee huet an de Vereenegte Staaten eng Organisatioun, déi Recommandatioune fir ëffentlech Gesondheet erausgëtt, déi an der Reegel befollegt ginn, erkläert, dass Fraen ab dem Alter vu 40 Joer mat Mammografien ufänke sollten, amplaz wéi bis elo ab dem 50. Liewensjoer.

"40 Joer si fir vill Frae warscheinlech ze fréi, d'Gefor läit an der exzessiver Bestralung", sot d'Brigitte Séradour der AFP an engem Messaage vun Ufank Oktober (archivéierte Link). "Hautdesdaags schéngt et eng gutt Iddi ze sinn, den Alter vum Depistage ze senken, well et méi Kriibserkrankunge bei jonke Frae gëtt, awer ëmsou méi al ee gëtt, ëmsou méi staark setzt ee sech der Stralung aus", sot den Emmanuel Ricard, Spriecher vun der franséischer Organisatioun Ligue contre le cancer.

Zuel vu vermeidbaren Doudesfäll duerch Depistage "largement méi héich" wéi den Stierfrisiko duerch "radioinduzéiert Kriibserkrankungen" 


De franséischen Institut national du cancer weist op senger Internetsäit dorop hin (archivéierte Link), dass "och den Depistage fir Broschtkriibs, wéi all medezinesch Mesure, souwuel Virdeeler wéi och Limitten huet" an dass "d'Auswierkunge vum Depistage op d'Zeréckgoe vun der Mortalitéit duerch Broschtkriibs diskutéiert ginn, geneesou wéi hir negativ Auswierkungen, besonnesch op Iwwerdiagnosen an Iwwerbehandlungen."

"D'Mammografie exposéiert Röntgenstralen, a widderhuelt Expositioun kann heiansdo zu Kriibs féieren. Dohier sollt se just dann agesat ginn, wa se vun Notzen ass", betount den Institut national du cancer a stellt fest, dass "d'Zuel vun den duerch de Screening vermeidbaren Doudesfäll vill méi héich ass wéi de Risiko duerch radioaktiv Kriibserkrankungen", well dëse Risiko "an der Gréisstenuerdnung vun 1 bis 10 pro 100.000 Frae läit, déi 10 Joer laang all zwee Joer eng Mammografie gemaach hunn".

"Wann eng Fra sech strikt un d'Recommandatioun vun der Participatioun un dem organiséierten Depistage am Alter vu 50 bis 74 Joer hält, wäert se insgesamt 13 Mammografië kréien. D'Expositioun géintiwwer ioniséierender Stralung wäert dann insgesamt e Véierel vun där Expositioun ausmaachen, där ee bei engem Vollkierper-IRM exposéiert ass, wat heefeg virkënnt", sou d'Institutioun weider. Si erënnert gläichzäiteg dorun, dass "d'Mammografien a Frankräich manner wéi 2 % vun der gesamter Expositioun vun der Bevëlkerung géintiwwer ioniséierender Stralung ausmaachen".

E weidere Risiko, dee vu Gesondheetsexperten a Bezuch op déi reegelméisseg Duerchféierung vu Mammografië genannt gëtt, ass "d'Iwwerdiagnos" vun engem Tumor, dee bei enger Mammografie entdeckt gëtt, dee sech ni zu Broschtkriibs entwéckele wäert a bei deem en Traitement oder eng Operatioun hätt vermidde kënne ginn.

Dozou weist den Institut national du cancer dorop hin, dass et no aktuellem Stand vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser net méiglech ass, tëscht Kriibserkrankungen ze ënnerscheeden, wat déi heefegst Fäll sinn, a Kriibserkrankungen, déi sech just ganz wéineg entwéckelen oder fir déi concernéiert Fra keng Konsequenze wäert hunn (an 10-20 % vun den detektéiere Fäll)."

"Bei dëse Kriibserkrankungen, déi ouni Mammografie net entdeckt gi wären, schwätzt ee vun 'Iwwerdiagnos'. Als Virsiichtsmoossnam gëtt virgeschloen, all erkannt Kriibserkrankungen ze traitéieren, wat zu enger 'Iwwerbehandlung' féiere kann. D'Fuerscher schaffen aktuell dorun, Kriibserkrankungen ze identifizéieren, bei deenen et warscheinlech ass, dass se sech lues entwéckelen, fir gëeegent Therapien ubidden ze kënnen", heescht et vun der Institutioun weider.

Amplaz vun engem Alterskrittär kéint sech d'Iddi vun engem risikobaséierte Screening duerchsetzen.

An der vun der EU finanzéierter internationaler klinescher Etüd MyPeBS (My Personal Breast Screening) goufe scho méi wéi 53.000 Fraen am Alter tëscht 40 a 70 Joer a sechs Länner rekrutéiert, fir d'Effikassitéit an d'Machbarkeet vun esou engem personaliséierte Screening ze bewäerten.

D'Etüd soll ënner anerem weisen, ob et "méi effikass ass, Frae mat engem héije Kriibsrisiko méi dacks Mammografien unzebidden, jee no Virgeschicht, Densitéit vun der Broscht oder geneeteschem Profill", huet d'Suzette Delaloge, Direktesch vum Programm fir personaliséiert Kriibspreventioun am Institut Gustave-Roussy a Coordinatrice vun der Etüd, erkläert.

Ëmgekéiert kéinte "bestëmmt Frae mat engem niddrege Risikoprofill eng manner intensiv Iwwerwaachung brauche" wéi am Moment recommandéiert

RTL

© AFP

Mammografië stimuléieren net de Wuesstem vum Tumor


De viralen Text féiert als drëtt "Argument" géint eng Mammografie un, dass se "de Wuesstem vum Tumor an d'Ausbreedung vu Metastasen ureegt". Eng Behaaptung, déi sech op keng Beweiser oder Quelle stäipt, fir déi d'AFP keng wëssenschaftlech Etüd fonnt huet an déi vun der Radiologin Paula Gordon als "komplett" falsch bezeechent gëtt.

"Dës Fake News ergëtt sech aus enger spontaner Bemierkung vum Dokter Tony Miller, engem vun den Haaptacteure vun der kanadescher Etüd iwwer Depistage fir Broschtkriibs an den 1980er Joren. Ënner de randomniséierten, kontrolléierte Screening-Mammografie-Etüden ass dës déi eenzeg, déi e méi héiche Stierflechkeetstaux bei Fraen an enger "Mammografie-Grupp" am Verglach zur Kontrollgrupp gewisen huet", erkläert d'Expertin.

"Wéi dat bekannt gi gouf, kuerz virun der Verëffentlechung [vun der Etüd] am Joer 1992, gouf den Dokter Miller gefrot, wat senger Meenung no d'Erklärung dofir wär. An hie sot: 'Vläicht bréngt d'Kompressioun vu Mammografië Kriibs an d'Blutt.' Dëst Zitat gouf an de Medie intensiv diskutéiert. Zënterhier huet hie seng Äusserungen am Journal of the national cancer institute widderholl, awer dës Korrektur gouf ni an de Medie bruecht", seet d'Paula Gordon weider.

Eng Etüd aus dem Joer 2013, fir d'Hypothees ze iwwerpréiwen, dass d'Kompressioun Tumorzelle fërdere kéint, koum zur Konklusioun, dass d'Kompressioun vu Mammografien ongeféierlech ass, well keng Unzeeche fir esou e Phenomen fonnt goufen.

Doriwwer eraus gouf den héije Stierflechkeetstaux an der "Mammografie-Grupp" vun der Etüd doduerch erkläert, dass Infirmièren an d'Koordinatore vun der Etüd warscheinlech de Randomniséierungsprozess vu Fraen, déi sech fräiwëlleg gemellt haten, kompromitéiert hunn, sot d'Paula Gordon weider. [Random kënnt aus dem Engleschen a bedeit "Zoufall"; d'Patiente ginn duerch den Zoufallsprinzip ausgewielt, ob se an der Versichsgrupp oder an der Placebogrupp sinn.]

Mammografie ass net d'Ursaach vun de Kriibserkrankunge bei munche Fraen 


Wat déi lescht Behaaptung betrëfft, dass "eng Etüd mat 690.000 Fäll gewisen huet, dass gesond Fraen no Mammografie-Ënnersichungen a ville Fäll u Broschtkriibs erkrankt sinn", sou huet d'AFP op Google Scholar eng Etüd aus dem Joer 2000 mat 690.993 Fraen am Alter vu 66 bis 79 Joer fonnt.

Dës Resultater waren: "In situ [bei Kriibs am Fréistadium] war [...] d'Probabilitéit/d'Gléck, dass Broschterkrankunge bei Fraen, déi sech enger Mammografie ënnerzunn hunn, detektéiert gëtt, méi héich."

RTL

© AFP

Den Aleksandar Ivković beklot, dass déi viral Publikatioun eng "onbegrënnt Interpretatioun vun den Date mécht, a weist, dass vill Kriibserkrankungen duerch e Screening entdeckt goufen". "Genee dat ass d'Zil vum Screening, fir Kriibserkrankunge sou fréi wéi méiglech ze entdecken."

D'Paula Gordon hirersäits weist géintiwwer der AFP dorop hin, dass "vill Fraen zu engem bestëmmten Zäitpunkt [an hirem Liewen] u Kriibs erkranken, nodeem si eng Mammografie gemaach hunn", dëst awer "net op d'Mammografie zeréckzeféieren ass".

"Ënner de Frae mat engem duerchschnëttleche Kriibsrisiko - ouni familiär Virgeschicht asw. - wäert all aacht Fra iergendwann an hirem Liewen u Kriibs erkranken. Et ass bekannt, dass Fraen, déi sech engem Depistage ënnerzéien, eng 40- bis 50-prozenteg Warscheinlechkeet hunn, u Broschtkriibs ze stierwe wéi Fraen, déi keen Depistage maachen", sou d'Radiologin ofschléissend.

Dat weist och d'Etüd no vollstänneger Lektür: Se hat d'Zil, festzestellen, ob Fraen iwwer 69 Joer, déi sech engem Depistage ënnerzéien, e geréngere Risiko hunn, u metastaséiertem Broschtkriibs ze erkranken - eng Hypothees, déi duerch d'Resultater vun dëse Recherchë bestätegt gouf.

Reegelméissegen Depistage op Recommandatioun vu Gesondheetsautoritéiten


An de Leitlinne vun der Broschtkriibsinitiativ vun der Europäescher Kommissioun gëtt d'Mammografie als eng Method fir d'Fréierkennung vu Broschtkriibs bei Fraen ouni Symptomer recommandéiert.

Se recommandéiert fir Fraen am Alter vu 45 bis 49 Joer en Depistage all zwee bis dräi Joer, fir Fraen am Alter vu 50 bis 69 Joer eng Ënnersichung all zwee Joer a fir Fraen am Alter vu 70 bis 74 Joer all dräi Joer.

An den USA recommandéieren d'Centers for Disease and Prevention (CDC) en Depistage all zwee Joer fir Fraen am Alter vu 50 bis 74 Joer, wärend Frae vu 40 bis 49 opgefuerdert ginn, hiren Dokter ze consultéieren, fir sech ze informéieren, wéini a wéi dacks eng Mammografie duerchgeféiert soll ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.