Autismus, Depressiounen, Arthros an Alzheimer huele weltwäit zënter 30 Joer zou. An de Sozialen Netzwierker deelen Internetnotzer eng Tabell, an där dës Krankheete mat fantasievolle prozentuale klammenden Tauxen opgelëscht ginn, déi d'Hausse op déi allgemeng Verbreedung vun Impfungen, besonnesch bei Kanner, zeréckféieren.

Si Krankheeten zënter den 1990er Joren, wéi Vaccine fir Kanner allgemeng agefouert goufen, weltwäit staark geklommen? An de Sozialen Netzwierker dauchen dës Virwërf an engem Zesummenhang mat Impfungen a Krankheeten zënter e puer Jore reegelméisseg op, an zënter der Covid-19-Kris si se nach méi heefeg a massiv ginn.

RTL

© AFP

Dës Lëscht gëtt virun allem op Facebook gedeelt, wéi an dëser Publikatioun, déi bis de 16. November méi wéi 3.000 Mol gedeelt gouf. E Kommentar beklot: "Alles e Fortschrëtt vun der Medezin!!! Medezinesch a pharmazeutesch Recherche bréngen eis Krankheeten, Leed an Doud! Ech freeë mech op de Retour zu enger gesonder Ernierung an d'Entdeckung vun der Planzekraaft! Loosst eis Schluechthaiser, vergëft Impfstoffer stoppen a loosst eis Zäre fir Uebst a Geméis, an och Nëss a Kären ubauen!!" Eng Facebook-Grupp, déi sech kloer géint Impfstoffer ausschwätzt, huet dëse Bäitrag och gedeelt.

A Kanada heescht et an der Facebook-Grupp "la résistance québecoise" an engem Kommentar: "Am Verglach zu virun 30 Joer hunn eis Kanner an der kuerzer Kandheet vill méi Vaccine kritt ...".

Och op Telegram huet sech en Internetnotzer déi Fro gestallt, wéi hien d'Foto vun der Lëscht gepost huet: "Bezéiung zu Vaccinen, wat och ëmmer se sinn?" Dës Fro gëtt och op X widderholl, wéi dës Publikatioun vum Abrëll 2023, déi 325 Mol mat follgendem Text gedeelt gouf: "D'Fro, déi ee sech stelle muss, wien huet sech zënter den 90er-Jore verännert?"

Krankheeten, deenen hir Prevalenz effektiv zouhëlt, awer kee Lien mat Vaccinen huet

D'Auteure vun der Lëscht zitéiere Worldometers (Archiv), déi Donnéeë vun der Vereenten Natiounen an aneren internationalen Institutioune benotzt hunn, fir hir Echtzäitcompteuren ze speisen, déi Schätzunge liwweren, déi op verschiddene Statistiken a Prognose baséieren.

Wéi awer eng Rei Internetnotzer an de Kommentare vun de verschiddene Publikatiounen zu dësem Sujet umierken, fënnt een op der Internetsäit vu Worldometers keng Statistiken iwwer dës Krankheeten. AFP Factuel huet Wordometers kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.

RTL

© AFP

Awer och wann déi affichéiert Hausse vun de Prozenter net ze verifiéiere sinn, hunn all déi genannt Krankheeten eng klammend Prevalenz, op d'mannst an de westleche Länner, wéi d'AFP duerch Recherchen iwwer aner Quellen, wéi zum Beispill de franséische Gesondheetsministère oder déi US-amerikanesch CDC, festgestallt huet.

Déi wierklech Haussë sinn awer net op Impfungen zeréckzeféieren.

Vun den 13 genannte "Krankheeten oder Stéierungen", wéi am weidere Verlaf am Detail erkläert gëtt, hunn e puer opgrond vu verbesserter oder verännerter Diagnos eng Hausse vun hirer Inzidenz erlieft, anerer sinn altersbedéngt an huelen dohier mat der Vereelze vun der Weltbevëlkerung automatesch zou, wärend aner Inzidenze mat der Covidkris explodéiert sinn.

Stéierunge vun neurologescher Entwécklung, virdrun net oder falsch diagnostizéiert ginn

Ganz uewen op der Lëscht stinn Autismus an ADHS (Opmierksamkeets-Defizitt-Stéierung mat oder ouni Hyperaktivitéit), neurologesch Entwécklungsstéierungen (NES), verbonne mat geréngfügegen Ënnerscheeder an der Struktur a Funktioun vum Gehier vun de Betraffenen. Engem Rapport no (Archiv), dee kierzlech vun der franséischer Regierung publizéiert gouf, ass haut all sechst Kand vun neurologeschen Entwécklungsstéierunge betraff.

Dem Dokter Hugo Peyre (Archiv) no, Pedopsychiater am Centre d'Excellence du CHU vu Montpellier, deen de 17. Oktober vun AFP Factuel befrot gouf, ass d'Prevalenz vun Autismus-Spektrum-Stéierungen (ASS) an Opmierksamkeetsstéierungen (ADHS)  am stäerkste geklommen.

1/ Bei Autismus huet sech d'Definitioun vun der Krankheet "kolossal verännert"

RTL

© AFP

Wat Autismus betrëfft, si mir "an den USA vun eent op 150 Kanner am Joer 2000 op eent op 36 Kanner haut zeréckgaangen", huet den Dokter Peyre erkläert. Dës Donnéeë goufe vun de CDC offiziell confirméiert (Archiv).

Et handelt sech also ëm dat Véierfacht un diagnostizéierte Fäll an net ëm dat Zwanzegfacht, wéi et an der ierféierender Publikatioun behaapt gëtt.

RTL

© AFP

A Frankräich ass déi genee Prevalenz net bekannt an d'Stéierunge sinn am Verglach zu Nordamerika ënnerdiagnostizéiert, awer eng Etüd (Archiv), déi an der Haute-Savoie duerchgeféiert gouf, huet gewisen, dass sech d'Prevalenz vun Autismus bei Kanner an de Joren 1995-1997 an 2007-2009 verdräifacht huet.

Awer aus dësen Donnéeën eng Augmentatioun vun der Prevalenz ze schléissen, ass net selbstverständlech, huet de Kannerpsychiater Bruno Falissard (Archiv) de 16. November géintiwwer der AFP erkläert, "well et an der Vergaangenheet just e puer Etüden iwwer Autismus gouf, a virun allem, well d'Definitioun vun Autismus kolossal verännert huet. Haut schwätze mir net méi iwwer déi selwecht Krankheeten. Well mir net méi iwwer dat selwecht schwätzen, kënne mir et net vergläichen". Dat erkläert och de ganz pedagogesche Video (Archiv), deen den INSERM iwwer säin "Detox-Kanal" verbreet huet, mam Titel "Eng Autismus-Epidemie, wierklech?".

Den Dokter Peyre schwätzt och vun engem méiglechen "diagnostesche Report". "Kanner, bei deene virdrun eng geeschteg Behënnerung diagnostizéiert gouf, ginn elo als ASS (Autismus-Spektrum-Stéierung) bezeechent.

Fir hien ass et dohier "schwiereg, Konklusiounen iwwer d'Verännerung vum Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung ze zéien, et bleiwen déi an der Literatur diskutéiert Resultater, de verbesserten Zougang zu der Versuergung an déi diagnostesch Praktiken. Et ass sécher, dass dat eng Hausse vun der Prevalenz bedeit, awer erkläert dat déi ganz Hausse?"

Vill méiglech Ursaache fir Autismus ginn nach ënnersicht: den Afloss vun Ecranen, d'Verännerung vum Elterenalter, awer och Ëmweltfacteuren. De Psychiater hëlt un der Marianne-Kohort deel (Archiv), déi vun der Professesch Amaria Bahgdadli betreit gëtt. Zu dëser Etüd gehéiert et, "sech ze froen, ob Ëmweltfacteuren (Pestiziden, cheemesch Schuedstoffer, ...) bedeelegt sinn, och wann den Zoustand vun der Bevëlkerung stabill ass. Awer am Moment ass et schwiereg, kausal Attributiounen ze maachen."

An de leschten zwee Joerzéngten huet d'Mësstraue géintiwwer engem bestëmmten Impfstoff fir Kanner, RMR (Riselen-Mumps-Riedelen), zougeholl, besonnesch opgrond vun (Archiv) enger 1998 an der medezinnescher Fachzäitschrëft "The Lancet" publizéierter Etüd, déi op en Zesummenhang tëscht RMR-Impfung an Autismus hiweist. D'Etüd huet sech als en "Trick" (Archiv) vum Auteur Andrew Wakefield erausgestallt, awer weeder den offiziellen Dementi vun der Zäitschrëft, nach de Retrait vum Artikel, nach déi vill Aarbechten, déi duerno gemaach goufen an déi feelend Verbindung gewisen hunn, konnten d'Bedenken iwwer de kombinéierte Vaccin zerstreeën.

Am Géigendeel, eng dänesch Etüd huet souguer gewisen, dass ongeimpft Kanner en e bësse méi héije Risiko fir Autismus hate wéi geimpft Kanner, wéi déi follgend Grafik weist.

RTL

© AFP

Mä dëse Glawen ass haartnäckeg, well eng Etüd aus dem Joer 2017 (Archiv) weist, dass Famillje mat Kanner, déi mat Autismus diagnostizéiert goufen, eng méi geréng Impfcouverture opweise wéi Famillje mat Kanner, déi mat Autismus diagnostizéiert goufen (83,1 % Impfunge géint 97 %).

2/ ADHS, eng "komplizéiert Diagnos" an haut vill méi einfach wéi virun 20 Joer

ADHS (Uechtsamkeetsstéierung mat oder ouni Hyperaktivitéit) wéi Autismus verursaacht "en Defizitt oder eng Verzögerung vun de Fäegkeeten, déi ee wärend der Entwécklung kritt (besonnesch a Bezuch op Léieren an emotional Kontroll)", sou e Bericht vun der franséischer Haute autorité de santé, deen 2021 verëffentlecht gouf (Archiv).

Der Regierungswebsäit handicap.gouv.fr (Archiv) no schwankt déi weltwäit Prevalenz vun ADHS tëscht 2 % a 7 % (wat ganz no un de geschate Prevalenzdonnéeën a Frankräich läit), woubäi d'Prevalenzschätzungen an de meeschte Länner zënter dem Enn vum 20. Joerhonnertzougeholl hunn. Et ass schwiereg, eng quantitativ Schätzung vun dëser Hausse op internationalem Niveau ze kréien, awer eng amerikanesch Etüd (Archiv) huet tëscht 2009 an 2017 bei den Diagnose vun ADHS eng Hausse vun ongeféier 9 % gewisen.

"De Problem", sou de Professer Falissard, "ass, dass d'Erhiewungen, fir Prevalenztauxen ze ermëttelen, mat Hëllef vu standardiséierte Froebéi an der allgemenger Bevëlkerung an net mat Hëllef vu klineschen Diagnosen duerchgeféiert ginn." Eng nach méi wichteg Grenz ass, sot hien, dass "d'Diagnos vun ADHS effektiv eng komplizéiert Diagnos ass. Et ass net just d'Kand, dat sech vill beweegt a schlecht Notten an der Schoul huet, et ass wierklech eng Opfuerderung, sech stänneg ze beweegen. Awer dat ass net dat selwecht wéi en hyperstimuléiert Kand."

Eng Selbstdiagnos duerch Ugehéiereger ass ëmsou méi schwiereg ze iwwerpréiwen, sou de Kannerpsychiater, well "Eltere vun deem beaflosst kënne ginn, wat si virun 20 Joer gelies hunn a wat si net gelies hunn, well an der Press net sou vill iwwer ADHS geschwat gouf."

RTL

© AFP

Och an der Vergaangenheet, füügt den Dokter Peyre bäi, "koumen Elteren, déi eng Diagnos gestallt hunn, bei Dokteren, déi dës Aart vu Kategorie net benotzt hunn, wéi et nach virun 10 Joer bei ADHS de Fall war".

Eng weider Lück an der Statistik: Etüden zilen an der Reegel op eng eenzeg neurologesch Entwécklungsstéierung of, awer "bal een Drëttel vun de Kanner mat autistescher Stéierung hunn ADHS, a bal d'Hallschent vun de Kanner mat Dyspraxie hunn och ADHS, sou dass eng isoléiert Schätzung vun der Prevalenz net méiglech ass, d'Prevalenz vun ASS insgesamt ze erfaassen."

Haut ass d'Diagnos vun neurologeschen Entwécklungsstéierunge mat engem vill besseren Image verbonnen: Dem Dokter Peyre no hunn dës Stéierungen "hiren Image als dramatesch Pathologie e bësse verluer, et gesäit een et éischter als Ënnerscheed", virun allem opgrond vun der Beléiftheet vun ASS-Charakteren an TV-Serien.

Et gëtt kee wëssenschaftlechen Zesummenhang tëscht Impfungen an der Entwécklung vun ADHS, an eng japanesch Etüd koum souguer zur Konklusioun, dass bei bestëmmten Impfunge mat Quecksëlwer kee Risiko fir ASS besteet.

Psychiatresch Erkrankungen bei jonke Mënsche klammen, virun allem zënter der Covidkris

Zu de weidere Krankheeten, déi an den ierféierende Publikatioune genannt ginn, gehéiert déi "bipolar Erkrankung bei Jugendlechen". Dës Diagnose sollen den Internetnotzer no ëm méi wéi 10.000 Prozent geklomme sinn.

Eng Etüd vun 2007 (Archiv) huet gewisen, dass sech d'Diagnosen an de Vereenegte Staaten tëscht 1994 an 2004 vervillfältegt hunn. Awer wéi dësen Artikel vum franséische Kongress fir Psychiatrie ervirhieft (Archiv), werfen eng Rei Parameteren Zweiwel un dëser Analys op. "D'Iwwerschneidung vun de Symptomer ADHS", awer och "d'Benotze vu Krittäre fir Erwuessener (bei Kanner, Um. v. d. Red.) an de ekonomeschen Erausfuerderunge vun der pharmazeutescher Industrie". Tatsächlech huet an den 2000er-Joren de Verdacht vun engem Interessekonflikt (Archiv) tëscht dräi prominenten US-Fuerscher a Laboen Zweiwel un hire Resultater iwwer déi explosiounsaarteg Inzidenz vu bipolare Stéierungen opkomme gelooss.

Anerersäits, sou de Professer Falissard, ass déi bipolar Stéierung ëmmer nees d'Häerzstéck vun der weltwäiter Polemik: "D'Amerikaner hunn iwwerall Fäll gesinn, wann d'Europäer se net gesinn hunn". D'Diagnos wär ëmsou méi schwiereg, well bipolar Stéierungen an der Reegel an der Adoleszenz optrieden, "eng Zäit, an där extreem Stëmmungsschwankungen net ëmmer krankheetsbedéngt sinn".

D'Bipolaritéit gëtt virun allem duerch d'Geneetik bestëmmt: "Et gëtt eng staark familiär Predispositioun, déi sech an der Verletzlechkeet vun der Stëmmung an der Onfäegkeet, d'Emotioun ze reguléieren, äussert", sou de franséische Kongress fir Psychiatrie.

Am Allgemengen hu psychiatresch Stéierunge wéi Depressiounen, besonnesch bei jonke Mënschen, zënter der Covid-19-Kris zougeholl. Den Donnéeë vun der franséischer Regierung no ass d'Anusprochhuele vu psychiatreschen Noutfäll am Joer 2020 ëm 40 Prozent geklommen, souwuel wärend wéi och no dem éischte Confinement.

En Trend, dee sech trotz dem Astelle vun de Gesondheetsmesuren, sou de Professer Falissard, "an alle Länner a mat zolitten epidemiologeschen Date" fortsetzt. "Awer ass et eng erwise schwéier depressiv Stéierung oder ass et den Ausdrock vun enger depressiver Angschtstéierung? Ech tendéieren éischter zu der zweeter Erklärung", verséchert hien.

Dëst gëllt ëmsou méi, well, "wann ee sech déi haart Donnéeën iwwer de Selbstmordtaux ukuckt, da sénkt dës am Laf vum Zäitraum éischter." Der WHO no ass de Selbstmordtaux an de leschten 20 Joer weltwäit ëm 36 Prozent erofgaangen, wärend en an Amerika ëm 17 Prozent geklommen ass.

Chronesch Middegkeet a Fibromyalgie zënter Kuerzem als "richteg Krankheete" consideréiert

Chronesch Middegkeet, Arthros (eng Erkrankung vun de Gelenker) a Fibromyalgie (eng chronesch, diffus Péng a Verbindung mat neurologesche Stéierungen) gehéieren zu de Krankheeten, déi an de leschten 30 Joer am stäerksten zougeholl hunn.

Och hei erschwéieren déi diagnostesch Krittären d'Miessung an d'Analys vun der Prevalenz vun dëse Krankheeten. E parlamentaresche Bericht aus dem Joer 2016 (Archiv) iwwer Fibromyalgie erkläert, dass "d'Schwankunge vun der Prevalenz duerch d'Entwécklung vun der Definitioun vum Syndrom a sengen diagnostesche Krittären erkläert ka ginn".

Eng Etüd vum US National Health Service aus dem Joer 2012 (Archiv) koum zum Schluss, dass d'Variabilitéit vun der Prevalenz tëscht 0,5 % a 5 % läit.

"D'Definitioun vum Syndrom gouf op funktionell Indicateure wéi Schlofstéierungen oder Middegkeet ausgedeent, an dës Entwécklung huet d'Resultater vun de verschiddenen Enquêten an der Bevëlkerung staark beaflosst", sou d'Rapporteren.

Och déi chronesch Ermiddung - eng stänneg Erschëpfung, déi duerch Rou net manner gëtt - huet mat enger komplexer Diagnostizéierung ze kämpfen, sou den INSERM (Archiv). Wéi den Institut seet, "ass dëst Syndrom nach wéineg bekannt a gëtt mëssverstanen", zemools "keng spezifesch biologesch Mierkmoler mat em verbonne sinn". Ënner dësen Ëmstänn ass et immens schwiereg ze wëssen, wéi vill Mënschen dorënner leiden.

RTL

© AFP

"Et muss ee wierklech kucken, wéi eng Hëllefsmëttel d'Diagnos erméiglecht hunn", sot de Professer Serge Perrot (Archiv), Rheumatolog am AP-HP-Schmerzzenter zu Cochin, géintiwwer AFP Factuel den 20. November. "Sinn et d'Auto-Questionnairen, d'Online-Ëmfroen oder déi epidemiologesch Enquêten iwwer Kodéierungen, déi am Spidol oder an der Consultatioun gemaach goufen, déi net déi selwecht Realitéit erëmspigelen?"

D'Unerkennung vun dëse Krankheeten als "wierklech Krankheeten" koum eréischt viru Kuerzem, seet den Expert: "Fréier huet ee gegleeft, dass et normal ass, am Alter Arthros ze hunn, dass Middegkeet keng Krankheet ass a Péng och net. Ab wéini ginn unhalend Symptomer zu enger wierklecher Krankheet? Dat ass eng gesellschaftlech a philosophesch Entwécklung."

Den Dokter ernimmt och e "sexisteschen" Aspekt vu mangelndem Récksiichthuelen, ënner deem d'Patiente laang Zäit gelidden hunn: "Dës Krankheeten triede virun allem bei Fraen op, zu 80 % bei Fibromyalgie a chronescher Middegkeet. Wann een also seet, dass se net existéieren, niéiert een eng weiblech Realitéit vu Péng, well haut weess een, dass et Ënnerscheeder tëscht Fraen a Männer an der Schmerzmechanik gëtt."

Fibromyalgie, sou de Professer Perrot, kann"no engem psychesche Schock, sexuellem Mëssbrauch an der Kandheet, no entzündlechen Erkrankungen, Kriibs, Polyarthritis" optrieden.

Bei chronescher Middegkeet "kéint d'Syndrom duerch Infektiounen, psycheschem Stress, Ëmweltfacteuren an/oder bestëmmt Grënn ausgeléist ginn", erkläert den INSERM a verweist och op eng "Erkrankung vum Immunsystem, vum autonomen Nervesystem a vun de Mitochondrien, den 'Energiezentre' vun eisen Zellen".

Dës onkloer Krankheeten, déi nach ganz wéineg bekannt sinn, stinn am Mëttelpunkt vu ville falsche Behaaptungen, dorënner och Behaaptungen, dass Covid-Impfstoffer dofir verantwortlech wären.

Awer wärend Middegkeet a Péng op der Injektiounsplaz bekannt, onbedeitend a kuerzlieweg Niewewierkunge vu Covid-Impfstoffer sinn, gehéiere Fibromyalgie a chronesch Middegkeet net dozou D'Tatsaach, dass dës Krankheeten heefeg mat Long Covid a Verbindung bruecht ginn, kann awer fir Konfusioun suergen.

Diabetes, Arthros, Alzheimer a Schlofapnée: Hausse opgrond vum Vereelze vun der Bevëlkerung

Déi ierféierend Lëscht vun de klammende Krankheeten ëmfaasst eng Rei Krankheeten, déi eendeiteg mat der Iwweralterung vun der Weltbevëlkerung an der weltwäiter Epidemie vun der Obesitéit a Verbindung bruecht kënne ginn. Mechanesch gesinn, ëmsou méi al a fettleibeg d'Mënsche sinn, ëmsou méi grouss ass d'Prevalenz vun dëse Krankheeten.

1/ Arthros, Hausse vun 113 % amplaz vu 449 %

Am Joer 2019 hunn der WHO no (Archiv) weltwäit ronn 528 Millioune Mënsche mat Arthros  gelieft, déi heefegste verbreet Gelenkerkrankung, déi zu Knorpelzerstéierung féiert. Dat ass eng Hausse ëm 113 % géintiwwer dem Joer 1990 an net ëm 449 %, wéi déi ierféierend Publikatioune behaapten.

D'WHO prognostizéiert, dass d'Prevalenz vun Arthros "opgrond vun der Iwweralterung vun der Bevëlkerung an d'Zouhuele vun Obesitéit a Kierperverletzunge weltwäit weider zouhuele wäert".

Den RMR-Impfstoff ka kuerzleefeg arthritis-änlech Symptomer ausléisen, wéi Péng am Gelenk a Versteifung fir een oder zwee Deeg, Symptomer, déi dacks mat deene vun Arthros verwiesselt ginn, "awer dës Zort vu Reaktioun ass seelen" a vu kuerzer Dauer, sou d'Canadian Arthritis Society (Archiv).

No Covid-Impfunge mat mRNA-Impfstoffer gouf iwwer Fäll vu rheumatoider Arthritis bericht, enger Erkrankung, déi sech vun Arthros ënnerscheet an zu enger Feelfunktioun vum Immunsystem féiert, awer bis elo konnt kee kausalen Zesummenhang nogewise ginn.

2/ Schlofapnée, wäitgoend ënnerdiagnostizéiert an alters- a gewiichtsofhängeg

Schlofapnée ass en heefegt Syndrom bei eeleren an iwwergewiichtege Mënschen. Och als obstruktiivt Schlofapnée-Hypopnée-Syndrom oder SAHOS bezeechent, "manifestéiert et sech a widderhuelten an onkontrolléierten Ënnerbriechunge vun der Ootmung wärend dem Schlof", sou den INSERM (Archiv).

RTL

© AFP

Déi weltwäit Donnéeën iwwer Schlofapnée weisen immens vill Lücken op a sinn onzouverlässeg, well Schlofapnée staark ënnerdiagnostizéiert ass. Dës Etüd aus dem Joer 1997 (Archiv) huet geschat, dass iwwer 80 Prozent vun de Patiente mat Schlofapnée net diagnostizéiert goufen.

Och wa keen Zesummenhang tëscht Impfungen a Schlofapnée festgestallt gouf, ka Covid schwéier Schlofstéierungen ausléisen, besonnesch bei Long Covid (Archiv).

3/ D'Alzheimer-Krankheet hëlt opgrond vun dem globale Vereelze staark zou

Weltwäit sinn aktuell schätzungsweis 44 Millioune Mënschen un Alzheimer erkrankt. Der WHO no huet sech dës Zuel zënter den 1990er-Jore méi wéi verduebelt, ass awer net ëm 299 Prozent geklommen. D'Gesondheetsagencë ginn dovun aus, dass sech d'Zuel vun den Erkrankten opgrond vun der Iwweralterung vun der Bevëlkerung all 20 Joer bal verduebele wäert.

D'Ursaach vun der Alzheimer-Krankheet ass bekannt: eng anormal Unheefung vu Proteinnen am Gehier, de Beta-Amyloid-Protein an den Tau-Protein. Dës Usammlunge forméieren déi zwou fir dës Erkrankung charakteristesch Gehierläsiounen: d'Amyloid-Placken.

Nieft dem Alter goufen ongeféier 40 geneetesch Risikofacteuren identifizéiert, dorënner Blutthéichdrock, Diabetes, Fëmmen, Obesitéit a Beweegungsmangel.

Eng Rei vun epidemiologeschen Etüden (Archiv) hu gewisen, dass Impfunge géint Tetanus, Longenentzündungen oder Gürtelrous den Alzheimer-Risiko senke kënnen.

4/ Diabetes an Hypothyreos klamme mam Alter a mam Iwwergewiicht

Eng weider Krankheet op der Lëscht, déi mam Alter a mam Iwwergewiicht zouhëlt: Hypothyreos, déi sech duerch e Mangel u Sekretioun vu Schilddrüsenhormoner definéiert.

D'Prevalenz fir Diabetes ass vun 3,2 Prozent am Joer 1990 op 6,1 Prozent am Joer 2021 geklommen. Dat ass eng Hausse vun 90 Prozent an net vun 305 Prozent, wéi et an den ierféierende Publikatiounen heescht.

Eng weider Hausse ass zum Deel op d'Iwweralterung vun der Bevëlkerung zeréckzeféieren, well d'Prevalenz vun Diabetes mat méi héijem Alter zouhëlt an tëscht 70 a 85 Joer hiren Héichpunkt erreecht.

Eng weider Hausse, déi op déi klammend Obesitéit op der Welt zeréckgeet, ass an de meeschte Fäll Diabetes Typ 2, deen haaptsächlech mam Liewensstil zesummenhänkt: Iwwergewiicht, Beweegungsmangel, Blutthéichdrock bei Patienten, déi geneetesch predisposéiert sinn.

Et gëtt Rumeuren, no deene Fäll vun Diabetes Typ 1, enger Autoimmunkrankheet, op Impfungen zeréckzeféiere sinn, a vill Etüden hunn erginn, dass et keen Zesummenhang tëscht Impfunge bei Kanner an Diabetes gëtt (Archiv).

Eng weider Autoimmunerkrankung, déi an der Lëscht, déi an de Sozialen Netzwierker publizéiert gouf, opgeféiert gëtt, ass Lupus, dee sech a verschiddene Symptomer wéi Hautausschlag oder Péng äussert, déi verschidden Organer betreffen (Haut, Gelenker, ...).

Der franséischer Académie de médecine no (Archiv) ass d'Epidemiologie "vu Gebitt zu Gebitt ganz ënnerschiddlech", well d'Prevalenz vu Land zu Land "tëscht 4 bis 178 op 100.000  Awunner" schwankt, wat virun allem op Ëmweltfacteuren, déi d'Optriede begënschtegen, awer och op ënnerschiddlech Mesuren zeréckzeféieren ass. Et schéngt dohier ganz schwiereg ze wëssen, ob d'Prevalenz zougeholl huet, entgéint de Behaaptunge vun den ierféierende Publikatiounen.

D'Zöliakie-Krankheet, eng Hausse vun de Fäll opgrond vu bessere Kenntnisser

Och d'Zöliakie, eng Glutenintoleranz, huet an de leschten 30 Joer staark zougeholl, "vun 2-3 op 9 oder souguer 13 nei Fäll pro 100.000 Awunner a pro Joer", sou d'Association française de formation médicale continue en hépato-gastro-entérologie (archive). Dës Hausse ass awer manner spektakulär wéi déi 1.111 Prozent vun der Lëscht, déi am Internet am Ëmlaf ass.

"Dës Hausse vun der Inzidenz am Laf vun der Zäit spigelt warscheinlech éischter d'Erkennung vun atypesche a stëlle Formen duerch serologesch Tester erëm", sou d'Associatioun. Zöliakie gëtt duerch d'Consommatioun vu Gluten bei Persoune mat enger Predispositioun fir Intoleranzen induzéiert, an et gouf kee kausalen Zesummenhang tëscht der Impfung an hirem Optrieden nogewisen.

Am Géigendeel, de Vaccin géint de Rotavirus (Archiv) kéint enger finnescher Etüd no de Risiko fir Zöliakie reduzéieren.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.