Am Joer 2021 huet d'Europäesch Kommissioun Recommandatioune fir hir Mataarbechter erausginn, déi d'Benotze vun enger integrativer Sprooch in der offizieller Kommunikatioun fërdere soll. Ugesiichts den negative Reaktiounen an de Medien an an de sozialen Netzwierker an diverse Sproochen, wou de Message falsch vermëttelt gouf, huet se dës awer séier zeréckgezunn. Zwee Joer méi spéit behaapten Internetnotzer op en Neits, dass "d'Europäesch Unioun d'Wuert 'Chrëschtdag' oder Virnimm wéi Maria als diskriminéierend ugesäit" a se souguer verbidde wëll.

"D'Chrëschtentum an déi traditionell Wäerter ginn an der EU weider zerstéiert. D'Kommissioun fir d'Gläichstellung vun de Geschlechter vun der Europäescher Unioun consideréiert d'Wuert 'Chrëschtdag' oder Virnimm wéi Maria als diskriminéierend", heescht et an enger Publikatioun op X.

"D'EU ass der Usiicht, dass 'Chrëschtdag' a 'Maria' diskriminéierend Wierder sinn, déi aus eisem Vocabulaire gestrach sollte ginn", mengt eng aner Publikatioun an dem selwechte sozialen Netzwierk. D'EU-Kommissärin fir Gläichstellung, d'Helena Dalli "wëll ënner anerem Nimm wéi Chrëschtdag oder Maria verbidden!... Egal, wat een iwwer dës Nimm denkt, et ass just de Fakt, dass ee se verbidde wëll, déi meng Neuronen aktivéiert", seet en drëtten.

Zënter Ufank Dezember sinn dës Behaaptungen an de sozialen Netzwierker am Ëmlaf (1, 2, 3), souwuel op Franséisch wéi och op Polnesch, Englesch, Kroatesch an Ungaresch.

RTL

© AFP

Déi meescht vun dëse Publikatiounen deelen och e Screenshot vun engem Artikel vun der Berliner Zeitung, eng regional Dageszeitung, mam Titel "Den EU-Guide consideréiert Chrëschtdag a Maria als diskriminéierend" (Link hei archivéiert).

RTL

© AFP

Mee opgepasst, dësen Artikel gouf den 1. Dezember 2021 verëffentlecht an déi Behaaptungen, déi sech doraus erginn hunn, baséieren op enger Verzerrung vun den deemools verëffentlechte Recommandatioune vun der Europäescher Kommissioun.

Dës falsch Behaaptungen waren iwwregens schonn am Dezember 2021 am Ëmlaf a ware Géigestand vun engem AFP-Faktencheck (op Bosnesch).

Sou hat d'Dokument, dat an der Berliner Zeitung zitéiert gouf, net virgesinn, d'Benotze vum Wuert "Chrëschtdag" ze verbidden, mee huet eng Alternativ fir d'Silvesterfeierdeeg recommandéiert, fir d'Villfalt vun de Mënschen, déi an der Europäescher Unioun liewen, erëmzeginn.

D'Persoun op der Foto, déi am Artikel ze gesinn ass an déi an diverse Publikatiounen ernimmt gëtt, ass d'Helena Dalli (Link hei archivéiert),  EU-Kommissarin fir Gläichstellung, där hir Amtszäit 2024 ausleeft.

D'Foto gouf den 20. Oktober 2021 vun engem AFP-Journalist (Link hei archivéiert) wärend enger Debatt iwwer d'Hausse vu Rietsextremismus a Rassismus an Europa an enger Plenarsëtzung vum Europäesche Parlament zu Stroossbuerg gemaach.

RTL

© AFP

De 26. Oktober 2021 hat d'Helena Dalli d'Publikatioun vun engem Guide fir d'Fërderung vun enger integrativer Kommunikatioun bannent der Europäescher Kommissioun ugekënnegt. Dëst Dokument gouf awer e puer Deeg méi spéit, den 30. November, opgrond vu Kontroversen, déi duerch déi ierféierend Behaaptung ausgeléist goufen, dass d'EU mat dësem Dokument "d'Benotze vum Wuert 'Chrëschtdag' verbidde" géif, zeréckgezunn (Link hei archivéiert).

Wat waren d'Recommandatiounen?


Am Joer 2021 krut d'AFP en Exemplaire vum vun der Europäescher Unioun verëffentlechten Dokument mam Titel "#EqualityEqualities Richtlinne vun der Europäescher Kommissioun fir inklusiv Kommunikatioun".

An der Aleedung vum Dokument housch et, dass d'Zil dora bestéing, "gemeinsam Standarde fir eng integrativ Kommunikatioun festzeleeën an alle Kolleegen aus der EU-Kommissioun praktesch Beispiller a Rotschléi ze ginn".

"D'Recommandatiounen, déi an dësem Dokument enthale sinn, kënne fir d'Entwécklung vun allen Zorte vu Kommunikatiounsmëttel nëtzlech sinn, och fir d'Press (Pressecommuniquéen a Froen an Äntwerten), Informatiounsinhalter an Infografiken, Publikatioune fir sozial Netzwierker, Schoulungsmaterial a Presentatiounen, Medie fir intern Kommunikatioun, Rieden a Briefingen", heescht et weider.

D'Dokument huet sech also net un d'Memberstaaten, Politiker oder an der Europäescher Unioun liewend Persoune geriicht, mee huet just eng Rei vu Recommandatioune fir d'Aart a Weis enthalen, wéi d'Personal am Numm vun der Kommissioun kommunizéiere sollten.

Dës Uweisunge fir den interne Gebrauch "war iwwerhaapt kee verbindlecht Dokument, mee eng Kommunikatiounsrecommandatioun", hat de Spriecher vun der Kommissioun, den Eric Mamer, der AFP 2021 confirméiert (Link hei archivéiert).

Dëst Dokument huet eng Rei vu "Reegelen" enthalen, "déi bei der Kommunikatioun am Numm vun der Kommissioun ëmmer ze beuechte sinn", wéi "keng Diskussiounsronn mat just engem representéierte Geschlecht ze organiséieren", "keng sexuell Orientéierung vun iergendengem ze presuméieren", "net (d'Wuert) 'Mademoiselle' oder 'Madame' fir déi Persoun ze benotzen, un déi ee sech adresséiert".

RTL

© AFP

D'Benotze vum Wuert "Chrëschtdag" gëtt op der Säit 119 am Abschnitt "cultures, modes de vie ou croyances" erwäänt, verbitt se awer net.

De Guide recommandéiert de Mataarbechter just, "sech bewosst ze sinn, dass d'Mënschen ënnerschiddlech reliéis Traditiounen an Zäitpläng hunn" an an dësem Sënn Formuléierunge wéi "d'Vakanzenzäit ka stresseg sinn" amplaz "d'Chrëschtzäit ka stresseg sinn" ze bevirdeelegen.

RTL

© AFP

D'Behaaptung, d'EU géif d'Benotze vu chrëschtlechen Nimm wéi "Maria" verbidden, ass e Mëssverständnes, dat op en Iwwersetzungsproblem zeréckzeféieren ass.

Am Engleschen ass de Begrëff "Christian name" oder "Dafnumm" e vereelzt Wuert fir "Virnumm" vun engem Kand. De Guide huet dohier just recommandéiert, de Begrëff "Dafnumm" ze vermeiden an amplaz aner Begrëffer wéi "Virnumm oder Familljennumm" ze benotzen.

Am Kader vu Beispiller oder Erzielungen huet d'Dokument och recommandéiert, "net just Nimm mat reliéiser Konsonanz ze benotzen", mee ze variéieren, fir d'Villfalt erëmzespigelen, ouni dës ze verbidden.

An dësem Sënn huet d'EU-Kommissärin Helena Dalli am Dezember 2020, 2021 an 2022 ëffentlech schéi Chrëschtdeeg op der Plattform X gewënscht an och zu anere reliéise Feiere wéi dem Ramadan oder Chanukka gewënscht.

Mat Bléck op d'Europawalen 2024 ass d'EU ëmmer nees Zil vun Desinformatioun. D'AFP huet beispillsweis scho Behaaptungen iwwerpréift, no deenen d'EU-Parlament d'"Veto-Recht" vun de Länner ofgeschaaft hätt, d'EU-Kommissioun un engem Gesetz schaffe géif, fir d'Autoe vun de Bierger ze entsuergen oder Kéi d'Droe vu Masken imposéiert hätt.

D'Benotze vum Begrëff "Chrëschtdag" ass och dacks eng Quell fir Feelinformatiounen, wéi hei, wou Publikatioune behaapten, "schéi Chrëschtdeeg" wär vun der ëmweltfrëndlecher Buergermeeschtesch vu Besançon verbuede ginn, oder neierdéngs hei, wou en Audio, dee mat kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf, den Androck opkomme léisst, den Emmanuel Macron géif ukënnegen, Chrëschtdag géif net méi geféiert ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.