Sougenannt "sin bins", oder temporär Ausschlëss vu Spiller wéinst onsportlechem Verhalen, ginn am englesche Futtball op Amateur- a Jugendniveau zënter enger Rei Jore getest.

D'Verréckele vun der Entscheedung an déi doraus resultéierend Verwirrung huet eng Rëtsch Notzer vu Soziale Medien dozou bruecht, iwwerstierzt ze behaapten, déi nei Blo Kaarte géifen definitiv kommen a géife vun dësem Mount un an de Profi-Ligen agefouert ginn, och op héchstem Niveau. D'FIFA huet an der Tëschenzäit kloergestallt, dass déi proposéiert Tester op enger Sëtzung am Mäerz offiziell diskutéiert ginn an, wann et gréng Luucht gëtt, just an ënneschte Ligen an net an den héchste Kompetitioune wéi an der Premier League wäerten agefouert ginn.

RTL

© AFP

De Bäitrag huet zënterhier méi wéi 1.200 Likes kritt. Déi selwecht Behaaptung gouf och vun anere Säiten op Facebook gedeelt (hei an hei).

D'Noriicht huet ugefaangen ze zirkuléieren, nodeem international Sportmedien, dorënner de brittesche "Mirror", den 8. Februar 2024 gemellt haten, dass d'IFAB kuerz virdru wär, d'Aféierung vu Bloe Kaarten unzekënnegen, wat eng 10-Minutten-Zäitstrof fir Spiller bei bestëmmte Fouls bedeite géif (hei archivéiert).

Wat ass eng Blo Kaart?

Am Moment benotze Futtballarbittere Giel Kaarten als Verwarnung fir Feelverhalen oder Fouls a Rout Kaarten, fir e Spiller fir de Rescht vum Match zum Terrain ze schécken.

Am Zäitstrofen-Zenario (Englesch sin-bin scenario) muss e Spiller, deen eng blo Kaart kritt, den Terrain verloossen a sech 10 Minutte laang an engem Beräich ophalen, deen dofir virgesinn ass.

D'Reegel ziilt dorop of, d'Verhalen op dem Spillfeld an dat fairt Spill ze verbesseren.

Den englesche Futtball op Amateurniveau test d'Blo Kaart zënter der Saison 2019/20 (hei archivéiert).

D'Managere vu Spëtzenekippen aus der Premier League wéi Liverpool an Arsenal stinn dem neien Zäitstrof-Usaz skeptesch géintiwwer (hei archivéiert).

Konfusioun wéinst Quellen

Am November 2023 hat den IFAB op senger Internetsäit ugekënnegt, dass "temporär Ausschlëss (Zäitstrofen) wéinst onsportlechem Verhalen a spezifeschen taktesche Verstéiss no hirer erfollegräicher Ëmsetzung am Futtball op Amateurniveau och op méi héijem Niveau ëmgesat sollte ginn. Elo solle Protokoller an e System fir d'Erprouwen entwéckelt ginn" (hei archivéiert).

Ufank Februar koumen du Medieberichter iwwer déi bevirstoend Aféierung vum System an den angeeblechen Demi-tour vum IFAB wéinst dem Widderstand vu Spëtzenekippen (hei archivéiert).

Als Reaktioun dorop huet d'FIFA e Statement erausginn, dass d'Berichter "verfréit" gewiescht wären.

"D'FIFA wëll kloerstellen, dass Berichter iwwer déi sougenannt 'Blo Kaart' op Elitten- a Profiniveau am Futtball falsch a verfréit sinn", sot déi international Futtballfederatioun den 9. Februar op sengem Kont op der Plattform X (hei archivéiert).

En huet bäigefüügt, dass "esou Tester, wa se duerchgeféiert ginn, sech op responsabel Manéier op niddregen Niveaue limitéiere sollten. Eng Positioun, déi d'FIFA" bei der Generalversammlung vun der IFAB den 1. Mäerz 2024 "bekräftege wëll".

Am Géigesaz zu enger Rëtsch Behaaptungen an de sozialen Netzwierker ass den IFAB an net d'FIFA d'Organ, dat Entscheedunge wéi d'Blo Kaart ëmsetzt oder duerchféiert. (hei archivéiert).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.