Wandenergieanlagen a Schottland lafen net "mat Diesel"

Déi brittesch Energieentreprise Scottish Power huet am Dezember 2022 sechs Dieselgeneratoren agesat, fir 71 Wandrieder, déi ausgefall waren, z'entäisen, fir d'Stroumnetz um Lafen ze halen. Bäiträg op sozialen Netzwierker hu sech dës Informatiounen zu Eege gemaach, fir se ze verzerren. Et gëtt ugeprangert, dass Diesel fir "de Betrib vun de Wandenergieanlagen" agesat géif ginn, obwuel et just ëm d'Entäise goung. Anerersäits gëtt - och fälschlecherweis - behaapt, dëst wär systematesch Praxis.
D'Publikatiounen op der Plattform X vum 9. Mäerz 2024 goufe bannent zwee Deeg vun ongeféier 200 Leit gedeelt, dorënner de Fabien Bouglé, Auteur vu Bicher iwwer Wandenergieanlagen an Atomkraaft an och Gemengeconseiller zu Versailles. Hien ass en eemolegen Ënnerstëtzer vum François Filion a steet der Beweegung "La Manif Pour Tous" no. E puer vu senge Publikatiounen, déi falsch Informatiounen iwwer Wandenergieanlagen enthalen hunn, goufe scho vun der AFP iwwerpréift. A sengem Bäitrag schreift hien: "Wandenergieanlage ginn och mat Diesel bedriwwen! De Skandal ëm fossil Energië brécht a Schottland aus...".

© AFP
Awer wéi mir gesi wäerten, ass dëst eng falsch Generaliséierung.
Aner Publikatioune verzerren d'Realitéit, andeem se den Androck opkomme loossen, dass Dieselgeneratoren fir d'Entäise vu Wandenergieanlage benotzt ginn, wa kee Wand bléist, obwuel sech erausstellt, dass den Asaz vun esou Anlagen an deem Fall, dee vun den Auteuren zitéiert gëtt, just punktuell war.
Sou heescht et an dëser Publikatioun: "Si brénge Wandrieder mat Dieselgeneratoren zum Lafen, wa keng Loft do ass, fir ze verhënneren, dass sech Äis un de Blieder vu schottesche Wandrieder forméiert". Wärenddeem bekräftegt den Olivier Babeau, Ekonomist a Matbegrënner vum liberale Think Tank "Institut Sapiens" an engem Bäitrag op X, dass "Wandenergieanlagen nach méi schlëmm si wéi bis elo ugeholl" an dass Diesel fir "d'Bekämpfung vun Äis" agesat géif ginn.
Dës Anti-Wandrad-Theorie ass am Internet an an de sozialen Netzwierker zënter enger Rei Méint am Ëmlaf. De Silvano Trotta, deen heefeg falsch Informatiounen zu ville Sujeten deelt, hat am November 2023 doriwwer bericht, dass "Dieselgeneratoren a schottesche Wandenergieanlage fonnt" gi wären.
An engem YouTube-Video, deen Enn 2023 méi wéi 52.000 Mol gekuckt gouf, huet en Internetnotzer, him no, eng "Eskrologie" ugeprangert, dass "mat Diesel bedriwwe Wandenergieanlagen" "op Héichtoure" lafen! Firwat? Firwat? Well et net genuch Wand gëtt!" Hien huet och de Fall a Schottland ernimmt, mee och e Fall an Däitschland.
Sunday Mail
D'Messagë vum Fabien Bouglé a vum Olivier Babeau verweisen op e weidere Bäitrag op X vum 9. Mäerz 2024, dee vum Kont "Wide Awake Media" publizéiert gouf, enger amerikanescher Internetsäit, déi schonn an der Vergaangenheet ierféierend Behaaptunge verbreet hat (Archiv). Dëse Kont behaapt dës Kéier, dass "de schotteschen Energiesecteur immens kritiséiert gëtt, nodeems erauskoum, dass grouss Dieselgeneratoren dofir benotzt goufen, de Fonctionnement vun Dosende Wandrieder ze assuréieren" ("Scotland's power sector came under fire after it was revealed that massive diesel generators were used to ensure dozens of giant wind turbines could function").
Dëse Bäitrag bezitt sech op en Artikel an der schottescher "Sunday Mail" vum 5. Februar 2023 mat dem Titel: "Dosende vu risegen Turbinnen a schottesch Wandparken, déi mat Dieselgeneratoren ugedriwwe ginn" ("Dozens of giant turbines at Scots windfarms powered by diesel generators" (Archiv)). An dem Artikel gëtt erkläert, dass de Grupp Scottish Power "zouginn" hätt, dass 71 Wandkraaftanlagen no engem Stroumausfall mat Diesel bedriwwe goufen, se waarm ze halen. An dem Bericht gëtt och en anonymme "Warnuruff" genannt, deem no dëse Gebrauch vu Generatoren just en Deel vun de "ville" Verstéiss vun der Entreprise géint Ëmwelt-, Gesondheets- a Sécherheetsvirschrëfte wär. Ouni weider Prezisiounen schwätzt hie vu "Kuelestoffemissioune" vu Generatoren an "Hydraulikueleg".

© AFP
"Eemolege Virgang"
Ginn d'Wandenergieanlagen a Schottland wierklech mat Diesel bedriwwen a gi bei Wandstëllstand systematesch Generatoren agesat, wéi et an de franséische Bäiträg an de sozialen Netzwierker ze liesen ass?
E Spriecher vu Scottish Power, dee vun der AFP kontaktéiert gouf, huet matgedeelt, dass "am Dezember 2022 sechs Generatoren agesat goufen, fir 71 Turbinne wärend engem Eenzelfall, deen duerch en technesche Problem am Transmissiounsnetz ausgeléist gouf, ze entäisen a waarm ze halen". "Et war en eemolege Virgang an huet e klengen Deel vun den 919 Turbinne vu Scottish Power Renewables betraff" (Archiv), huet hien an enger E-Mail vum 12. Mäerz 2024 betount ("In December 2022, six generators were used to de-ice and keep warm 71 turbines in an isolated incident caused by a technical fault on the transmission grid. This was a one-off event and a small proportion of ScottishPower Renewables’ 919 turbines, which generate clean, green energy for the UK").
D'Uschëllegunge betreffend d'Verschmotzung duerch Kuelestoff an Hydraulikueleg si komplett onbegrënnt, a mir weisen dës zeréck", huet hie bäigefüügt. ("The accusations around carbon and hydraulic oil pollution are completely unfounded and we refute those").

© AFP
Am Resumé léisst sech soen, dass hei zwar Dieselgeneratoren zum Asaz koumen, awer just bei engem Stroumausfall, fir d'Wandenergieanlagen ze entäisen. Am Géigesaz zu deem, wat eng Rëtsch Publikatiounen a sozialen Netzwierker vermudde loossen, gi se weeder systematesch fir d'Entäisen agesat, nach fir d'Bedreiwe vun de Blieder vun dësen Anlagen.
Dat confirméiert och de Régis Olivès, Direkter vun der Ecole d'ingénieurs Sup'EnR zu Perpignan, déi sech mat Energietechnik an erneierbaren Energië befaasst.
"An dëse Regioune besteet en héije Risiko fir Frascht. Fir d'Entäise ka Stroum néideg sinn. Heiansdo ass et och noutwenneg, Stroum ze benotzen, fir d'Gondel an d'Richtung vum Wand nei auszeriichten, fir en Neistart vun der Wandenergieanlag ze erméiglechen. Generell gëtt da fir dës 'liewenswichteg Funktioune' Stroum aus dem Netz genotzt", huet hien den 11. Mäerz 2024 an enger E-Mail un d'AFP erkläert.
Sou ginn "d'Dieselaggregater just dann a Betrib geholl, wann d'Netz fir d'Entäisen ënnerbrach gëtt", an "et huet kee Sënn, se fir d'Produktioun vu Stroum ze notzen, deen an d'Netz agespeist gëtt, an och net fir Bedreiwe vun de Wandrieder. A béide Fäll géif dat de Bedreiwer deier ze stoe kommen!", huet den Olivès ënnerstrach.
Bommen aus dem Zweete Weltkrich
Och de Fall aus dem uewen ernimmte YouTube-Video vu Wandenergieanlagen, "déi haut (...) an Däitschland mat Diesel bedriwwe ginn", ass eng Extrapolatioun vun enger Informatioun, déi tatsächlech méi wéi 10 Joer hier zeréckläit.
Eng Internetrecherche erméiglecht et, Presseartikelen iwwer e Fall an Däitschland ze fannen, ënner anerem an der däitscher "Bild" (Archiv) an am franséische "Figaro" (Archiv).
Awer dat war am Summer 2013, a beim Liese vum Figaro-Artikel stellt ee fest, dass et sech och hei ëm e ganz speziellen an eenzegaartege Problem gehandelt huet: Mat der Entdeckung vu Bommen aus dem Zweete Weltkrich um Mieresbuedem huet sech den Netzuschloss an domat d'Erweiderung vum Offshore-Park Riffgat an der Nordséi verzögert. Dohier hunn Aggregater fir d'Stroumproduktioun agesat musse ginn, fir sécherzestellen, dass se a guddem Zoustand blouwen, bis den Uschloss ofgeschloss war.

© AFP
D'AFP huet an der Vergaangenheet eng Rëtsch Desinformatiounen iwwer Wandenergieanlagen iwwerpréift (hei oder hei).
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
