Dësen SS-Generol ass net den Urgrousspapp vun der EU-Kommissiounspresidentin

A bulgaresche sozialen Netzwierker gouf behaapt, dass den héichrangegen SS-Generol Carl Albrecht Oberg den Urgrousspapp vun der Ursula von der Leyen, déi aktuell EU-Kommissiounspresidentin, hirem Papp gewiescht wär.
Albrecht war ausserdeem den zweete Virnumm vum Oberg an net säi Familljennumm. Aus den Archiven, déi d'AFP duerchsicht huet, geet ervir, dass den Urgrousspapp vun der Ursula von der Leyen (vun der Säit vun hirem Papp) Friedrich Carl Albrecht - e Commerçant aus Bremen - housch.
Fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun der Europäescher Kommissioun gouf mat der Ursula von der Leyen am Juli 2019 eng Fra zur Presidentin gewielt. De 7. Mäerz 2024 gouf si vun der Europäescher Vollekspartei (EVP) fir eng zweet Amtszäit als EU-Kommissiounspresidentin nominéiert.
"Wann s du dat nach net wousst, dat ass den Urgrousspapp vun der Ursula von der Leyen. De Karl Albrecht Oberg, Nazi, SS-Generol, Urgrousspapp vun der Ursula Albrecht von der Leyen hirem Papp..." sou e Facebook-Bäitrag vum 1. Februar 2024. En aneren identesche Bäitrag vum 18. Februar 2024 gouf iwwer 900 Mol gedeelt. Dem Oberg säi Gesiicht ass an dem Bäitrag rout agekreest.

© AFP
Wie war de Friedrich Carl Albrecht, den tatsächlechen Urgrousspapp vum Ursula von der Leyen?
Fir méi iwwer d'Ofstamung vun der von der Leyen erauszefannen, huet d'AFP de 6. Mäerz 2024 eng Recherche an der Österreichischen Nationalbibliothek duerchgeféiert. Dofir gouf d'Deutsche Geschlechterbuch, e genealogescht Handbuch mat Lëschte vu Stammbeem a Familljewopen, consultéiert.Op der Säit 45, Band 187 - deen dem Land Niedersachsen gewidmet ass an 1982 verëffentlecht gouf - fënnt een de Familljennumm Albrecht an ënner drëttens d'Ursula Gertrud, gebuer den 8. Oktober 1958.

© AFP
Och op dëser Säit fënnt een de Papp vun der Ursula Gertrud von der Leyen, den Ernst Carl Julius Albrecht (1930-2014), dee vun 1976 bis 1990 Ministerpresident vun Niedersachsen war.
Op der Säit 43 liest een iwwer deem säi Papp, also de Grousspapp vun der von der Leyen: Carl Eduard Albrecht (1902-1965), Dokter a Psycholog. Dëse gouf 1902 gebuer - zu dësem Zäitpunkt war de spéideren SS-Obergruppenführer Oberg fënnef Joer al.

© AFP
Op der Säit 42 fënnt ee schlussendlech den Numm vum Grousspapp vun der von der Leyen: Friederich Carl Albrecht (1875-1952), "Commerçant a Gerant vun der Firma 'Friedrich Carl Albrecht'".
D'AFP huet dës biographesch Donnéeën och a fréiere Versioune vum Deutschen Geschlechterbuch iwwerpréift, wéi zum Beispill an der Editioun vun 1910. Hei kann een och erkennen, dass de Friedrich Carl Albrecht de Papp vum Carl Eduard Albrecht war.

© AFP
Wie war den SS-Obergruppenführer Carl Albrecht Oberg?

© AFP
De Carl Albrecht Oberg gouf de 27. Januar 1897 zu Hamburg gebuer. Schonn Ufank Juli 1932 gouf hie Member vun der NSDAP an 1932 vun der SS. Schonn am September 1933 gouf hien SS-Obersturmführer. Vum Mee 1942 u war hien "höherer SS- und Polizeiführer im Bereich des Militärbefehlshabers a Frankräich" a gouf vun der Bevëlkerung "Schlechter vu Paräis " genannt.
1944 gouf hien SS-Obergruppenführer a Generol vun der Police souwéi 1945 Generol vun der Waffen-SS. No Krichsenn gouf den Oberg 1945 an Éisträich gefaange geholl, zweemol zum Doud verurteelt, schliisslech awer dach begnodegt. Hien ass den 3. Juni 1965 an der norddäitscher Stad Flensburg gestuerwen, wou sech nom Enn vum Zweete Weltkrich vill Nazi-Granden néiergelooss an onbehellegt - an deelweis mat enger neier Identitéit - weidergelieft hunn.
Déi falsch Behaaptungen iwwer der von der Leyen hiren Urgrousspapp goufen och an aneren Artikelen iwwerpréift (hei, hei an hei).
Falsch Narrativer, an deene behaapt gëtt, d'Virfare vu Persounen, déi an der Ëffentlechkeet stinn, wären héichrangeg Nazie gewiescht, si wäit verbreet. Hei huet d'AFP beispillsweis eng falsch Behaaptung iwwer de Papp vum Grënner vum Weltwirtschaftsforum iwwerpréift.
Fazit: Den SS-Generol Carl Albrecht Oberg huet keng Verbindung mat der Ursula von der Leyen. Dës housch virun hirem Bestietnis Ursula Albrecht - dat huet awer näischt mat dem zweete Virnumm vum Oberg ze dinn. Den Urgrousspapp vun der von der Leyen war de Friedrich Carl Albrecht, e Kafmann vu Bremen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
