Bau vu Wandrieder a Frankräich bleift erlaabt

A Frankräich huet dat iewescht Verwaltungsgeriicht en Urteel, dat d'Wandrieder betrëfft, gesprach. Eng Rei däitsch Internetbloggs verbreeden an Artikelen d'Behaaptung, doduerch géife Wandenergieanlagen a Frankräich elo illegal sinn. Dës Desinformatioun gëtt och vun enger Rëtsch AfD-Politikerinnen a -Politiker gedeelt.
"Krank duerch Infraschall: Frankräich stoppt de Wandrad-Onsënn!", schreift déi AfD-no Publikatioun "Deutschland-Kurier" an engem Bäitrag op Facebook vun Enn Mäerz 2024. E gouf iwwer 900 Mol gedeelt. Och de Magasinn "Tichys Einblick" huet en Artikel op Facebook gepost a schreift dozou: "An enger sensationeller Entscheedung goufen a Frankräich sämtlech Geneemegunge fir Wandrieder opgehuewen." E privaten Notzer vun der Plattform huet geschriwwen: "A Frankräich dierfe keng nei Wandrieder méi gebaut ginn."

© AFP
Besonnesch eng Partei stécht mat der Verbreedung vum angeebleche Wandrieder-Verbuet ervir: eng Rei Konte vun AfD-Politikerinnen a -Politiker a Fraktiounen deele Bäiträg mat der dëser Behaaptung. E Post vun der AfD-Landtagsfraktioun a Sachsen gouf iwwer 600 Mol gedeelt, de Bäitrag vum energiepolitesche Spriecher vum nordrhein-westfälesche Landtagsdeputéierte Christian Loose gouf bal 100 Mol weider gedeelt. De Rainer Balzer, Landtagsdeputéierten a Baden-Württemberg, bezilt souguer fir säi Post op Facebook an erreecht domat, der Reklammebibliothéik vu Meta no, op d'mannst 100.000 Notzerinnen an Notzer:

© AFP
Den Toun vun den Artikelen a Bäiträg: Huele mir eis e Beispill u Frankräich, wou Wandenergie net méi ënnerstëtzt gëtt. D'Behaaptung, Frankräich hätt Wandrieder fir illegal erkläert, ass awer ierféierend.
D'Artikele vun Internetbloggs an Online-Publikatioune wéi "Tichys Einblick", "Deutschland-Kurier", "Weltwoche", "Nius" a "Wallstreet online", vun deenen e puer schonn duerch d'Verbreedung vun Desinformatiounen opgefall sinn, bezéie sech op en Urteel vum Conseil d'État, dem ieweschte Verwaltungsgeriicht a Frankräich, vum 8. Mäerz 2024.
Klo géint Entscheedunge vun 2021
Virdrun hat d'Beweegung Fédération Environnement Durable zesumme mat 15 weideren Anti-Wandkraaft-Zesummeschlëss géint zwou Entscheedunge vum Dezember 2021 iwwer Wandenergieanlage geklot. Hir Kritik hat sech virun allem géint déi nei Reglementer fir d'Moosse vu Kaméidi an engem Protokoll geriicht, op deen d'Entscheedunge verweisen an dee vum zoustännege Ministère geneemegt gouf. D'Beweegungen haten ugefrot, dass d'Entscheedungen zeréckgeholl géifen.Nom Urteel vum Verfaassungsgeriicht huet d'Fédération Environnement Durable e Communiqué op hirer Internetsäit verëffentlecht, an deem et heescht, d'Verwaltungsgeriicht hätt "eng historesch Entscheedung" getraff, "andeem et d'Geneemegunge fir Onshore-Wandenergieanlagen an d'Reegele fir d'Erneiere vu Wandparke fir rechtswiddereg erkläert huet".
Geriichtsurteel zu Wandrieder betrëfft Formfeeler
De Jules Nyssen, President vun der Gewerkschaft fir erneierbar Energien a Frankräich, huet géintiwwer der AFP erkläert, d'Urteel géif d'Geneemegungen "opgrond vun engem Formfeeler beim Akzeptéiere vum Protokoll fir d'Miessung vun akusteschen Auswierkunge vun engem Onshore-Wandpark" ophiewen, dee Géigestand vun enger viregter ëffentlecher Unhéierung hätt misse sinn"."Et handelt sech dohier net ëm eng Decisioun an der Saach selwer, a se sanktionéiert kenges Falls d'Konformitéit vun der Method, déi an dësem Protokoll genotzt gëtt", huet hien a senger E-Mail vum 4. Abrëll 2024 weider ausgefouert. Mat dem Urteel huet d'Verfassungsgeriicht also weeder d'Method, fir de Kaméidi ze moossen, ugefecht, wéi se am Protokoll festgeschriwwen ass, nach gi Geneemegunge fir d'Wandenergieanlagen entzunn.
Dat confirméiert den Arnaud Gossement, spezialiséierten Affekot fir Ëmweltrecht vu Paräis. "De Protokoll iwwer d'Bewäertung vun der Lärmbelästegung gëtt net kritiséiert - dat iewescht Verwaltungsgeriicht seet just, dass et e Feeler an der Prozedur gëtt", huet hien an enger E-Mail vum 4. Abrëll 2024 géintiwwer der AFP erkläert. Dëse géif duerch eng ëffentlech Unhéierung berengegt ginn.
Wandparke kënne weider bedriwwe ginn
Bestoend Wandparke wären duerch dëst Urteel vum 8. Mäerz 2024 net betraff. "Dass d'Bestëmmunge fir nichteg erkläert goufen, bedeit net automatesch, dass d'Geneemegunge fir déi eenzel Parken a Fro gestallt ginn", huet de Gossement erkläert. Am Fall vun zukünftegen Ëmweltgeneemegunge fir Wandrieder géif de Préfet, also de Vertrieder vum franséische Staat op lokalem Niveau, d'Neifaassung vum Arrêté ofwaarden.Och den aktuelle Betrib vun Anlage wär net vum Urteel betraff: "Et gëtt keng Wandparken, déi opgrond vun dëser Entscheedung vum ieweschte Verwaltungsgeriicht hir Vitess erofschrauwe géifen. Et handelt sech just ëm e Berengege vum nationalen Arrêté", sou den Affekot.
Bis den zoustännege Ministère de Formfeeler korrigéiert huet, entsteet awer kee Vakuum, wat d'Reglementer iwwer d'Moosse vum Kaméidi betrëfft. "Nodeems de leschte Protokoll opgehuewe gouf, gëllt den alen Arrêté vum 26. August 2011", huet de franséische Sender "TF1" a sengem Bericht iwwer d'Falschmeldung erkläert. "Am Géigesaz zu deem, wat d'Verbänn soen, gëtt et keng Gesetzeslück", zitéiert de Sender de Matthias Vandenbulcke, Direkter fir Strategie vum féierende Verband fir erneierbar Energië France Renouvelables. "Mir hu wuel en Text, deen applizéiert gëtt, an deen et erméiglecht, dass d'Projete weiderlafe kënnen."
Den alen Arrêté setzt dem Sender no déi selwecht Limitte wéi dee vun 2021: Am Dag däerf d'Differenz tëschent dem Kaméidi an der Ëmgéigend mat Wandenergieanlagen an dem Kaméidi an der Ëmgéigend ouni Wandrieder fënnef Dezibel sinn, an der Nuecht dräi Dezibel. Dem Gewerkschaftspresident Nyssen no wären esou maximal 35 Dezibel erlaabt. "Dës Schallpeegele si representativ fir roueg, schlofzëmmeränlech Ëmgéigenden", huet hien erkläert an och ervirgehuewen, "dass déi franséisch Virschrëften zu de strengste gehéieren, wat d'Reguléiere vu Kaméidi vu Wandenergieanlage betrëfft". Vun der Weltgesondheetsorganisatioun a franséischen Agencë géif en Héchstwäert vu 40 Dezibel recommandéiert ginn - d'Grenzwäerter a Bezuch op Wandrieder leien also nach drënner.
No der Atomenergie mat 67 Prozent am Joer 2023 ass d'Onshore-Wandenergie mat wäitem Ofstand den zweetwichtegsten Energieträger an der franséischer Stroumproduktioun: 9,9 Prozent vun der Energie goufen 2023 duerch Wandenergieanlagen am Land hiergestallt. D'Tendenz weist no uewen: 2022 waren et nach 8,6 Prozent, am Joer virdru 6,9 Prozent.
Fazit: Frankräich huet Wandrieder net fir illegal erkläert. Och de Betrib vu bestoenden Anlage bleift erlaabt. Däitsch Internetbloggs hunn en Urteel vum ieweschte Verwaltungsgeriicht iwwer Lärmschutz ierféierend ausgeluecht. Experten hunn erkläert, dass sech d'Decisioun vum Geriicht just op e Formfeeler bezitt. Bis dëse korrigéiert ass, gëllt dat viregt Reglement vun 2011.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
