D'Ursaache vu Kriibs si villfälteg an deelweis nach onkloer. Coronaimpfunge gehéieren awer - anescht wéi vum US-Patholog Ryan Cole behaapt - net dozou. Expertinnen an Experten no gëtt et keng Indicen op en Zesummenhang tëschent der Coronaimpfung an enger resultéierender Hausse vu Kriibsfäll.

Nodeems engleschsproocheg Säiten d'Behaaptung opgegraff haten, hat och d'Zeitung "Wochenblick", déi schonn dacks duerch Falschinformatiounen opgefall ass, deemools geschriwwen: "mRNA-Impfunge schwächen Immunsystem. Schock: Patholog stellt 20-fach Hausse vu Kriibs bei Geimpfte fest". E Screenshot vun der Iwwerschrëft verbreet sech aktuell op en Neits zu Honnerten op enger Rei Internetplattformen, zum Beispill op Facebook und X. "Dat war ze erwaarden a gouf vum Bhakdi & Co. genee esou virausgesot! Awer dat konnt een deemools natierlech net wëssen, well een d'Kritiker a Skeptiker diffaméiert a monddout gemaach hat", huet en Notzer Mëtt Abrëll 2024 op Facebook geschriwwen.

RTL

© AFP

Den US-amerikanesche Patholog Ryan Cole huet an der Vergaangenheet e puermol Falschbehaaptungen am Zesummenhang mat der Coronaimpfung gemaach. D'AFP huet dës iwwerpréift (z.B. hei an hei). Zënter op d'mannst 2021 stellt de Cole fälschlecherweis en Zesummenhang mat der Coronaimpfung a Kriibs hier. D'AFP huet schonn eng Rei Behaaptungen doriwwer widderluecht (z.B. hei an hei).

De Cole ass Dermatopatholog aus dem US-Bundesstaat Idaho. Hie war schonn an der Vergaangenheet Géigestand vun enger Rei Reklamatioune bei der zoustänneger Agence fir d'Zouloosse vu Medikamenter, der Washington Medical Commission, ënner anerem vun zwee Patienten, bei deenen hie fälschlecherweis Kriibs diagnostizéiert hat. Medieberichter vum Januar 2024 no gouf dem Cole seng medezinesch Zouloossung am Bundesstaat Washington ageschränkt. Staatlech Agencë fir d'Observatioun sinn zur Konklusioun komm, dass de Cole wëssentlech Falschinformatiounen iwwer Covid-19 verbreet hätt. Géint medezinesch Beweiser, sou de Virworf, hätt hie Coronapatiente virtuell Ivermectin verschriwwen. Dat Medikament gëtt als Mëttel géint Parasitte benotzt. Säin Asaz bei Coronainfektioune gouf kontrovers diskutéiert.

Keng Indicen op en Zesummenhang tëschent Coronaimpfungen a Kriibs

Den Endometriumkarzinom ass och ënner dem Begrëff Uteruskarzinom bekannt a bezeechent e béisaartegen Tumor an der Gebärmutter.  Dacks gëtt och den ongeneeë Begrëff "Gebärmutterkriibs" benotzt. Der Statistik vum US-Kriibsfuerschungszenter National Cancer Institute (NIH) no ass bei den Neierkrankunge vun Uteruskarzinomen zënter ongeféier 15 Joer eng marginal Hausse ze observéieren. Am Joer 2019 gouf et pro 100.000 Persounen 29,1 Neierkrankungen, 2020 waren et 26,6 an am Joer 2021 nees 28,6. "Dës USA-wäit Statistik schwätzt also géint eng 20-fach Hausse vun de Fallzuelen no enger Covid-19-Impfung", sou den Daniel Sauter, Professer um Institut fir medezinesch Virologie an Epidemiologie fir Viruskrankheeten an der däitscher Universitéitsklinik Tübingen, an enger E-Mail vum 29. Abrëll 2024.

Den John Sweetenham, stellvertriedenden Direkter fir klinesch Ugeleeënheeten am US-amerikanesche Kriibstherapiezenter Harold C. Simmons Comprehensive Cancer Center, huet géintiwwer der AFP am Kader vun engem anere Faktencheck erkläert, dass Berichter aus dem Joer 2021 zwar eng Hausse vun neie Kriibsdiagnose weisen, d'Tauxen dobäi awer tëschent 5 a 15 Prozent leien. "Et gëtt keng Beweiser dofir, dass d'Hausse u Kriibsdiagnose mat der Covid-Impfung zesummenhänkt", huet de Sweetenham an enger E-Mail vum 6. Dezember 2022 gemengt. Hien hat bäigefüügt, dass d'Hausse och dorop zeréckzeféiere wär, dass vill Mënschen op dem Héichpunkt vun der Pandemie Kriibs-Checkuppen oder d'Opschaffe vu Symptomer erausgezögert hunn, well se Bedenken haten, an e Spidol ze goen.

Zu der konkreeter Behaaptung vum Cole, dass hien zënter Ufank vum Joer 2021 eng 20-fach Hausse bei de Fallzuele vun Endometriumkarzinomen am Verglach zum Joresduerchschnëtt observéiert hätt, huet de Sauter geschriwwen: "Entspriechend Donnéeë ginn net genannt a si menges Wëssens no och net public." Ausserdeem wär onkloer, ob sech dës Hausse just op geimpft Persoune bezitt an ob et eng gëeegent Verglachsgrupp gëtt. "Mir si keng wëssenschaftlech Etüden oder Publikatioune bekannt, déi op en Zesummenhang tëschent der Covid-19-Impfung an engem erhéichte Kriibsrisiko hiweisen."

Coronaimpfung gëtt Kriibskranke recommandéiert

Den Donnéeë vum Deutschen Krebsforschungszentrum no si Kriibspatientinnen a Kriibspatienten duerch Covid-19 besonnesch ufälleg. Eng Impfung fir kriibskrank Leit gëtt explizitt recommandéiert.

D'Ulrike Protzer, Professesch an Direktesch vum Institut fir Virologie vun der Technischen Universität München, huet an engem Message un d'AFP den 29. Abrëll 2024 op de Statement vun derStändigen Impfkommission (StiKo) zu dësem Thema verwisen. Doraus geet ervir, dass immundefizient Persoune vun all Alter e méi héije Risiko fir schwéier Krankheetsverleef hunn - dozou zielen och Kriibserkrankungen. D'StiKo réit, d'Impfung all Joer opzefrëschen.

Zum Coronavirus an der Impfung sinn zënter dem Ufank vun der Pandemie eng Rëtsch Desinformatiounen am Ëmlaf. All Faktenchecken zum Theema Covid-19 sammelt d'AFP hei. All Faktenchecken zum Theema Impfung fannt Dir hei.

Fazit: An engem Video huet den US-amerikanesche Patholog Ryan Cole behaapt, hien hätt eng 20-fach Hausse vu Gebärmutterkriibs bei Persoune festgestallt, déi sech géint de Coronavirus impfe gelooss hunn. Expertinnen an Experten no gëtt et awer keng Hiweiser op en Zesummenhang tëschent dem Vaccin a Kriibs. De Cole huet en plus schonn an der Vergaangenheet e puermol falsch Informatiounen iwwer Covid-19 verbreet.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.