E Bild, dat op soziale Plattforme gedeelt gëtt, schéngt den Donald Trump ze weisen, wéi hie vun der Police ofgefouert gëtt, nodeem eng New Yorker Jury hie wéinst Fälschung vu geschäftlechen Ënnerlage schëlleg gesprach huet.

"SCHËLLEG!" steet den 30. Mee 2024 an engem Post op Instagram an Threads.

RTL

© AFP

Eng New Yorker Jury huet de warscheinleche Kandidat vun de Republikaner fir d'amerikanesch Presidentschaftswalen den 30. Mee schëlleg gesprach, a 34 Fäll Geschäftsënnerlage gefälscht ze hunn, déi mat enger Geldiwwerweisung un de Pornostar Stormy Daniels virun de Presidentiellen 2016 a Verbindung stoung. Dës Iwwerweisung vu Suen soll dozou gedéngt hunn, fir dass d'Daniels näischt iwwer hir Relatioun mam President soe soll.

Dat eestëmmegt an historescht Urteel mécht den Trump zum éischten Ex-President, dee jeemools wéinst engem Verbrieche verurteelt gouf, an dat just e puer Méint virun de Presidentiellen am November 2024, déi hien zeréck an d'Wäisst Haus féiere kéinten.

Awer d'Bild, dat online gedeelt gëtt, weist eng Rei Unzeeche vu Fälschung op.

D'AFP huet festgestallt, dass d'Hänn, déi den Trump ënnert den Äerm paken, net zu engem bestëmmte Policebeamte gehéieren. Amplaz schénge se fräi ze schwiewen.

Den Hany Farid, en Expert fir digital Forensik op der University of California zu Berkley, sot, et géif "offensichtlech visuell Hiweiser", dass d'Bild mat Hëllef vu KI erstallt gouf, dozou gehéiert och den Policebeamte lénks vum Trump, deen zwou Policeofzeechen op sengem Hiem dréit (hei archivéiert).

De Siwei Lyu, Direkter vum Media Forensic Lab op der University of Buffalo, sot, dass aner "verréideresch Zeeche" vun dem KI-generéierte Bild déi verschidde Forme vun den Ofzeechen op den Hitt vun de Beamte sinn. Ausserdeem géif ee Polizist "onnatierlech Aen- an Nuesendetailer" opweisen (hei archivéiert).

RTL

© AFP

Béid Experten hunn och speziell Programmer benotzt, fir d'Bild fir d'AFP ze analyséieren.

De Farid sot, dass e Modell, deen dorop trainéiert ass, tëscht reellen a KI-generéierte Biller ze ënnerscheeden, "zouversiichtlech dëst Bild als KI-generéiert klassifizéiert", wärend de Lyu sot, seng eegen Erkennungsanalys wär zu der selwechter Konklusioun komm, mat enger Warscheinlechkeet vun 78 Prozent.

D'AFP konnt d'Hierkonft vum Bild net ermëttelen, eng ëmgekéiert Billersich huet net zu kredibelen Noriichtesäite gefouert. Awer et gëtt kee Mangel u KI-generéierten Inhalter op der Foto, déi virgëtt, Policebeamten ze weisen, wéi si den Trump joen, mat him kämpfen an him Handschellen uleeën.

D'AFP huet eng Rei esou Biller, déi schonn am Mäerz 2023 verbreet goufen, ënnersicht an opgedeckt.

Nodeem d'Jury hiert Urteel a sengem Prozess zu New York matgedeelt hat, koum den eemolege President aus dem Geriichtssall, huet eng Erklärung fir déi Fernseekameraen, déi gewaart hunn, ofginn an ass uschléissend als fräie Mann an en Auto geklommen, dee virun der Dier gewaart huet. Dat weisen och Opname vun diverse Fernseekameraen (hei an hei archivéiert).

Hien hat deen Dag eng unis blo Krawatt un - kee karéiert Muster wéi op dem Bild, dat online am Ëmlaf ass.

RTL

© AFP

Dem Trump seng Strof gëtt den 11. Juli annoncéiert. Hie kéint bis zu véier Joer Prisong fir all eenzel vun de 34 Strofdote kréien, awer well hien net virbestrooft ass, gëtt esou eng Strof net erwaart.

Den Trump steet an anere Fäll viru wäitaus méi gravéierende Virwërf. Do gëtt him virgeheit, seng Walnéierlag 2020 géint den Joe Biden réckgängeg maache gewollt ze hunn, souwéi de Stockage vu streng geheimen Dokumenter no sengem Ausscheeden aus dem Amt. Zousätzlech hätt hie sech geweigert, dës Dokumenter zeréckzeginn.

D'AFP huet nach eng Rei aner Feelinformatiounen iwwer d'US-Politik opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.