Déi US-amerikanesch Sängerin Taylor Swift gëtt wéinst hiren heefege Flich mat Privatjetten ëmmer nees kritiséiert. Am Internet huet sech d'Falschmeldung verbreet, d'Grupp "Just Stop Oil" hätt der Swift hire Privatjet a Groussbritannien mat oranger Faarf besprayt.

De Fliger vum Popstar war awer net vun der Aktioun zu London betraff, wéi Nofuerschunge vun der AFP weisen. Dat confirméiert och déi brittesch Police.

"Dem Taylor Swift säi Privatjet gouf vun 'Just Stop Oil'-Aktivisten orange besprayt", schreift e User den 20. Juni 2024 op der Plattform X an deelt e Video dozou. Doran ze gesi sinn zwou jonk Fraen, déi T-Shirte mat der Opschrëft "Just Stop Oil" unhunn. Fir d'éischt versiche si, op den Terrain vun engem Fluchhafen ze kommen, andeem si en Zonk aus Maschendrot opschneiden. Duerno ass ze gesinn, wéi si zwee Fligere mat oranger Faarf besprayen.

Och op Facebook ass dës Behaaptung am Ëmlaf. D'Behaaptung huet sech och an enger Rei anere Sprooche wéi Englesch, Chineesesch oder Thai verbreet. Eng Rëtsch bekannt éisträichesch an däitsch Medien, wéi zum Beispill d'"Kleine Zeitung" oder d'"Stuttgarter Zeitung", hunn d'Ausso och bruecht, aner Medien hunn op déi falsch Berichterstattung higewisen. An e puer Fäll gëtt sech dobäi op en AFP-Bericht bezunn, an deem d'Privatjetten awer guer net als der Swift hir Fligere beschriwwe ginn. 

RTL

© AFP

Déi US-amerikanesch Sängerin Taylor Swift ass am Kader vun hirer Eras-Tour aktuell an Europa ënnerwee. Tëscht dem 21. an 23. Juni 2024 huet si dräi Concerten zu London gespillt. Op engem Fluchhafen an der Géigend vun der brittescher Haaptstad soll d'Aktioun vun Aktiviste géint der Swift hiren Jet stattfonnt hunn. An Däitschland an Éisträich gëtt d'Sängerin dëse Summer och eng Rei Concerten.

Wéinst hiren heefege Flich mam Privatjet steet de Popstar ëmmer nees an der Kritik. Déi aktuell gedeelt Behaaptung, Aktivisten hätten den 20. Juni 2024 der Swift hire Privatjet mat Faarf besprayt, ass awer falsch.

Keng explizitt Referenz op der Swift hiren Jet

Déi brittesch Grupp "Just Stop Oil" hat scho kuerz virdrun d'Steenzäit-Monument Stonehenge am Südweste vun England mat Faarf besprayt. Mat Bléck op d'Parlamentswalen de 4. Juli 2024 a Groussbritannien huet "Just Stop Oil" déi zukünfteg brittesch Regierung opgefuerdert, bis 2030 aus fossillen Energien erauszeklammen.

Den aktuell gedeelte Video gouf den 20. Juni 2024 moies vun "Just Stop Oil" selwer op der Plattform X (hei archivéiert) verëffentlecht. An der Beschreiwung heescht et allerdéngs, dass et sech ëm de Fluchhafen London Standsted bei der brittescher Haaptstad handele géif, wou der Swift hiren Jet gestanen hätt. Dass déi zwou Aktivistinnen de Fliger vun der Sängerin besprayt hunn, gëtt vun der Grupp awer a kengem Wuert an dësem Bäitrag ernimmt. "Just Stop Oil besprayt privat Jette Stonnen no Arrivée vum Taylor Swift", sou steet et an der Beschreiwung. D'Plaz vun der Aktioun gëtt als Landepist beschriwwen, op där der Swift hiren Jet geparkt wär.

An engem Bäitrag vun der Grupp op X vum 22. Juni 2024 heescht et méi konkreet: "En Donneschdeg de Moien hu si déi privat Landepist vum Fluchhafe Standsted , op deem de Privatfliger vum Taylor Swift geparkt war, betrueden an hunn zwee Jette mat oranger Faarf besprayt."

Police: Fliger vum Popstar net betraff

Medieberichter no soll de Privatjet vum Taylor Swift den 19. Juni 2024 zu London Standsted gelant sinn. Hire Fliger soll awer net vun der Aktioun betraff gewiescht sinn, wéi souwuel de Fluchhafe wéi och d'Police zitéiert gëtt. Anescht wéi vun der Grupp "Just Stop Oil" gepost, soll sech den Jet vun der Swift dem Fluchhafebedreiwer an der Police no zum Zäitpunkt vun der Aktioun guer net méi um Fluchhafe befonnt hunn.

Géintiwwer der AFP huet déi zoustänneg Police vun Essex an engem Telefonat den 21. Juni 2024 bestätegt, dass kee vun de beschiedegten Jets an iergendengem Zesummenhang mam Taylor Swift stéing. Eng Ufro un de Fluchhafebedreiwer blouf bis zur Verëffentlechung vun dësem Faktencheck ouni Äntwert. Och op eng Ufro un de Management vum Taylor Swift krut d'AFP bis zur Publikatioun vun dësem Text keng Äntwert.

RTL

© AFP

Wéi och d'AFP gemellt hat, hu sech d'Aktivistinnen no der Aktioun festhuele gelooss. Si gi wéinst krimineller Beschiedegung am Wäert vu méi wéi 5.000 Pond, schwéierem Hausfriddensbroch a Beanträchtegung vun nationaler Infrastruktur ugeklot.

Keen exakt optescht Iwwereneestëmme mam Privatjet vun der Swift 

Zënter enger Zäitche gëtt iwwer d'Reese vun der Sängerin a Privatfligeren diskutéiert. Kritikpunkt sinn dobäi déi héich Emissiounen, déi bei esou Flich entstinn.

De Student Jack Sweeney vun der University of Central Florida bedreift e puer Social-Media-Accounts, déi d'Privatjette vu Prominente verfollegen - och vun der Taylor Swift. Der Swift hir Affekoten hunn dem Sweeney an der Vergaangenheet eng Ënnerloossungsklo (Action en cessation) zoukomme gelooss, an där si dem 21-Järege "Stalking a belästegend Verhale" virgeheien, heescht et a Medieberichter. Dem Sweeney seng Erklärungen hätten der Swift hire "stännegen Zoustand vun Angscht ëm hir perséinlech Sécherheet" verstäerkt, huet zum Beispill hir Affekotin Katie Wright Morrone als weider Erklärung geschriwwen, wéi bericht gouf.

Géintiwwer der "Washington Post" housch et vun der Swift hiren Affekoten, dass de Popstar en Jet besëtze géif, wéi engem Artikel vum Februar 2024 ervirgeet. Laut dem Sweeney sengem Account zu der Swift hirem Privatjet huet dësen d'Keenzeechen N621MM. Dem Sweeney no handelt et sech ëm de Modell "Falcon 7X" vum Hiersteller Dassault. En Opruff vun der Internetsäit vun der US-Loftfaartagence (FAA) bestätegt dat.

Am aktuell gedeelte Video ass just den Indicatif vun engem vun den zwee Fligeren ze gesinn. Dësen huet de Code N1875A a gehéiert der FAA no zu enger US-Bank. Et handelt sech also net ëm de Modell, deen der Swift gehéiert. D'Registréierung vun der anerer Maschinn ass net ze gesinn. Béid Jetten am Clip hunn awer just wéineg Ähnlechkeete mam Fligermodell vun der Taylor Swift. Dat opfällegst Mierkmol vum Jet-Typp "Falcon 7X" ass eng drëtt Turbinn um Heck (am lénkse Bild giel markéiert). Dës ass bei kengem vu béide Fligeren am Clip vun der "Just Stop Oil"-Grupp (riets) ze gesinn.

RTL

© AFP

Am Internet fanne sech och keng aner aussokräfteg Hiweiser, déi dorop hindeiten, dass der Taylor Swift hire Privatjet a Groussbritannien an der Lescht mat Faarf besprayt gouf.

Fazit: Online huet sech d'Falschmeldung verbreet, der Taylor Swift hire Privatfliger wär op engem Fluchhafen a Groussbritannien mat oranger Faarf besprayt ginn. De Fliger vum Popstar war awer net vun der Aktioun vun zwou Aktivistinnen op Fligere bei London betraff, wéi Nofuerschunge vun der AFP weisen. Dat huet och déi brittesch Police confirméiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.