Eng Etüd aus dem Joer 2024 an der renomméierter Fachzäitschrëft "Nature" huet keng statistesch noweisbar Hausse vun der globaler Äerderwiermung zënter den 1970er-Jore fonnt.

A Sozialen Netzwierker gouf doropshin fälschlecherweis behaapt, dass dëst e Beweis dofir wär, dass et guer kee Klimawandel géif. D'Donnéeë vun dëser an aneren zuelräichen Etüden hunn awer eng konstant Hausse vun den Temperaturen un der Uewerfläch an dësem Zäitraum bestätegt, sou d'Auteuren an Autorinne vun der Fuerschungsaarbecht. Dat soten och onofhängeg Fuerscher. 

"Eng statistesch Untersuchung, déi an der Nature publizéiert gouf, weist keng noweisbar Beschleunegung vun der globaler Erwiermung no den 1970er Joren", huet en Notzer de 15. Oktober 2024 op X geschriwwen. D'Behaaptung war och séier op Facebook ze fannen.

An anere Bäiträg an a klimawandelleegende Publikatiounen op villen anere Plattforme - dat a ville Sproochen, zum Besipill  Englesch, Franséisch, Hollännesch, Griichesch an Italieenesch - goufen änlech Konklusioune gezunn, nodeem de 14. Oktober 2024 eng Etüd an der wëssenschaftlecher Fachzäitschrëft "Nature" publizéiert gi war (hei archivéiert).

RTL

© AFP

Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hu géintiwwer der AFP awer matgedeelt, dass et ierféierend wär, d'Konklusiounen an dësem Artikel sou ze deiten, wéi wann et zënter den 1970er-Jore keng Hausse vun der globaler Äerderwiermung ginn hätt. Si hu bäigefüügt, dass d'Modeller, déi an der Etüd benotzt goufen, amplaz eng konstant Hausse am Laf vun der Zäit weisen.

"Konstant klammend Temperaturen"

"Eis Etüd bestätegt konstant klammend Temperaturen un der Uewerfläch zënter den 1970er-Joren", sot d'Claudie Beaulieu, ausseruerdentlech Professesch fir Mieresbiologie op der University of California Santa Cruz an Haaptautorin vun der Fuerschungsaarbecht, de 17. Oktober 2024 géintiwwer der AFP. "Et ass zimmlech beonrouegend, ze héieren, dass eis Etüd vu Klimaleegner mëssbraucht gëtt", sot si weider.

D'Etüd baséiert op der globaler duerchschnëttlecher Uewerflächentemperatur - e Wäert, dee reegelméisseg bei der Beobachtung vum Klimawandel ënnersicht gëtt -, fir d'global Äerderwiermung an de leschte 50 Joer ze analyséieren. Duerch d'Modeller, déi an der Etüd benotzt goufen, gëtt versicht, festzestellen, ob et eng Beschleunegung oder en Ofhuele vun der Äerderwiermung ginn huet. D'Wëssenschaftler koumen zu der Konklusioun, dass no den 1970er-Jore statistesch keng Verännerung noweisbar wär.

"Eis Resultater deiten dorop hin, dass - falls et a jéngster Zäit zu enger Beschleunegung vun der globaler Erwiermung koum - dës entweeder ze kleng oder ze aktuell ass, fir se an den Opzeechnunge vun de globalen duerchschnëttlechen Uewerflächentemperaturen zouverlässeg ze erkennen", sou d'Beaulieu.

De Co-Auteur vun der Etüd, de Colin Gallagher, ausseruerdentleche Professer fir Mathematik op der Clemson University am US-Bundesstaat South Carolina, huet och betount, dass d'Etüd eng kontinuéierlech klammend Äerderwiermung weise géif. "Mir hu keng statistesch Beleeger fir en Ofhuele vun der globaler Erwiermung fonnt, mee villméi statistesch bestätegt, dass d'global Äerderwiermung zënter den 1970er-Jore mat enger konstanter Vitess weidergeet", sot hien den 18. Oktober 2024 géintiwwer der AFP.

De Klimafuerscher Zeke Hausfather vun der onofhängeger gemengnëtzeger Klimafuerschungsorganisatioun "Berkeley Earth" sot, dass dës Etüd "deejéinegen, déi de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel unzweiwelen, wierklech keen Zousproch gi sollten". Véier Datesätz iwwer d'global Temperaturen, déi an der Etüd berécksiichtegt goufen, weisen eendeiteg eng huerteg Hausse vun de vum Mënsch produzéierten Emissiounen CO2 an aneren Zäregasen am Laf vun de Joren, sot hien nach.

RTL

© AFP

Hien huet och dorop higewisen, dass d'Methoden, déi an der Etüd benotzt goufen, just eng Hausse (oder e Réckgang) vun der Äerderwiermung ëm ongeféier 55 Prozent effektiv erkenne géifen - wat d'Auteure vun der Etüd bestätegt hunn.

"D'Debatt doriwwer, ob sech d'Erwiermung beschleunegt huet, ass wichteg, huet awer kee wierklechen Afloss op eist méi ëmfaassend Verständnis vun der Roll vum Mënch bei der huerteger Äerderwiermung, déi et an de leschte 50 Joer gouf", sot den Hausfather ofschléissend.

"Keen Zweiwel" um vum Mënsch gemaache Klimawandel

D'CO2-Konzentratioune - den Haaptfacteur vun der anthropogeener Äerderwiermung - sinn op Wäerter geklommen, déi op der Äerd an d leschte 14 bis 16 Millioune Joer net registréiert goufen.

Sechs Datereie vun Educatiouns- a Regierungsautoritéiten (hei archivéiert) hunn déi doraus resultéierend Hausse vun der globaler Duerchschnëttstemperatur (hei archivéiert) opgezeechent.

"Haut klëmmt de Gehalt un CO2 an der Atmosphär warscheinlech méi séier wéi jee virdrun an der geologescher Geschicht", sot d'Bärbel Hönisch, Professesch um Lamont-Doherty Eart Observatory vun der Columbia University zu New York, géintiwwer der AFP am Kader vun engem anere Faktencheck. "Dësen CO2 dréit zum Zäreneffekt bäi an erwiermt eise Planéit", huet si bäigefüügt.

Dem Weltklimarot (IPCC) vun de Vereenten Natiounen no ass "den Afloss vum Mënsch op d'Erwiermung vun der Atmosphär, den Ozeaner an de Landflächen onëmstridden". Dat géif och fir d'Tatsaach gëllen, dass den anthropogeenen CO2-Ausstouss den Haaptverursaacher ass (hei an hei archivéiert).

Honnerte vun onofhängege Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler, déi zu den IPCC-Berichter iwwer Klimafuerschung bäidroen, si sech eens, dass déi aktuell Prognose fir d'global Zäregasemissioune bis 2030 dorop hindeiten, dass d'Erwiermung an dësem Joerhonnert warscheinlech d'Grenz vun den 1,5 Grad Celsius, déi am Paräisser Klima-Ofkommes vun 2015 festgeluecht gouf, iwwerschratt gëtt an dass et doduerch ëmmer méi schwiereg gëtt, d'Erwiermung op ënner 2 Grad ze begrenzen (hei archivéiert).

Aktuell Klimamodeller prognostizéieren erhieflech Auswierkunge vun esou enger Hausse, déi sech op d'Land- a Mierestemperaturen auswierken an an de meeschte bewunnte Regiounen zu extreemer Hëtzt féiere géif (hei archivéiert).

Weider Faktenchecken zum Sujet Klima fannt Dir op der AFP-Website.

Fazit: Eng wëssenschaftlech Etüd aus dem Joer 2024, déi an der Zäitschrëft "Nature" publizéiert gouf, huet keng statistesch noweisbar Hausse vun der globaler Äerderwiermung zënter den 1970er-Jore fonnt. Dat weist de Fuerscher no awer net, dass et guer kee Klimawandel gëtt, wéi online fälschlecherweis behaapt gëtt. Wëssenschaft a Fuerschung si sech doriwwer eens, dass den Afloss vum Mënsch op d'global Äerderwiermung onëmstridden ass.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.