Falschinformatiounen iwwer d'Coronapandemie a Covid-Impfstoffer bleiwen en Diskussiounspunkt.

Am Oktober 2024 gouf a sozialen Netzwierker behaapt, e "Bild"-Artikel doriwwer, dass Astrazeneca schwéier Niewewierkunge vu sengem Impfstoff agestanen hätt, wär en aktuellen Text vun der Zeitung. A Wierklechkeet ass den Artikel awer schonn e puer Méint. Den Impfstoff gouf och wéinst mangelnder Demande am Mee 2024 vum EU-Maart geholl.

Astrazeneca gesteet schwéier Niewewierkungen an", ass op engem Screenshot vun engem Artikel vun der däitscher Boulevardzeitung "Bild" ze liesen, deen zënter senger Publikatioun op Facebook de 17. Oktober 2024 iwwer 18.000 Mol gedeelt gouf. Och op der Plattform X verbreeden Notzerinnen an Notzer d'Foto a schreiwe Kommentare wéi "Mol ofwaarden wat do nach sou alles un d'Dagesliicht kënnt" dobäi.  

RTL

© AFP

Den Artikel staamt awer net vun Oktober 2024. De Screenshot weist wuel eng echt Iwwerschrëft vun der "Bild", déi d'Zeitung esou verëffentlecht huet. Eng Stéchwierdersich huet zu dësem Artikel mat der selwechter Iwwerschrëft, der selwechter Foto an der selwechter Bildbeschreiwung geféiert (hei archivéiert). An trotzdeem ass den Artikel net eréischt am Oktober 2024 erauskomm, wéi d'Bäiträg a Sozialen Netzwierker mat dem gewielten Extrait vum Artikel suggeréieren, mee schonn de 4. Mee 2024.

RTL

© AFP

Eng weider Stéchwierdersich no "Astrazeneca" op der Internetsäit vun der "Bild" huet confirméiert, dass den Artikel vum 4. Mee 2024 ass. Zënterhier huet d'Zeitung just wéineg Artikelen iwwer de Pharmakonzern verëffentlecht, keen dovu mat der selwechter Iwwerschrëft oder der selwechter Foto wéi déi vum 4. Mee 2024.

RTL

© AFP

Op X huet sech och de Julian Röpcke, Chefredakter fir d'Beräicher Sécherheetspolitik a Konflikter bei der "Bild", zu de Bäiträg a Sozialen Netzwierker geäussert (hei archivéiert). "Well aktuell eng Schlagzeil vu viru fënnef Méint vun eis hei d'Ronn mécht - zesumme mat Virwërf géint Medien an d'Politik. (Net just) mir berichten zënter 2020 vun Niewewierkunge bei dësem Impfstoff", huet de Röpcke den 22. Oktober 2024 geschriwwen. Doran huet hien nieft Screenshots vu weideren Artikel iwwer Niewewierkungen e Screenshot vum Artikel ugehaangen, deen am Moment ierféierenderweis verbreet gëtt.

RTL

© AFP

An dësem "Bild"-Artikel geet et ëm e Geriichtsprozess virum High Court zu London Enn Abrëll 2024, bei deem sech de Pharmakonzern Astrazeneca wéinst enger Sammelklo huet musse veräntweren an déi éischt Kéier "schwéier Niewewierkunge" bei sengem Covid-Impfstoff Vaxzevria zouginn hat. D'"Bild" zitéiert doran d'brittesch Zeitung "The Telegraph", déi sech op Geriichtsdokumenter berifft (hei archivéiert).

De 7. Mee 2024 huet d'Europäesch Medikamenten-Agence (EMA) matgedeelt, dass de Covid-Impfstoff Vaxzervia op Wonsch vum Hiersteller wéinst mangelnder Demande vum europäesche Maart geholl géif, wéi divers Medien deemools gemellt haten. D'Entscheedung fir de Widderruff vun der Zouloossung war scho virun der Ausso vum Pharmakonzern virum Londoner Geriicht gefall: D'Europäesch Kommissioun hat dës Decisioun schonn de 27. Mäerz 2024 geholl (hei archivéiert).

Deemools goufen iwwer de Widderruff vun der Zouloossung an hir Grënn och Falschinformatioune verbreet, wéi d'AFP am Mee 2024 op Serbesch gemellt hat. Och d'däitsch Tagesschau hat d'kommerziell Beweeggrënn vum Hiersteller ernimmt. Beispillsweis d'"Frankfurter Allgemeine Zeitung" huet d'Europäesch Kommissioun den 8. Mee 2024 mat der Erklärung zitéiert, "et wär net ongewéinlech, dass Entreprisen e Réckzuch vun der Maartzouloossung vun hire Medikamenter oder Impfstoffer aus kommerzielle Grënn ufroen". D'Agence "kéint confirméieren, 'dass d'Entscheedung net op Zweiwelen un der Sécherheet oder der Effikassitéit vum Impfstoff berout'".

De Paul-Ehrlich-Institut (PEI), dat an Däitschland fir Impfstoffer zoustännegt Bundesinstitut, mécht déi gemellt Fäll vun Niewewierkunge vu Vaxzervia an anere Covid-Impfstoffer op senger Internetsäit transparent public. Dem leschte Rapport iwwer d'Sécherheet vun Impfstoffer vum PEI no koum et bei 1.000 Impfunge mat Vaxzervia an 0,6 gemellte Fäll zu schwéieren Niewewierkungen. Dëst sinn Informatiounen zënter dem Ufank vun der Impfcampagne bis den 31. Mäerz 2023 (hei archivéiert). D'EMA huet bei Vaxzervia méiglech Niewewierkunge wéi beispillsweis Gerënnungsstéierungen an engem Produktblat vum Impfstoff festgehalen.

Iwwer angeeblech Risike vu Covid-Impfstoffer gëtt et ëmmer nees Desinformatiounen, déi d'AFP widderluecht huet. Sou sollen dës Impfstoffer angeeblech Kriibs oder eng méi héich Stierflechkeet ausléisen. Alleguer d'Faktenchecken zum Sujet Covid-19 an Impfstoffer géint dës Erkrankung sammelt d'AFP online.

Fazit: Den am Oktober 2024 verbreete Screenshot vun engem "Bild"-Artikel weist keng aktuell Berichterstattung iwwer Niewewierkunge vum Covid-Impfstoff vun Astrazeneca, mee en alen Artikel, deen am Mee 2024 verëffentlecht gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.