Keng Beweiser, dass d'italieenesch Regierung Migranten an de Vatikan bréngt

De Poopst François huet sech dofir ausgeschwat, Migranten, déi viru Gewalt a Verfollgung flüchten, Hëllef zoukommen ze loossen- Hien hat et am August 2024 als "grouss Sënn" bezeechent, dës Leit ofzeweisen. D'Behaaptung, d'italieenesch Regierung hätt als Revanche op d'Äusserunge vum Pontifex Migranten un d'Grenze vum Vatikan "ofgelueden", ass awer falsch. D'Fotoen, déi als Beweis fir dës Behaaptung ugefouert ginn, si schonn e puer Joer al.
"Just erakomm: Italien fänkt domat un, Migrante virun der Dier vum Vatikan ofzelueden, nodeem de Poopst François gesot huet, et wär eng 'Sënn', 'Migranten zeréckzeweisen'". Sou steet et an engem X-Bäitrag vum 20. November 2024 vun engem Kont, dee virgëtt, satiresch Contenuen ze verbreeden a sech selwer als "US Ministry of Truth" ("amerikanesche Ministère fir Wourecht") bezeechent.

© AFP

© AFP
De Bäitrag krut méi wéi 110.000 Likes. Déi selwecht Behaaptung war - ouni den Hiweis op Satir - nieft der Plattform X och op Facebook, Instagram, Threads, TikTok, Telegram, Gettr an an Online-Artikelen ze fannen - ënner anerem op Italieenesch, Spuenesch, Portugisesch, Däitsch, Arabesch a Chineesesch.
D'italieenesch Regierung ënner der Premierministesch Georgia Meloni vun der postfaschistescher Partei Fratelli d'Italia huet eng haart Linn géint illegal Migratioun aus Nordafrika ageschloen, ënner anerem duerch d'Aféierung vun engem Programm, fir bestëmmt Arrivéeën an Ofleef an Albanien duerchzeféieren.
D'Autoritéite sinn och haart géint gemengnëtzeg Rettungsorganisatioune virgaangen, déi Migranten am Mëttelmier retten, obwuel se zouginn, dass d'Booter vun den ONGe just eng kleng Zuel vun de Flüchtlingen opgräifen.
Am August hat de Poopst François d'Beméiungen, Migranten ofzeweisen, als "grouss Sënn" bezeechent a "sécher a legal" Weeër fir Migranten an Asyldemandeure gefuerdert, déi no Hëllef sichen.
"Et muss kloer gesot ginn: Et gëtt déijéineg, déi systematesch a mat alle méigleche Mëttel doru schaffen, Migranten ofzeweisen. An dat ass eng grouss Sënn, wann et bewosst a verantwortungsbewosst geschitt", sot hie bei enger wëchentlecher Audienz den 28. August.
Al Biller
D'Biller, déi an de Bäiträg benotzt ginn an angeeblech weisen, wéi Migranten an de Vatikan eraginn, sinn iwwer e Joerzéngt al.Eng ëmgekéiert Billersich vun engem Bild vun enger Loftopnam mat enger Mënschenusammlung op der Péitersplaz weist, dass se de 5. Juni 2013 vum Associated-Press-Fotograf Andrew Medichini wärend enger ëffentlecher Audienz vum Poopst François opgeholl gouf (hei archivéiert).

© AFP
Eng aner Foto vu Mënschen, déi virun de Janicula-Mauere vum Vatikan, déi d'Stad ëmginn, an der Schlaang stinn, ass zënter op d'mannst 2016 op verschiddenen Internetsäiten vertrueden (hei an hei archivéiert).
AFP-Journalisten zu Roum, déi reegelméisseg iwwer d'Evenementer op der Péitersplaz berichten, dorënner och d'Poopstaudienz vum 20. November - den Dag, wéi déi falsch Behaaptungen an Ëmlaf koumen -, hunn net observéiert, dass d'italieenesch Police Migranten an dëst Gebitt transportéiert hätt.
Den offiziellen Noriichtendéngscht vum Vatikan weist och e Live-Video vun der Péitersplaz, wou et keng Unzeechen dofir gëtt, dass Migranten op dësem Gebitt "ofgeluede" goufen (hei archivéiert)
"Wäit hiergeholl"
D'Silvia Scarpa, Cheffin vum Departement Politikwëssenschaften an international Relatiounen op der John Cabot University zu Roum (hei archivéiert), sot, d'Behaaptung wär "mat Sécherheet gefälscht" an zwee vun de gréissten italieenesche Fernseesenderen - RaiNews a Sky Italia - hätten näischt iwwer Fäll gemellt, wou d'italieenesch Police Migranten an de Vatikan transportéiert hätt."Wann et eng grouss Mënschenusammlung op der Péitersplaz gëtt, läit dat dorun, dass et sech ëm eng Touristegéigend handelt an d'Jubiläumsjoer geschwënn ufänkt", huet si an enger E-Mail vum 22. November geschriwwen.
De Maurizio Albahari, en Expert fir d'Mobilitéit vu Migranten a Flüchtlingen an ausseruerdentleche Professer fir Anthropologie op der Universitéit Notre Dame (hei archivéiert), sot, dass et net Deel vun der italieenescher Regierungspolitik wär, illegal Migranten an de Vatikan ze bréngen, an et "warscheinlech ni si wäert".
"D'Regierung kann et net riskéieren, de Poopst François op sou schro Manéier ze veriergeren, an d'Péitersplaz gëtt vun der italieenescher Police patrulléiert, sou dass et e klengen institutionelle Kuerzschloss wär, nach éier et zu engem diplomateschen Tëschefall komme géif", huet hien an enger E-Mail vum 22. November matgedeelt.
De Vatikan huet ee vun de strengsten Openthalts- a Staatsbiergerschaftsprogrammer an Europa. Obwuel Visiteure fräi tëscht Roum an dem Vatikan zirkuléiere kënnen, autoriséieren d'Autoritéiten an der Reegel just Membere vum Corps diplomatique, Kierchevertrieder an deenen hire Familljen d'Staatsbiergerschaft an d'Erlabnis, sech do opzehalen (hei archivéiert).
De Poopst François huet eng kleng Zuel vu Flüchtlingen aus Kriseregiounen, dorënner Syrien, opgeholl, awer se goufe bei enger kathoulescher Communautéit anzwousch anescht zu Roum ënnerbruecht, amplaz hannert de Mauere vum Vatikan .
De Pierluigi Montalbano, Chef vum Masterstudiegank fir Migratioun an Entwécklung op der Universitéit Sapienza zu Roum (hei archivéiert), huet per E-Mail matgedeelt, dass hien och net vu Fäll héieren hätt, an deene Beamte Migranten an de Vatikan bruecht hätten, an dass d'Bäiträg "wäit hiergeholl" wären.
D'AFP huet den Hellege Stull an den italieeneschen Inneministère ëm e Commentaire gefrot, krut awer keng Äntwert.
D'AFP huet nach aner Falschbehaaptungen zum Sujet Migratioun opgedeckt.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
