Gefälscht Versioun vu Kamala-Harris-Video geet viral

E Video, deen op der Plattform X kurséiert, mécht den Androck, eng Kamala Harris ze weisen, déi net vill Schlof hat an immens lues schwätzt, wéi si sech eng éischt Kéier no hirer Néierlag bei den amerikanesche Presidentschaftswalen 2024 ëffentlech äussert. Mä de Clip ass gefälscht.
Authentesch Opname vun der Vizepresidentin an ënnerleeëner demokratescher Kandidatin un hir Ënnerstëtzer, déi weiderhi vu Republikaner a rietse Medien an d'Pan geklaakt ginn, weisen, dass si de Saz méi séier an ouni déi manipuléiert Erschëpfungszeeche virdréit.
"Der Kamala Harris fält et schwéier, fir mat der Walnéierlag ëmzegoen", heescht et an engem Bäitrag vum 26. November 2024 op der Plattform X. "Si ass grad vun engem sechs Deeg laange Vakanzenopenthalt op Hawaii zeréckkomm, awer si gesäit sou aus, wéi wa si sech nach net vollstänneg erholl hätt."

© AFP
Änlech Bäiträg, vun deenen e puer souguer undeiten, dass d'Harris alkoholiséiert war, hu sech op X verbreet, nodeem si sech an engem Videocall bei hiren Ënnerstëtzer wärend der Walcampagne bedankt a versprach huet, dass de "Kampf nach net eriwwer" wär. Dëse Videocall huet am Internet Kritik an Hon säitens de Konservativen ervirgeruff.
An de Bäiträg gëtt en angeeblechen Extrait vu 36 Sekonnen aus dem Telefonat gedeelt. D'Harris seet mat décken Aen an ondäitlecher Stëmm: "Ech wëll Iech just dorun erënneren, dass Dir Iech vu kengem Är Muecht huele loossen däerft. Dir hutt déi selwecht Muecht wéi virum 5. November, an Dir hutt déi selwecht Ziler wéi deemools. An Dir hutt déi selwecht Fäegkeet, Iech ze engagéieren an Inspiratiounen ze ginn. Also loosst Iech ni vu kengem oder iergendengem Ëmstand Är Muecht ewechhuelen."
E puer Notzer, déi de Video gedeelt hunn, hu kloergestallt, dass et sech ëm e Geck handele géif, anerer hu Kommentaren hannerlooss, déi dorop hindeiten, dass si gleewen, et géif sech ëm eng echt Opnam vun der Harris handelen.
De Video ass a Wierklechkeet net authentesch. E gouf manipuléiert, fir d'Ausgesinn an d'Vitess vum Schwätze vun der Vizepresidentin ze veränneren.
D'Original, dat de 26. November op YouTube eropgeluede gouf, weist d'Harris, wéi si déi selwecht Ried ouni déck Aen hält - dat Ganzt dauert ongeféier 29 Sekonnen (hei archivéiert). D'Demokratesch Partei huet och e Video vun 29 Sekonnen op X gepost, deen dëse Moment ervirhieft (hei archivéiert).
Déi manipuléiert Versioun vum Clip, déi 36 Sekonnen dauert, schéngt mat ongeféier 75 Prozent vun der Vitess ofgespillt ze ginn.
D'AFP huet d'Wäisst Haus an d'Demokratesch Partei ëm eng Stellungnam gebieden, krut awer keng Äntwert.
D'AFP huet schonn aner Feelinformatiounen iwwer d'US-Politik opgedeckt, dorënner och änlech manipuléiert Videoe vun der Haris.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
