D'Grippewell war an der Wantersaison 2024/25 a ganz Europa immens intensiv. Elo gouf a Sozialen Netzwierker behaapt, dass d'Grippeimpfung den Infektiounsrisiko erhéije géif - wat eng Et!d vun der amerikanescher Cleveland Clinic beweise soll. Dës Behaaptung ass awer falsch.

D'Etüd zitt keen Zesummenhang zu dëser Situatioun, huet d'Cleveland Clinic géintiwwer der AFP matgedeelt, mee se stellt just eng geréng Effikassitéit vun der Grippeimpfung géint d'Infektioun an dësem Joer fest.

"Eng frësch Etüd aus den USA ënner iwwer 50.000 Persoune stellt der Grippeimfpung aus dësem Wanter eng dramatesch Zensur aus", heescht en Artikel op "tkp", engem éisträichesche "Blogg fir Science & Politik", deen an der Vergaangenheet scho méifach mat Falschinformatiounen opgefall ass, déi d'AFP widderluecht huet. "Wie géint d'Gripp geimpft gouf, krut mat méi grousser Warscheinlechkeet d'Influenza", gouf am Artikel weider behaapt.

D'Behaaptung gouf verbreet, nodeem och an Däitschland an der Saison 2024/25 eng däitlech Hausse u Grippefäll verzeechent gi war (hei archivéiert). 

Den "tkp"-Artikel gouf och vun enger Rëtsch Facebook-Säite gedeelt, déi sech dacks kritesch géintiwwer Impfmoossname geäussert hunn, zum Beispill dës.

Änlech Bäiträg mat der selwechter Falschbehaaptung goufen och an anere Sozialen Netzwierker op Franséisch a Kroatesch gedeelt.

RTL

© AFP

An der Etüd vun der Cleveland Clinic gëtt zwar festgestallt, dass de Vaccin an dëser Saison an den USA just eng limitéiert Effikassitéit hat. E Spriecher vun der Klinick huet awer géintiwwer der AFP erkläert, dass dat net automatesch bedeite géif, dass de Vaccin den Infektiounsrisiko erhéije géif. Et kéinten nämlech vill aner Facteuren eng Roll gespillt hunn.

Wat seet d'Etüd aus?

D'Etüd, déi an de Bäiträg ernimmt gëtt, gouf vun der Cleveland Clinic - engem renomméierten amerikaneschen akadeemesche medezinneschen Zenter - duerchgeféiert. Se gouf de 4. Abrëll 2025 op MedRxiv, engem Archiv fir Virofdréck aus dem Beräich Gesondheetswëssenschaften, publizéiert (hei archivéiert). D'Etüd gouf dohier nach kengem Peer-Review-Verfaren ënnerzunn an och net an enger wëssenschaftlecher Fachzäitschrëft publizéiert. Dohier "sollt d'Etüd net als Leetfuedem fir d'klinesch Praxis erugezu ginn", heescht et ausdrécklech op der Plattform.

Et wär also "e bëssen ze fréi, aus dëser Aarbecht definitiv Schlussfollgerungen ze zéien", huet den Antoine Flahault, Expert fir ëffentlech Gesondheet an Epidemiolog, gewarnt. D'Auteuren an hir Institutioun wären trotzdeem "glafwierdeg a seriö", wéi hien de 15. Abrëll 2025 géintiwwer der AFP erkläert huet.

Zil vun der Etüd war et, "d'Effikassitéit vun der Grippeimpfung wärend der Otemweeerkrankungssaison 2024/25" ze bewäerten.

Der Etüd no krute vun 53.402 Mataarbechter vun enger amerikanescher Klinick 43.857, oder 82,1 Prozent, eng Grippeimpfung fir d'Saison 2024/25.

"Se goufen alleguer wärend 25 Wochen observéiert, an 1.079 Persounen (2,02 Prozent) hunn eng Gripp gemellt, déi duerch e PCR-Test confirméiert gouf. An der Ufanksphas vun der Epidemie ware souwuel an der geimpfter wéi och an der net geimpfter Grupp d'selwecht vill, méi spéit - géint Enn vun der Etüd - goufen awer méi Fäll an der geimpfter Grupp wéi an der ongeimpfter Grupp observéiert", sot den Antoine Flahault.

"Schlussendlech war de Risiko, eng Influenza ze kréien, bei geimpfte Persounen ëm 27 Prozent méi héich wéi bei net geimpfte Persounen", huet hie bäigefüügt.

Dës Resultater "deiten awer net dorop hin, dass d'Impfung den Influenzarisiko erhéicht", sot d'Andrea Pacetti, Spriecherin vun der Cleveland Clinic, géintiwwer AFP. Och an der Etüd gouf näischt Änleches behaapt.

Dës Resultater weise just, dass bannent der ënnersichter Stéchprouf méi geimpft Persounen eng Gripp krute wéi net geimpft Persounen. Dësen Ënnerscheed kann awer duerch eng Rei Grënn erkläert ginn a steet net onbedéngt am Zesummenhang mam Vaccin selwer.

Sou stamen d'analyséiert Donnéeën "aus enger relativ gesonder Populatioun vun ongeféier 50.000 Beschäftegten am Gesondheetswiesen a waren net representativ fir d'allgemeng Bevëlkerung", huet d'Andrea Pacetti erkläert.

Doriwwer eraus huet si betount, dass "just eng kleng Unzuel wärend dem Untersuchungszäitraum un Influenza erkrankt ass".

D'Etüd léisst dohier just d'Konklusioun zou, dass "d'Effikassitéit vum Vaccin, fir der Gripp virzebeugen, an dëser Saison bei relativ gesonde Beschäftegten am Gesondheetsberäich méiglecherweis limitéiert war".

RTL

© AFP

Et sinn och méi aschränkend Facteure vun dëser Etüd ze consideréieren: Sou waren ënner de Participantë keng Kanner a "just ganz wéineg eeler oder immungeschwächt Persounen". Ausserdeem huet ee sech ausschliisslech op Infektounstauxen konzentréiert, ouni schwéier Erkrankungen oder Hospitaliséierungen ze berécksiichtegen, "déi duerch Impfstoffer zënter jeehier effikass reduzéiert ginn", wéi d'Andrea Pacetti ugemierkt huet.

Den Antoine Flahault huet ausserdeem drop higewisen, dass et méiglech wär, dass "geimpft Mataarbechter méi dacks mam Virus a Kontakt koume wéi net geimpft Persounen. Dat kéint beispillsweis de Fall sinn, wa Gesondheetspersonal mat enken Kontakt zu Patienten an der geimpfter Grupp méi staark vertruede war, wärend Leit an der Administratioun dacks an der net geimpfter Grupp waren."

Och wär denkbar, dass "Persounen, déi sech hirer Impfung bewosst waren, an dësem Joer manner virsiichteg par rapport zur Gripp waren (wéi zum Beispill d'Droe vun enger Mask) wéi net geimpft Persounen."

Wéi effikass ass d'Grippeimpfung?

"D'Grippeimpfung kann immens effikass sinn, fir d'Gravitéit vun der Erkrankung méi kleng ze halen, Hospitalisatiounen ze verhënneren an d'Ausbreedung vum Virus ze miniméieren. Hir Effikassitéit kann awer jee no Virusstamm an individuelle Facteure wéi Alter a Virerkrankunge variéieren", huet d'Andrea Pacetti erkläert.

Tatsächlech ginn Impfstoffer laang virum Ufank vun der Impfcampagne hiergestallt. An zwar baséierend op Prognosen doriwwer, wat fir Virestämm warscheinlech zirkuléiere wäerten, a geméiss de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO(hei archivéiert).

"Dës Prognos gëtt wärend enger järlecher vun der WHO organiséierter Journée professionelle getraff: Am Februar fir déi nächst Wantersaison an der nërdlecher Hemisphär an am September fir déi südlech Hemisphär", huet den Antoine Flahault erkläert.

Opgrond vun dësem Hierstellungsprozess variéiert d'Effikassitéit vu Grippevaccine vu Joer zu Joer. "D'Antigeenen, déi am Vaccin dra sinn, entspriechen de Viren, déi sech am Ëmlaf befannen. Etüde schätzen d'Effikassitéit jee no Saison a geimpfter Persoun op 20 bis 80 Prozent", gëtt op Infovac, enger Informatiounssäit iwwer Vaccinen, erkläert (hei archivéiert).

A munche Jore kënne Fachleit d'Prognose falsch aschätzen, wat dozou féiert, dass en Impfstoff net géint den am nächste Wanter zirkuléierende Stamm wierkt, huet den Antoine Flahault betount.

"Hiersteller vu Vaccine produzéiere Vaccinen op der Grondlag vun de Recommandatioune vun der WHO, kënnen awer - per Definitioun - d'Effikassitéit eréischt nom Ufank vun der Grippesaison beurteelen. Si limitéieren hir Tester an der Reegel op Déiereversich (mat Frettchen) a fréie Safety-Tester u Mënschen duerch, fir d'Verträglechkeet vum Impfstoff sécherzestellen. D'Effikassitéit vun dëse saisonalen Impfstoffer bleift awer bis zu hirer Maartaféierung e blanne Fleck", huet den Epidemiolog weider erkläert.

An den USA louch d'Effikassitéit vun der Grippeimpfung den Donnéeë vun de Centers for Disease Control and Prevention (CDC) nno fir d'Saison 2021/22 bei 36 Prozent, fir 2022/23 bei 30 Prozent a fir d'Saison 2023/24 bei 42 Prozent (hei archivéiert).

Enn Februar 2025 sot d'amerikanesch Medikamentenagence FDA (US Food and Drug Administration) hir järlech Journée professionelle fir d'Auswiel vun den Impfvirestämm of, wéi d'AFP gemellt hat.

An der EU an am Europäesche Wirtschaftsraum (EWR) huet de European Respiratory Virus Surveillance Summary (ERVISS), dee vun der ECDC, dem Europäeschen Zenter fir d'Preventioun an d'Kontroll vu Krankheeten, bedriwwe gëtt,  festgestallt, dass d'Otemweevirus-Saison 2024/25 duerch eng "intensiv Grippesaison" gekennzeechent war. Déi gréisst Auswierkungen an der sekundärer Versuergung goufe bei Erwuessenen ab 45 Joer verzeechent.

Fazit: Behaaptungen a Sozialen Netzwierker, dass d'Grippeimpfung enger amerikanescher Etüd no den Infektiounsrisiko erhéije géif, si falsch. D'Etüd stellt keen esou en Zesummenhang fest, mee just eng geréng Effikassitéit vun der Grippeimpfung géint d'Infektioun an dësem Joer.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.