Et gouf keng 30 Meter laang Anakonda am Amazonas gefilmt

Zwee viral Videoe behaapten, dass se eng gigantesch Schlaang weisen, déi Amazonasgebitt gesi gouf. E puer Internetnotzer behaapten, et géif sech ëm eng 30 Meter laang Anakonda handelen, déi bei Dréiaarbechten fir den National-Geographic-Documentaire "Pole to Pole" mam amerikanesche Schauspiller Will Smith gefilmt gouf.
Dës Biller sinn awer gefälscht a goufe mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt. Se stäipe sech wuel op eng reell wëssenschaftlech Entdeckung, déi awer aus dem Kontext gerappt gouf.
Zënter e puer Deeg sinn a Sozialen Netzwierker Biller am Ëmlaf, déi eng riseg Schlaang weisen, déi an engem tropesche Floss schwëmmt an aus engem Helikopter eraus gefilmt gouf.
Enger Abberzuel Internetnotzer no soll et sech dobäi ëm eng 30 Meter laang Anakonda handelen, déi bei den Dréiaarbechte fir d'Dokumentarserie "Pole to Pole" (Bienvenue sur terre op Franséisch, Willkommen auf Erden op Däitsch) gesi gouf, wou den amerikanesche Schauspiller Will Smith fir National Geographic d'Moderatioun iwwerhëlt.
"Flash - Eng iwwer 30 Meter laang Risenanakonda gouf an engem Floss am Amazonasgebitt gesinn", behaapt e Facebook-Notzer de 15. Mee 2025 an deelt e Video, an deem en Equipage ze gesinn ass, déi aus der Loft iwwer e risegt Reptil flitt.
Zu selwechter Zäit gouf en zweete Video eropgelueden, deen déi selwecht Schlaang aus engem anere Bléckwénkel weise soll, a goung och viral.
D'Material gouf op anere Plattforme wéi X (1, 2), Instagram (1, 2, 3) an TikTok (1, 2) souwéi an enger Rei Sproochen, dorënner Englesch, Spuenesch an Arabesch, verbreet.
Béid Videoe goufen iwwer 3 Millioune Mol gekuckt a vun Dausenden Notzer gedeelt.

© AFP
A Wierklechkeet sinn dës Videoe gefälscht a goufe mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt.
Eng Anakonda mat zwee Käpp
Béid viral Videoe weisen änlech Zeenen: Eng Ekipp u Bord vun engem Helikopter flitt iwwer e Floss matzen am Dschungel, iwwer enger riseger Schlaang, déi als riseg Anakonda duergestallt gëtt.Et gëtt awer eng Rëtsch visuell Ongereimtheeten, déi d'Authentizitéit vun de Biller a Fro stellen.
Am éischte Video schéngt d'Schlaang kuerzzäiteg zwee Käpp ze hunn, vun deenen een dann ënner Waasser verschwënnt - eng typesch grafesch Ongereimtheet bei Biller, déi mat Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt ginn.
Ausserdeem weist d'Kamera, déi d'Déier vun engem Helikopter aus filme soll, op hirem Ecran eng aner Landschaft wéi déi, déi sech virun hir befënnt.

© AFP
Am zweete Video sinn zwou Schlaangen ze gesinn, déi nach méi massiv sinn, an hir Silhouettë variéieren op komesch Manéier, ouni dass d'Beweegungen oder d'Proportioune beienee passen.

© AFP
Eng (ëmgedeit) reell wëssenschaftlech Decouverte
Wa sech dës Videoen op den Documentaire "Pole to Pole" beruffen, läit dat zum deel dorun, dass an dësem Zesummenhang wierklech eng wëssenschaftlech Decouverte gemaach gouf.Wärend den Dréiaarbechte fir dësen Documentaire vun National Geographic huet de Professer Bryan Fry, Biolog op der University of Queensland (Australien), eng Laangzäitetüd iwwer d'Auswierkunge vun Ueleg op d'biologesch am ecuadorianeschen Amazonasgebitt duerchgeféiert. Dës Aarbechte goufen zesumme mam indigeene Vollek vun de Waorani an der Regioun Bameno am Waorani-Territoire Baihuaeri duerchgeféiert (Archiven: hei an hei).
Seng Ekipp huet do eng bis elo onbekannt Zort vu Risenanakonda entdeckt, déi als Nërdlech Gréng Anakonda (Eunectes akayima) bezeechent gëtt. Genetesch Analysen hu confirméiert, dass dës Schlaang, obwuel se der gewéinlecher Grénger Anakonda (Eunectes murinus) immens änlech ass, eng eegen Zort duerstellt.
E Weibche mat enger Längt vu 6,3 Meter an engem Gewiicht vu bal 200 Kilogramm gouf gefaangen. Lokalen Aenzeieberichter a Fuerscher no kéinten e puer Exemplare bis zu 7,5 Meter laang a 500 Kilogramm schwéier ginn, wat se zur gréisster a schwéierster Schlaang maache géif, déi bis elo identifizéiert gouf.
Dës Anakondaen, déi a südamerikanesche Flëss a Fiichtgebidder liewen, si bekannt fir hir blëtzaarteg Vitess an hir Fäegkeet, hir Beute ze erstécken, andeem se sech ëm se wéckelen a se dann als Ganzt verschléngen.
Eng Etüd, déi iwwer Joerzéngte goung, huet opgedeckt, dass d'Gréng Anakonda a Wierklechkeet zwou genetesch ënnerschiddlechen Zorten entsprécht.
Engem Artikel no, deen The Independent am Februar 2024 publizéiert hat, gëllt dës Zort elo als déi gréisst Schlaang, déi bis elo identifizéiert gouf. Dës Entdeckung gouf awer zënterhier aus dem Zesummenhang gerappt, fir ierféierende virale Contenuen weidert Fudder ze ginn (hei archivéiert).
Zënterhier goufe keng weider wëssenschaftlech Dokumenter, Feldberichter oder glafwierdeg Zeienaussoe publizéiert, déi d'Existenz vun enger 30 Meter laanger Schlaang ënnermauere géifen.
Gréisst vun der Schlaang "staark iwwerdriwwen"
De Fernando Ignacio Ortiz, Professer op der Amazonas-Universitéit a Kolumbien, gouf vun der AFP kontaktéiert an huet erkläert: "Dës Videoe si Montagen. Anakondae schwammen opgrond vun hirer Mass an der Déift, net op der Uewerfläch" (hei archivéiert).E weidere befroten Expert, de Biolog an Herpetolog Diego Huseth Ruiz, huet betount, dass d'Gréisst vun der am Video siichtbarer Schlaang (Internetnotzer no tëscht 20 an 30 Meter) "staark iwwerdriwwen" ass. "Déi gréisst Weibercher moossen tëscht 8 an 9 Meter, dat sinn Ausnamen. An eng sou grouss Schlaang kéint sech net esou séier op der Uewerfläch beweegen", sot hien (hei archivéiert).
Zesummegefaasst:
D'Videoe vun enger 30 Meter laanger Schlaang si Konstruktiounen, déi mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz erstallt goufen.
- Eng nei, méi massiv Anakonda-Zort gouf zwar 2024 am ecuadorianeschen Amazonasgebitt entdeckt. Se ass awer just 7,5 Meter laang an domat wäit ewech vun den 30 Meter, déi an de Videoe suggeréiert ginn.
- D'befrot Experten hunn d'biologesch Onméiglechkeet vun esou enger grousser Schlaang confirméiert.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
