Grafik iwwer däitscht Bürgergeld am Internet ass feelerhaft

D'Bürgergeld ass net un déi däitsch Staatsbiergerschaft gekoppelt. Dacks gëtt kritiséiert, ze vill Leit aus anere Länner kréichen d'Sozialleeschtung. Sou soll eng Grafik aus dem Juli 2025 beleeën, dass ronn 17 Prozent vun den insgesamt 5,4 Millioune Bürgergeldbeneficiairen Däitscher ouni Migratiounshannergrond wären.
D'Grafik geet awer vun engem Grondsaz aus, fir deen esou Donnéeën net disponibel sinn. Offiziell Zuele weisen ausserdeem e méi héijen Undeel un Däitschen ouni Migratiounshannergrond op.
Statistiken iwwer d'däitscht Bürgergeld si komplex: Et gëtt vill verschidde Kennzuelen an ënnerschiddlech Persounegruppen, déi dës Sozialhëllef bezéie kënnen. "Tjo, wie wierklech Bürgergeld bezitt...", huet de Roland Tichy, de Gerant a Grënner vum Magasinn "Tichys Einblick" a vun der Internetsäit mam selwechten Numm, de 14. Juli 2025 op der Plattform X geschriwwen an dobäi eng Grafik gedeelt.
De Camembert schlësselt d'Bürgergeldbeneficiairen no hirem Migratiounshannergrond op: Vu 5,4 Millioune Mënschen, déi 2024 Bürgergeld kritt hätten, wäre 47,8 Prozent Auslänner, 34,8 Prozent Däitscher mat Migratiounshannergrond a 17,4 Prozent Däitscher - mat der leschtgenannter Grupp schéngen Däitscher ouni Migratiounshannergrond gemengt ze sinn. Quelle fir dës Zuele wären d'Bundesagentur für Arbeit an d'Statistische Bundesamt Destatis. An der Vergaangenheet huet d'AFP schonn eng Rëtsch Falschinformatioune vun "Tichys Einblick" widderluecht.
Dës Grafik hunn eng Hickecht Notzerinnen an Notzer och op anere Plattforme wéi Facebook, Instagram an Telegram gedeelt. Bäiträg mat zum Deel grousser Reechwäit goufen ausserdeem vun der AfD-noer Norichtesäit "Deutschland Kurier" an AfD-Politikerinnen a -Politiker wéi dem Deputéierte Lars Haisegedeelt. Dacks gëtt d'Bürgergeld an de Bäiträg als "Migrantegeld" bezeechent.

© AFP
D'Zuelen aus der Grafik gëtt et an dëser Manéier awer net vun der Bundesagentur für Arbeit a vun Destatis. De Migratiounshannergrond vu Bürgergeldbeneficiairë gëtt just fir eng aner Gesamtbasis gefrot a baséiert op fräiwëllegen Angaben.
Offiziell Statistike schaffe mat anere Referenzen
D'Zuelen an der Grafik vun "Tichys Einblick" bezéie sech der Beschreiwung no op d'Joer 2024. Op der Statistiksäit vun der Bundesagentur für Arbeit (BA) sinn Donnéeën iwwer de Migratiounshannergrond vu sougenannten erwerbsfäege Leeschtungsberechtegten ze fannen. An der aktueller Editioun vu Juni 2025 sinn d'Donnéeë fir Dezember 2024 (Downloadlink) opgelëscht.
Hei ass déi éischt Onstëmmegkeet ze fannen. An der gedeelter Grafik heescht et, 5,4 Millioune Leit hätten 2024 Bürgergeld kritt. Zesummegerechent erginn déi dräi Beneficiairesgruppen an dëser Duerstellung och dës Gesamtzomm. Just: D'Bundesagentur für Arbeit rechent mat enger anerer Gesamtbasis.
Zwar gouf et am Dezember 2024 insgesamt 5.421.520 Bürgergeldbeneficiairen, déi d'BA als Reegelleeschtungsberechtegt opféiert, dës setze sech awer aus sougenannten erwerbsfäege Leeschtungsberechtegten (ELB) an neterwerbsfäege Leechungsberechtegten (NEF) zesummen. D'BA-Statistik, déi d'Beneficiairen no Migratiounshannergrond opschlësselt, bezitt sech just op d'erwerbsfäeg Leeschtungsberechtegt. Dat waren am Joer 2024 insgesamt 3.945.524 Persounen. 1.476.000 Leeschtungsberechtegt waren neterwerbsfäeg.
Mat erwerbsfäege Leeschtungsberechtegte sinn déi Leit gemengt, déi op d'mannst 15 Joer al sinn, erwerbsfäeg an hëllefsbedierfteg sinn, souwéi an Däitschland wunnen, erkläert d'Bundesagentur für Arbeit an hirem Glossar. Erwerbsfäeg méngt dem zweeten däitsche Sozialgesetzbuch no d'Fäegkeet, méi wéi dräi Stonne pro Dag schaffen ze kënnen. Neterwerbsfäeg Leeschtungsberechtegt sinn deemno Kanner ënner 15 Joer oder Persounen, déi aus gesondheetlechen oder eventuell juristesche Grënn net méi wéi dräi Stonnen den Dag schaffe kënnen.
Undeel un Däitschen ouni Migratiounshannergrond ass méi grouss wéi an der Grafik
D'BA-Statistik ënnerscheet tëscht ELB ouni Migratiounshannergrond, ELB mat eegener Migratiounserfarung, ELB ouni eege Migratiounserfarung an ELB mat Migratiounshannergrond; ouni weider an den Detail ze goen. D'eege Migratiounserfarung gëtt an Auslännerinnen an Auslänner, Däitscher a Spéitaussiidlerinnen an -aussiidler agedeelt. Ënner der leschter Kategorie versteet d'Bundesagentur für Arbeit hirem Glossar no "däitscht Volleksmemberen [offzielle Begrëff "Volkszugehörige"], déi d'Republicke vun der eemoleger Sowjetunioun nom 31. Dezember 1992 am Kader vun engem Opnameverfare verlooss a sech bannent sechs Méint an Däitschland néiergelooss hunn". Bei ELB ouni eege Migratiounshannergrond ginn Auslänner an Däitscher mat op d'mannst engem zougewanderten Elterendeel ënnerscheet.
Den Undeel vun ELB ouni Migratiounshannergrond - déi an der Grafik vun "Tichys Einblick" als "Däitscher" opgelëscht ginn - beleeft sech op 1.433.169 Persoune respektiv 36,3 Prozent. Dat geet aus den Tabellen 3.1 an 3.2 vun der BA-Statistik ervir. Fir Däitscher mat Migratiounshannergrond ergëtt sech jee no Rechnung e klengen Undeel bei de Bürgergeldbeneficiairen. An der Kategorie vun Däitsche mat eegener Migratiounserfarung an op d'mannst engem zougewanderten Elterendeel ergëtt sech en Undeel vu 590.007 Persoune respektiv 14,9 Prozent vu ronn 3,9 Milliounen ELBen. Spéitaussiidlerinnen an -aussiidler matabegraff sinn et 695.470 Leit bezéiungsweis 17,6 Prozent.
Auslännerinnen an Auslänner, souwuel mat wéi och ouni eege Migratiounserfarung, maachen 1.858.992 Persoune bezéiungsweis 47,1 Prozent vun den erwerbsfäege Leeschtungsberechtegten aus.
Däitscher ouni Migratiounshannergrond maache mat 36,3 Prozent e méi klengen Undeel vun den erwerbsfäege Bürgergeldbeneficiairen aus wéi Däitscher mat Migratiounshannergrond an Auslännerinnen an Auslänner zesummen. Dës Zuel huet och e Spriecher vum däitsche Bundesministeriums für Arbeit und Soziales op AFP-Ufro den 29. Juli 2025 confirméiert. Allerdéngs ass den Undeel un Däitschen ouni Migratiounshannergrond erkennbar méi grouss wéi 17,4 Prozent wéi vun "Tichys Einblick" behaapt.
Ugi vum Migratiounshannergrond ass fräiwëlleg
Dass d'Bundesagentur für Arbeit de Migratiounshannergrond an hire Statistiken iwwer den Aarbechtsmaart duerstelle muss, ass am drëtte Sozialgesetzbuch festgeschriwwen. Allerdéngs erkläert d'BA an de methodeschen Erklärungen iwwer hir Statistik: Leeschtungsberechtegt mussen hire Migratiounshannergrond net uginn, wa si Bürgergeld ufroen, mee si musse separat dofir befrot ginn. Si sinn net verflicht, dat unzeginn, an d'Participatioun ass fräiwëlleg. Och en Noweis, dass hir Angaben der Wourecht entspriechen, gëtt net gefuerdert. Doduerch ass et méiglech, dass déi tatsächlech Quote vun der Statistik ofwäichen. Aus dësem Grond gëtt d'Bundesagentur für Arbeit un, d'Resultater héichzerechnen, souwäit genuch Donnéeën disponibel sinn.
Fir d'NEF wär dat net de Fall, huet eng Spriecherin vun der BA op AFP-Ufro de 25. Juli 2025 erkläert. Fir dës Grupp, déi der Spriecherin no bal ausschliisslech aus Kanner ënner 15 Joer bestéing, déi op d'mannst een Elterendeel hunn, dee Bürgergeld kritt, géing d'Datequalitéit "net duer, soudass mir de Migratiounshannergrond vun NEFen net verëffentleche kënnen". Och si huet d'Wäerter an der gedeelter Grafik vun "Tichys Einblick" als "net korrekt" bezeechent an huet op déi ernimmt BA-Statistik verwisen.
Destatis-Donnéeë beroue just op Stéchprouwen
Als weider Quell ass an der Grafik vun "Tichys Einblick" d'däitscht Statistische Bundesamt Destatis uginn. Eng weider Stéchwierdersich huet zu zwou Statistike vun Destatis geféiert, déi d'Bevëlkerung no Migratiounshannergrond bezéiungsweis Awanderungsgeschicht a gréissten Deel vum Liewensënnerhalt opschlësselt. 2024 gouf et dëse Statistiken no ronn 2,8 Millioune Leit, déi hire Liewensënnerhalt gréisstendeels mat Suen aus dem Bürgergeld gedeckt hunn. Domat gëtt nieft alle 5,4 Millioune Bürgergeldbeneficiairen an der Grafik vun "Tichys Einblick" an den 3,9 Milliounen ELBen an der BA-Statistik eng weider Gesamtbasis fir de selwechten Erhiewungszäitraum genannt.
Allerdéngs gëtt et an dëser Statistik zwou Kategorië fir Bürgergeld als gréissten Deel vum Liewensënnerhalt: "Bürgergeld" selwer a "Sozialhëllef, Grondsécherung oder Änleches". Mat Grondsécherung ass dat selwecht gemengt wéi mat Bürgergeld.
Zesummegerechent ergi sech och hei ronn 3,9 Millioune Leit, vun deene mat ronn 1,4 Milliounen änlech vill Persoune wéi an der BA-Statistik kee Migratiounshannergrond hunn (959.000 Leit ouni Migratiounshannergrond mam gréissten Deel vum Liewensënnerhalt Bürgergeld plus 498.000 Leit ouni Migratiounshannergrond mam gréissten Deel vum Liewensënnerhalt Sozialhëllef, Grondsécherung oder Änleches). Op 5,4 Millioune Bürgergeldbeneficiairë wéi an der am Internet gedeelter Grafik d'Statistike vun Destatis allerdéngs och net. Ausserdeem huet eng Spriecherin vun Destatis op AFP-Ufro den 28. Juli 2025 matgedeelt, dass d'Donnéeën op Basis vum Mikrozensus net gëeegent wären, "déi absolutt a vollstänneg Zuel" vun de Bürgergeldbeneficiairen ze ermëttelen.
Grënn dofir wären d'Héichrechnung vun de Wäerter, well fir de Mikrozensus ee Prozent vun der Bevëlkerung gefrot géif. Ausserdeem wär op d'Fro nom gréisste Mëttel vum Liewensënnerhalt just eng Äntwert méiglech gewiescht, wärend de Liewensënnerhalt aus ënnerschiddleche Quellen zesummegesat si kann. Schlussendlech kéinten d'Angabe vun de Befrote "vun de reelle Wäerter ofwäichen". Besser gëeegent wär d'Erhiewung vun der Bundesagentur für Arbeit, sou d'Spriecherin.
D'AFP huet d'Redaktioun vun "Tichys Einblick" ëm déi konkreet Donnéeë gebieden, déi d'Basis fir déi gedeelt Grafik duerstelle sollen. A senger Äntwert vum 25. Juli huet de Roland Tichy op en Artikel verwisen, deen zu dësem Zäitpunkt fir d'Klärung vun dëser Fro an der Maach gewiescht wär. E war de 27. Juli 2025 erauskomm an huet déi uewe genannt Statistik vun Destatis iwwer Liewensënnerhalt no Awanderungsgeschicht verlinkt. Doran ass d'Gesamtbasis vu 5,4 Millioune Bürgergeldbeneficiairen, wéi se zesummegesat ass, awer net ze fannen. Wéi d'Wäerter an der gedeelter Grafik zustane koumen, gëtt am Artikel net novollzéibar duergeluecht.
Héijen Undeel mat Migratiounshannergrond duerch Flüchtlinge begrënnt
Zum Sujet Verdeelung vun den Undeeler vun den erwerbsfäege Leeschtungsberechtegte mat an ouni Migratiounshannergrond souwéi vun den Auslännerinnen an Auslänner sot de Spriecher vum Bundesministerium für Arbeit und Soziales: "Déi aktuell héich Zuel besonnesch vun auslänneschen SGB-II-Leeschtungsberechtegten (auslännesche Bürgergeldbeneficiairen, Um. v. d. Red.) ass virun allem op déi verstäerkt Zouwanderung vu Flüchtlingen duerch de russeschen Aggressiounskrich géint d'Ukrain souwéi op Leit aus den aacht wichtegsten Asylhierkonftslänner ('Top 8') zeréckzeféieren."
A verschiddene Bundeslänner ass den Undeel Medieberichter no och méi héich wéi am landeswäiten Duerchschnëtt. Géife bundeswäit déi sougenannt Aufstockerinnen an Aufstocker - als Persounen, déi Bürgergeld kréien, well hire Loun net héich genuch fir de Liewensënnerhalt ass - erausgerechent, wär den Undeel vu Bürgergeldbeneficiairë mat Migratiounshannergrond der BA no mat 53,1 Prozent méi kleng.
D'Bürgergeld ass permanent Géigestand vu Kontroversen an der däitscher Politik. An hirem Koalitiounsvertrag huet déi schwaarz-rout Koalitioun zum Beispill festgehalen, d'Bürgergeld "an eng nei Grondsécherung fir Aarbechtssichend" ëmgestalten ze wëllen a Leit méi séier an Aarbecht brénge souwéi Sanktioune verschäerfen ze wëllen. Ausserdeem sollten Ukrainerinnen an Ukrainer, déi nom 1. Abrëll 2025 an Däitschland komm sinn, kee Bürgergeld, mee Leeschtungen nom Asylbewerberleeschtungsgesetz kréien. Dës fale méi kleng aus. Medieberichter no ass déi néideg Gesetzesännerung allerdéngs nach net um Instanzewee.
D'AFP huet an der Vergaangenheet schonn aner Falschinformatiounen iwwer d'Bürgergeld iwwerpréift.
Fazit: Den Undeel un Däitschen ouni Migratiounshannergrond bei erwerbsfäege Bürgergeldbeneficiairen ass der offizieller Statistik no mat ongeféier 36 Prozent méi héich wéi an der Grafik vun "Tichys Einblick" duergestallt. Aussoen dozou loosse sech awer net op Grondlag vun alle Bürgergeldbeneficiairë beweisen, mee just fir d'erwerbsfäeg Leeschtungsberechtegt. Ausserdeem berouen d'Zuelen op fräiwëllegen Angaben.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
