Alen Tsunami-Video op Grönland gëtt als Video aus Russland gedeelt

Eent vun de stäerkste jeemools gemoossen Äerdbiewen hat den 30. Juli 2025 den dënn besidelten Oste vu Russland getraff an hat a verschiddene Länner ronderëm de Pazifik Tsunami-Warnungen ausgeléist. E Video, deen angeeblech Mënsche weist, déi virun enger gewalteger Stuermwell opgrond vum Äerdbiewe vun der Plage flüchten, gouf awer a Wierklechkeet wärend engem Tsunami op Grönland am Joer 2017 opgeholl.
Angeeblech lafe Fëscher a Russland virun enger Stuermwell ewech - dat soll e Video weisen. "Kuckt, wéi dës Jeeër wärend engem Äerdbiewe lafen", housch et an engem Telegram-Bäitrag vum 30. Juli 2025, wou de Video vun de Fëscher dran ass. Och op Facebook gouf e gedeelt. Do housch et allerdéngs an der Videobeschreiwung, e géif den Tsunami a Japan weisen. Dëse gouf duerch d'Äerdbiewen a Russland ausgeléist. De Video ass ausserdeem op Englesch, Griichesch, Hindi, Indoneesesch, Japanesch, Portugisesch, Spuenesch an Thai am Ëmlaf.
Den 30. Juli 2025 hat eent vun de schwéierste jeemools registréierten Äerdbiewen déi dënn besidelt Ostküst vu Russland getraff a bis zu véier Meter héich Tsunamiwellen am Pazifik ausgeléist. Nom Biewe vun der Stäerkt 8,8 virun der russescher Hallefinsel Kamtschatka haten d'Autoritéiten um Mëttwoch an enger Abberzuel vu Länner Tsunami-Warnungen erausginn - nieft Russland a Japan och an nord- a südamerikanesche Länner. D'Biewen an d'Tsunamie blouwen awer anscheinend gréisstendeels ouni gravéierend Suitten.
Fir e puer Deeler vum Pazifik goufe Stuermwelle vu bis zu véier Meter Héicht virausgesot, wouropshi méi wéi eng Dose Länner - vu Japan iwwer d'USA bis hin zu Ecuador - hir Biergerinnen a Bierger aus de Küsteregiounen evakuéiert hunn. D'Warnunge goufe spéider opgehuewen a Millioune vu Leit konnten an hir Haiser zeréck. Den eenzegen Doudesfall war Medieberichter no eng Fra, déi ëm d'Liewe koum, wéi hiren Auto bei der Flucht a Japan vun enger Klipp gestierzt war.
Den online gedeelte Video weist zwee Leit, déi op der Plage e Boot prettmaachen, wéi stënterlech mächteg Wellen u Land rullen an alles an hirer Géigend mat an d'Mier rappen. Da gesäit een, wéi béid Persoune virun dem méi no kommende Waasser fortlafen.

© AFP
De Video weist awer keng aktuell Auswierkunge vum Äerdbiewen, mee en Tsunami op Grönland am Joer 2017.
Eng ëmgekéiert Billersich mat Standbiller vum Video huet bei e YouTube-Video geféiert (hei archivéiert), deen den 10. Mee 2021 vun der brittescher Mediefirma "Newsflare" verëffentlecht gi war. D'Iwwerschrëft vum Video heescht: "Fëscher entkomme knapp engem Tsunami op Grönland".

© AFP
Der Beschreiwung vum Video no gouf en um Owend vum 17. Juni 2017 opgeholl, wéi dräi Fëscher un der Westküst vu Grönland vun enger onvirstellbarer Kraaft vun enger Tsunamiwell iwwerrascht goufen.
D'AFP hat 2017 gemellt, dass en Tsunami d'Westküst vu Grönland getraff hätt, woubäi Policeangaben no véier Mënsche vermësst gi wären. D'Stuermwell, déi vermuttlech duerch en Äerdbiewe vun der Stäerkt 4 ausgeléist gi war, hat och eelef Haiser vum Duerf Nuugaatsiaq mat sech gerappt.
E Spriecher vun Newsflare, den Tom Symes Brown, hat géintiwwer der AFP erkläert: "Dëse Video gouf eis vun engem vun eise Content-Partner, Licet Studios, zur Verfügung gestallt. Mir kënne confirméieren, dass en de 17. Juni 2017 opgeholl gouf."
D'Entreprise "Licet Studios" hat de Video den 9. Abrëll 2021 och op YouTube verëffentlecht (hei archivéiert). Der Beschreiwung vum Video no, deen an héijer Opléisung eropgeluede gi war, weist e schockéierende Moment, an deem Fëscher vun der enormer Kraaft vum Tsunami iwwerrascht goufen, deen 2017 d'Westküst vu Grönland heemgesicht hat. Ausserdeem hätt e gewaltegen Äerdrutsch op der Hallefinsel Ummiaq Nunaat op Grönland am Juni vum selwechte Joer e risegen Tsunami mat enger ufänglecher Wellenhéicht vun iwwer 90 Meter ausgeléist, déi d'Duerf Nuugaatsiaq zerstéiert hätt.
Am Mäerz 2020 hat Licet Studios op YouTube e weidere Video vum selwechten Tsunami verëffentlecht. D'Behaaptung gouf och vun der Faktencheckorganisatioun Snopes iwwerpréift.
Am Joer 2023 hat d'AFP eng weider Falschbehaaptung iwwer de selwechte Video an englescher a spuenescher Sprooch widderluecht. De Clip war deemools mat der Falschinformatioun gedeelt ginn, e géif Opname vun engem Tsunami virun Alaska am genannte Joer weisen.
D'AFP huet an englescher Sprooch ënner anerem e weidere Video iwwerpréift, dee fälschlecherweis am Zesummenhang mam jéngsten Äerdbiewen a Russland verbreet gi war.
Fazit: E Video, deen angeeblech eng Stuermwell weise soll, déi vum Äerdbiewe viru Russland Enn Juli 2025 ausgeléist gi wär, ass a Wierklechkeet méi al. E gouf schonn am Joer 2017 op Grönland opgeholl.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
