Video vu gestrante Walen huet näischt mat Äerdbiewen a Russland ze dinn

Op d'Äerdbiewen am Oste vu Russland den 30. Juli 2025 haten eng Rëtsch Länner wéi Russland, Japan oder Länner a Südamerika mat Tsunami-Warnunge reagéiert. An dësem Zesummenhang gouf a Sozialen Netzwierker behaapt, e Video géif aktuell Strandunge vu Belugawalen a Russland weisen. D'Opname sinn awer méi al: Se goufe schonn an Noriichtebäiträg vum August 2023 diffuséiert.
Strandunge vu Wale virun oder no Tsunamie wären ausserdeem ongewéinlech, hu Fuerscher erkläert.
Fënnef Belugawale sinn an engem Video op der Plage vun engem Mier gestrant. "Kuerz virum Äerdbiewe vun der Stäerkt 8,8 op der russescher Hallefinsel Kamtschatka koum et zu engem Naturereegnes, dat an der Regioun fir Opmierksamkeet gesuergt huet", housch et an engem Facebook-Bäitrag vum 30. Juli 2025, an deem de Video gedeelt gouf. "Fënnef Wäiss Waler (Beluga) wéinst Flut u Land". An engem Telegram-Bäitrag vum selwechten Dag housch et awer, d'Wale wären net virun, mee opgrond vum Tsunami gestrant: "Op Kamtschatka selwer gouf wéinst dem Tsunami eng ganz Famill vu fënnef Belugaen u Land gespullt."
Den 30. Juli 2025 hat eent vun de schwéierste jeemools opgezeechenten Äerdbiewen den dënn besidelten Oste vu Russland getraff a fir bis zu véier Meter héich Tsunamiwellen am Pazifik gesuergt. Nom Biewe vun der Stäerkt 8,8 virun der russescher Hallefinsel Kamtschatka haten d'Autoritéiten an enger Rëtsch Länner op dësem Dag Tsunami-Warnungen erausginn, nieft Russland a Japan och Länner an Nord- a Südamerika. D'Biewen an d'Tsunamie bloufen awer anscheinend gréisstendeels ouni gravéierend Suitten.
Och "Welt TV", de Sender vun der däitscher Zeitung "Welt", hat an enger Noriichtesendung iwwer d'Äerdbiewen an d'Tsunami-Warnungen de Video vun de gestrante Belugawale benotzt. "Fënnef Belugawalen u Land gespullt", seet eng Noriichtespriecherin am Video, deen den 30. Juli 2025 um YouTube-Kanal vu Welt verëffentlecht gouf (hei archivéiert). "Fir dës Realisateure sinn dat Unzeeche vun enger Naturkatastroph", seet si dora weider. Als Quell ass am Video den X-Kont "HustleBitch" ageblent. De Bedreiwer huet am Bäitrag mam Video vum 30. Juli 2025 geschriwwen, d'Wale wären den Dag virum Äerdbiewe u Land gespullt ginn. De Post gouf mat enger Community Note versinn, där no de Video aus dem Joer 2023 stame géif.
Och aner Medien haten de Video an der aktueller Berichterstattung iwwer d'Äerdbiewe benotzt, sou zum Beispill den ecuadorianesche Radiosender Radio Centro oder och de marokkanesche Medium Morocco World News. D'Behaaptung war och an anere Sprooche wéi Englesch, Griichesch an Hindi am Ëmlaf.

© AFP
De Video ass awer zwee Joer al an huet näischt mam Äerdbiewen a Russland vum Juli 2025 ze dinn.
Eng ëmgekéiert Billersich vu Standbiller am Video huet bei eng méi laang Versioun geféiert, déi den 13. August 2023 um YouTube-Kanal vum lokale Medium Kamchatinfo.com verëffentlecht gouf (hei archivéiert). D'kyrillesch Iwwerschrëft heescht iwwersat: "D'Bewunner vu Kamtschatka hunn eng Beluga-Famill virum Doud gerett."
An der Community Note ënnert dem X-Bäitrag, dee vu "Welt" als Quell ageblent gouf, ass e Link ze fannen, deen zu engem Artikel vun der engleschsproocheger Noriichtesäit "Newsweek" mat Sëtz zu New York City féiert. Dësem Artikel vum 15. August 2023 no sinn d'Walen zwar an der Géigend vun der Mündung vum Floss Tigil um Strand vun der Kamtschatka-Hallefinsel gestrant - wou och d'Äerdbiewen am Juli 2025 war. Vun engem Tsunami geet doran awer rieds. Als Quell verweist den Artikel och op de Video vum lokale Medium Kamchatinfo.com.

© AFP
Dem Artikel vun Newsweek no hunn d'Fëscher déi véier ausgewuess Belugawalen an d'Kallef gerett, andeem si Mierwaasser iwwer si geschott a si mat Fësch gefiddert hunn, bis d'Flut zeréckkoum. Och de russesche Medium Kmsomolskaja Prawda hat de 14. August 2023 iwwer déi gestrant Walfamill an hir Rettung bericht.
Wale kënne wéinst Desorientéierung stranden
An e puer vun den aktuell gedeelte Bäiträg gouf behaapt, d'Belugawale wären duerch d'Tsunamiwellen ugespullt ginn. An anere Bäiträg housch et, se wäre virun dem Äerdbiewe gestrant.
D'Tamara Narganes Homfeldt, Mieresbiologin bei Whale and Dolphin Conservation (WDC), enger globaler Organisatioun fir de Schutz vu Walen an Delfinen, huet op AFP-Ufro de 4. August 2025 erkläert, dass et keen nogewisenen Zesummenhang fir béid Zenarie gëtt: "Opgrond vun engem Tsunami gëtt et keng dokumentéiert Fäll vu Strandungen." Fir de Fall vun Äerdbiewe sot si, wär et "net auszeschléissen, dass en Äerdbiewe Walstrandungen ausléise kann, mee bewisen ass et och net."
D'Narganes Homfeldt huet weider ausgeféiert: "En ozeanescht Äerdbiewe bezéiungsweis staark seismesch Aktivitéit verursaacht awer zum engen eng Verännerung vum magnéitesche Feld an zum aneren Ënnerwaasserkaméidi." Doduerch kéinte Walen desorientéiert sinn a schlussendlech stranden. Sou géif et vill Fäll, bei deene Wale wéinst militäreschen Asätz oder Übungen an der Benotzung vu Sonar gestrant sinn.
Äerdbiewen erhéije Warscheinlechkeet vu Walstrandungen net
"Fir Äerdbiewe gëtt et par conter just e puer wéineg Fäll vu Walstrandungen, bei deenen ee sech awer net zu 100 Prozent iwwer den Zesummenhang sécher ass", huet d'Narganes Homfeldt erkläert. Sou géif beispillsweis spekuléiert, dass e Biewen op Sri Lanka am Joer 2023 fir d'Strandung vu Grindwale responsabel gewiescht si kéint. D'Narganes Homfeldt huet ausserdeem eng Etüd aus dem Joer 2018 ugeféiert (hei archivéiert), déi fir d'Küste vun den US-Bundesstaate Washington an Oregon zum Resultat koum, dass Äerdbiewen d'Warscheinlechkeet vu Walstrandungen net erhéicht.Op dës Etüd huet och den Torsten Schlurmann, Administrateur a Gerant vum Ludwig-Franzius-Institut für Wasserbau und Ästuar- und Küsteningenieurwesen op der Leibniz-Universität Hannover, verwisen. Zesumme mat der Ursula Siebert, Anita Gilles an dem Joseph Schnitzler, Expertinnen an Experte fir Mamendéieren am Mier op der Tierärztlichen Hochschule Hannover, huet hien op AFP-Ufro de 4. August 2025 erkläert, dass et der Etüd no "keng belaaschtbar Effekter vun Offshore-Äerdbiewen - weder onmëttelbar virdrun nach duerno -" géif.
Am oppene Mier kéint "ausgeschloss ginn, dass marinn Mamendéieren duerch en Tsunami physesch blesséiert ginn", hunn d'Fuerscherinnen an d'Fuerscher erkläert. An der Géigend vu Küste wäre Strandunge méiglech, "awer marinn Mamendéiere sollten am oppene Mier duerchaus kapabel sinn, dëse Konditiounen ze trotzen". A wéinege Fäll wär observéiert ginn, dass Delfine knapp 22 Sekonne virun engem spierbaren Äerdbiewen am US-Bundesstaat Virginia am Joer 2011 "hiert Verhale verännert hunn" an ënner anerem a Staffelformatioun geschwomme wären, huet de Schlurmann erkläert. "Et ass weider beluecht, dass terrestresch Liewewiese zimmlech sécher op seismesch Welle reagéiere kënnen." Trotzdeem wäre "vill Observatiounen éischter anekdotesch" an e kausalen Zesummenhang kéint "net eendeiteg beluecht ginn".
D'AFP huet nach weider Falschinformatiounen am Zesummenhang mam Äerdbiewen a Russland widderluecht.
Fazit: E Video vu gestrante Wale steet net a Relatioun mam Äerdbiewen am déiwen Oste vu Russland Enn Juli 2025. D'Walstrandung gouf am August 2023 op der Hallefinsel Kamtschatka gefilmt, wou den 30. Juli 2025 och d'Äerdbiewen opgetruede war. Dass virun oder no engem Äerdbiewen an Tsunami méi Wale strande géifen, ass ausserdeem wëssenschaftlech net beluecht.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
