De Wettlaf fir d'Entwécklung vun emissiounsfräie Gefierer féiert reegelméisseg zu ierféierenden a falsche Behaaptungen a Sozialen Netzwierker.

Eng vun de jéngste Behaaptungen ass, dass de weltwäit gréissten Autoproduzent Toyota e revolutionären, mat Waasser bedriwwene Motor entwéckelt hätt, dee Lithium-Batterien oder Luedstatiounen iwwerflësseg maache géif. Dës Behaaptung ass awer falsch, wéi Toyota géintiwwer der AFP matgedeelt huet. Fachleit hunn ausserdeem erkläert, esou eng Technologie wär net nëmmen äusserst ineffizient, mee och technesch net realiséierbar.

"Toyota entwéckelt e waasserbedriwwene Motor, dee just Waasserdamp ausstéisst - ganz ouni Lithium, ganz ouni Oplueden", housch et an engem Sharepic an engem dacks gedeelte Facebook-Bäitrag vum 17. Juni 2025. "Mat dëser Technologie laut Toyota d'Enn vun der Batterie-Ära an - a weist der Welt, dass nohalteg Mobilitéit och ouni tonneschwéier Akkue méiglech ass", steet an engem Deel vum Bäitrag, an deem d'Bild verbreet gouf.

D'Bild ass eng Fotomontage aus zwou Opnamen. Dorop ass jeeweils e Mann op enger Bün ze gesinn, deen a béide Fäll nieft engem Modell vun engem Motor vum weltgréissten Autoproduzent Toyota ze stoe schéngt.

D'Behaaptung war och op X an Telegram souwéi an anere Sprooche wéi Bulgaresch, Englesch, Franséisch, Rumänesch a Spuenesch am Ëmlaf.

RTL

© AFP

Am Wettlaf fir d'Entwécklung vun emissiounsfräie Gefierer daucht zënter ville Joerzéngten ëmmer nees d'Iddi op, dass Waasser enges Daags de Bensinn ersetze kéint. Dës Hypothees gouf bis elo awer ni duerch zolidd wëssenschaftlech Beweiser confirméiert, wéi d'AFP schonn an der Vergaangenheet op Franséisch ënnersicht hat.

Behaaptunge wéi dës nieren dacks Narrativer, dass grouss Entreprisen - besonnesch an der Automobil- an Uelegindustrie wéi beispillsweis den Ueleg- a Gaskonzern TotalEnergies - revolutionär Technologië geheim hale géifen, fir hir wirtschaftlech Intressien ze schützen. Heiansdo gëtt souguer behaapt, dass se Patenter kafe géifen, fir se ze verstoppen, oder souguer sou wäit géinge goen, hir Erfinderinnen an Erfinder verschwannen ze loossen.

Och d'Behaaptung, dass Toyota e waasserbedriwwene Motor virgestallt hätt, dee just Waasserdamp ausstousse géif, ass falsch.

Toyota entwéckelt kee "Waassermotor"

"Mir entwéckelen tatsächlech näischt, wat als 'Waassermotor' bezeechent gi kéint", huet de Jean-Yves Jault, Vertrieder vun der Toyota Motor Corporation, an enger E-Mail un d'AFP vum 23. Juli 2025 geschriwwen. De Jault huet d'Behaaptungen, déi am Internet kurséieren, als "Feelinformatioune" bezeechent an op en Artikel vum Magasinn "Forbes" vum 15. Juni 2025 verwisen, an deem dës Rumeur widderluecht gëtt. Doran hat den Auteur a Chëmieingenieur Robert Rapier erkläert, dass "d'Iddi, dass Waasser en Auto undreiwe kéint, absurd ass".

A Wierklechkeet produzéiert Toyota Gefierer, déi Waasserstoff - kee Waasser - als Energiequell benotzen. Dës Autoen, wéi beispillsweis de Modell Mirai, ginn op speziellen Tankstellen opgefëllt a si mat Lithium-Ione-Batterië fir d'Späicheren an d'Steiere vun der Energie ekipéiert.

Elektrolys fir Waasserstoffhierstellung verbrauch Stroum

Waasserstoff entsteet duerch Elektrolys. Se ass e cheemesche Prozess, bei deem mat hëllef vun elektreschem Stroum eng cheemesch Reaktioun ausgeléist gëtt, fir Waassermoleküllen (H₂O) a Waasserstoff (H₂) a Sauerstoff (O₂) opzesplécken. Dëse Prozess erfuerdert eng grouss Quantitéit u Stroum an ass just mat enger stabiller Energiequell effizient.

De gewonnene Waasserstoff kann uschléissend als Energiequell benotzt ginn, besonnesch a Gefierer mat Brennstoffzellen. Fir dass d'Elektrolys allerdéngs an engem Automotor stattfanne kann, ass eng Stroumquell am Gefier wéi beispillsweis eng Batterie erfuerderlech.

"Esou e System wär awer immens ineffizient, well all Schratt vun der Energieëmwandlung Verloschter mat sech bréngt", hat de Rapier a sengem "Forbes"-Artikel de "Grondprinzip vun der Thermodynamik" weider erkläert. "Amplaz eng Batterie fir d'Hierstellung vu Waasserstoff duerch Elektrolys ze benotzen an dëse Waasserstoff da fir d'Undreiwe vun engem Auto ze benotzen, wär et vill méi effizient, de Stroum direkt fir den Undriff ze benotzen."

RTL

© AFP

Dës Schlussfolgerunge goufe vun enger Rei Expertinnen an Experte confirméiert, dorënner de Plamen Punov, Professer op der Technescher Universitéit Sofia, dee Studenteprojeten zum Sujet Waasserstoff-Brennstoffzelle betreit. Hien huet betount, dass Waasserstoff als Energiequell net an de Gefierer selwer produzéiert gëtt.

"All dës Gefierer produzéiere Stroum iwwer Brennstoffzellen, déi mat rengem Waasserstoff bedriwwe ginn, dee virdrun an Tanke gespäichert gouf", huet hien an enger E-Mail vum 7. Juli 2025 un d'AFP erkläert. "Ech kenne kee Gefier vun dëser Aart [dat säin eegene Waasserstoff u Bord produzéiere kann, Um. v. d. Red.], a souguer an der Theorie wär et äusserst ineffizient an onpraktesch."

D'Boriana Tsaneva, Doktesch an der Chemie op der selwechter Universitéit, huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 7. Juli 2025 confirméiert, dass "et technesch méiglech ass, d'Reschtenergie vun engem fuerende Gefier mat Elektrolys ze notzen". Dës Optioun wär awer "net ekonomesch".

Si huet erkläert, dass dat net just op déi héich Käschten an dat zousätzlecht Gewiicht zeréckzeféiere wär, déi mat der Installatioun vun enger Elektrolyszell an hiren elektronesche Steierungskomponente verbonne wären, mee och op d'Gefor, déi vun dem entstoenden explosive Gasgemësch ausgéing. Dëst Gemësch kéint der Tsaneva no net sécher gelagert ginn a misst direkt no sengem Entstoen agesat ginn. Ausserdeem entstéing bei der Verbrennung vum Gasgemësch just eng vernoléissegbar Quantitéit un notzbarer Energie.

Waasser als Killmëttel genotzt

D'Falschbehaaptung kéint op e Patent fir e Waasserstoffmotor mat Waasserkillsystem zeréckzeféiere sinn, dat Toyota am Joer 2023 ugemellt huet. Dobäi gëtt Waasser net als Energiequell, mee just als Killmëttel benotzt, dat déi traditionell genotzt Loft ersetzt.

D'Killung duerch Waasser erméiglecht eng besser Kontroll vun den héijen Temperaturen, déi bei der Verbrennung vu Waasserstoff entstinn. Doduerch kënnen och méi liicht Materialien an de Brennkummeren an Zylindere benotzt ginn, wouduerch de Motor gläichzäiteg méi effizient a méi liicht gëtt.

Am Toyota Mirai kënnt awer déi aktuell Technologie vum Hiersteller an den Asaz: De Modell gëtt mat enger Waasserstoff-Brennstoffzell bedriwwen, déi Stroum fir en Elektromotor hierstellt. De Waasserstoff gëtt an Héichdrocktanke gespäichert an op speziellen Tankstellen nogefëllt. Am Betrib stéisst d'Gefier just Waasserdamp aus - en Nieweprodukt vun der cheemescher Reaktioun tëscht Waasserstoff a Sauerstoff. D'Gefier verfüügt awer iwwer keen Elektrolyssystem a produzéiert kee Waasserstoff u Bord. Ausserdeem ass et mat enger Lithium-Ione-Batterie ausgerëscht.

Laangfristeg suivéiert Toyota eegenen Informatiounen no e Méifachusaz fir eng CO2-neutral Mobilitéit. En ëmfaasst d'Entwécklung vu Waasserstoff-Brennstoffzellen, waasserstoffbedriwwene Verbrennungsmotore souwéi Festkierperbatterien, déi méi Sécherheet, Reechwäit a Leeschtung bidde kéinten.

Toyota notzt Elektrolys zwar fir d'Hierstellung vu Waasserstoff an e puer vu sengen Anlagen, mee ausschliisslech baussent de Gefierer.

Batterieundriff ass méi gënschteg wéi Waasserstoffundriff

Am Joer 2025 dominéiere batteriebedriwwen Elektrogefierer de Weltmaart fir emissiounsfräi Transportmëttel, well se méi käschtegënschteg a méi energieeffizient si wéi mat Waasserstoff bedriwwen Autoen an d'Luedinfrastruktur ëmmer weider ausgebaut gëtt.

E puer Hiersteller, dorënner Toyota, gesi Waasserstoffautoen awer als Ergänzung fir den Transport vu schwéiere Gidder a fir Faarten iwwer laang Distanzen. Hir groussflächeg Entwécklung gëtt allerdéngs duerch héich Produktiounskäschten an en nach wéineg ausgebaut Netz un Tankstelle limitéiert.

Déi meescht Analystinnen an Analyste si sech eens, dass d'Zukunft vun der emissiounsfräier Mobilitéit op engem Mix aus verschiddenen Technologië beroue wäert: Batterië wäerte fir Autoe weiderhin déi bevirzucht Optioun bleiwen, wärend Waasserstoff a bestëmmte Secteure wéi dem Fernverkéier, dem Transport vu schwéiere Gidder oder bestëmmten industriellen Uwendungen eng strateegesch Roll spille kéint.

Fazit: Toyota huet kee waasserbedriwwene Motor virgestallt. Den Automobilhiersteller produzéiert just Gefierer, déi Waasserstoff, deen aus installéierten Tanken bäigefüügt gëtt, als Energiequell notzen. Fachleit hunn ausserdeem erkläert, dass et ineffizient an net ekonomesch wär, Waasserstoff direkt u Bord vun engem Auto duerch d'Opsplécke vu Waasser hierzestellen.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.