Artikel iwwer Hëtztrekord vun 2023 gëtt fälschlech als aktuell gedeelt

De Juli 2025 war weltwäit den drëttwäermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Am Internet mécht e Screenshot vun engem Artikel mat der Iwwerschrëft "Juli gëtt global wäermste Mount zënter Joerdausenden" d'Ronn. Notzer hunn d'Medien an dësem Zesummenhang der Panikmaacherei a Bezuch op de Klimawandel beschëllegt - virun allem wéinst de ville Reendeeg an Deeler vun Europa am Summer 2025.
Mee den Artikel gouf schonn zwee Joer virdru verëffentlecht. Aus eenzele Wiederphenomeener kann eng Widderleeung vum Klimawandel ausserdeem net ofgeleet ginn.
De verreente Juli 2025 an Deeler vun Europa huet Konspiratiounstheorien iwwer de vum Mënsch gemaache Klimawandel nei befeiert. "Dës Propagandamedie verbreede just nach Fakenews", housch et an engem Facebook-Bäitrag vum 31. Juli 2025. Ausserdeem hat de User e Screenshot vun engem Zeitungsartikel mat der Foto vun enger vun der Summerhëtzt gezeechenter Fra an dem Titel gedeelt: "Juli gëtt global wäermste Mount zënter Joerdausenden". Weider ass an engem Artikel-Screenshot ze liesen, dass de Rekord aus dem Joer 2016 gebrach gi kéint.
Op der Plattform X gouf déi selwecht Behaaptung, de Screenshot abegraff, publizéiert an Enn 2025 honnertfach gedeelt. Notzerinnen an Notzer hu sech villfach doriwwer an de Kommentarer ausgelooss: "Froe mech, vu wéi engem Juli déi schwätzen. Also dëse kann et jo net sinn" an "Si frou, dass de Juli elo eriwwer ass, war net auszehalen, sou laang beim Kamäin ze sëtzen". Och op Reddit huet d'Behaaptung d'Ronn gemaach.

© AFP
A Wierklechkeet ass den Artikel vereelzt. Eenzel Wiederphenomeener wéi en naasse Juli 2025 an Deeler vun Europa schwätzen awer net géint de Klimawandel.
Artikel ass iwwer zwee Joer al
Mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich huet d'AFP den Originalartikel fonnt. Et handelt sech ëm e Bäitrag vum éisträichesche Boulevardmedium "Oe24", deen de 27. Juli 2023 publizéiert gouf. De geneeë Publikatiounsdatum plus Auerzäit ("27.07.23, 16:31") ass am Original lénks ënnert der Iwwerschrëft ze gesinn, gouf bei den aktuell gedeelte Screenshots awer anscheinend erausgeholl.

© AFP
Am Artikel gëtt geschriwwen, dass Klimafuerscher vun der Weltwiederorganisatioun (WMO) no déi dräi Wochen Ufank Juli 2023 "de wäermste jeemools gemoossen Dräiwocheblock" gewiescht si sollen. Ausserdeem heescht et am Artikel: "2023 kéint de bisheerege Rekord vun 2016 als wäermst Joer briechen, sot de Chris Hewitt, Direkter fir Klimadéngschtleeschtunge bei der WMO."
"Oe24" hat am Bäitrag ausserdeem geschriwwen, dem europäesche Klimawandeldéngscht Copernicus no géif d'Klimafuerschung, déi d'historescht Klima aus indirekten Observatioune wéi zum Beispill Bamréng oder Loftblosen a Gletschere rekonstruéiert, noleeën, dass "d'Juli-Temperaturen [am Joer 2023, Um. v. d. Red.] zënter Dausende vu Joren net do" gewiescht wären.
Juli 2023 war global méi waarm wéi selwechten Zäitraum dëst Joer
A Wierklechkeet war et am Juli 2023 weltwäit enorm waarm. Wéi am "Oe24"-Artikel richteg beschriwwen, gouf an dësem Mount global déi héchst Temperatur zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnunge gemooss. Dat haten och eng Rëtsch aner Medie gemellt. D'aussergewéinlech Ofwäichung am Juli 2023 gouf souwuel vun der WMO wéi och vu Copernicus dokumentéiert. Opgrond vun der wäermster dräichwëcheger Period, déi zënter Ufank vun de Miessunge verzeechent gouf, haten d'Vereent Natiounen (UN) ausserdeem eng Warnung betreffend de Klimawandel erausginn.
An Däitschland louch den Temperaturmëttelwäert am Juli 2023 mat 18,7 Grad ëm 1,8 Grad iwwer dem Wäert vun der international gëlteger Referenzperiod 1961 bis 1990. Am Verglach zu der aktueller a wäermster Vergläichsperiod 1991 bis 2020 (18,3 Grad) louch d'Ofwäichung bei 0,4 Grad. Och an Éisträich war de Juli virun zwee Joer gréisstendeels däitlech ze waarm a war ee vun de wäermsten an der Geschicht vum Land zënter Ufank vun de Miessungen. An der Schwäiz louchen d'Temperaturen och iwwer de Referenzwäerter - mat 1,4 Grad iwwer der aktueller Referenzperiod.
2025 weltwäit drëttwäermste Juli zënter Ufank vun de Miessungen
Op de Mount Juli vum Joer 2025 gouf an dësem alen Artikel vun "Oe24" net agaangen, well en deemools nach an der Zukunft louch. Aktuell Auswäertunge weisen: De Juli 2025 war global tatsächlech méi kill wéi de selwechte Mount vum Joer 2023, louch de Copernicus-Daten no awer iwwer dem duerchschnëttleche Referenzniveau 1991 bis 2020. De leschte Mount war ausserdeem weltwäit den drëttwäermste Juli, dee bis elo gemooss gouf. Dat hunn eng Rëtsch Medie gemellt.
An Däitschland louch den Temperaturduerchschnëtt am Juli 2025 bei ronn 18,4 Grad a war domat 0,1 Grad méi waarm wéi de Wäert an der Referenzperiod 1991 bis 2020. An der Schwäiz louchen d'Temperaturen am Juli 2025 ëm 0,4 Grad drënner. An Éisträich louch de Juli 2025 am Beräich vum Duerchschnëtt vun der Referenzperiod 1991 bis 2020, mat enger Ofwäichung vu -0,2 Grad am Déifland a -0,6 Grad op de Bierger. Am Verglach zur Referenzzäit 1961 bis 1990 war de Juli souguer relativ waarm a louch an Éisträich beispillsweis am Déifland ëm 1,5 Grad iwwer dem Duerchschnëtt an op de Bierger ëm 1,0 Grad.
An Europa hu sech d'Konsequenze vun der globaler Erwiermung am Juli 2025 awer och duerch extreem Temperaturen a gravéierend Iwwerschwemmunge bemierkbar gemaach. Schweden a Finnland hunn ënner enger aussergewéinlecher Hëtzt gelidden. Besonnesch staark hat et och Südosteuropa getraff, wou et zu Hëtztwellen a Bëschbränn komm war. Och an der Tierkei gouf mat 50,5 Grad en neie landeswäiten Temperaturrekord erreecht.
Klimawandel ass real a vum Mënsch gemaach
Wéinst den niddregen Temperaturen oder Reendeeg stellen Internetnotzer de vum Mënsch gemaache Klimawandel fälschlecherweis ëmmer nees a Fro. Unhand vun eenzelen historesche Momentopname loosse sech awer keng belaaschtbar wëssenschaftlech Schlussfollgerungen iwwer laangfristeg Klimaverännerungen zéien. Dat hu Fuerscher der AFP an der Vergaangenheet schonn dacks erkläert.
De Stefan Rahmstorf, Klimafuerscher um Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung, hat der AFP zum Beispill den 12. Abrëll 2024 geschriwwen, dass d'vum Mënsch gemaache Klimaerwiermung unhand vun engem eenzele Wiederphenomeen net widderluecht gi kéint: "Se ass eng zënter Joerzéngte geséchert Tatsaach."
All d'Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.
Fazit: En a Sozialen Netzwierker gedeelte Screenshot mat der Iwwerschrëft "Juli gëtt global wäermste Mount zënter Joerdausenden" huet am Summer 2025 zu Virwërf géint Medie geféiert, se géifen trotz de ville Reendeeg an Deeler vun Europa Panik a Bezuch op de Klimawandel verbreeden. A Wierklechkeet staamt den Artikel aus dem Juli 2023 a bezitt sech op déi deemoleg Rekordtemperaturen. Eenzel Wiederphenomeener widderleeën de Klimawandel net.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
