D'australescht Great Barrier Reef huet Fuerscher no am vergaangene Joer déi stäerkst Bleech zënter dem Ufank vun den Opzeechnunge viru bal 40 Joer erlieft. A Sozialen Netzwierker gëtt trotzdeem behaapt, dass d'Korallerëff "wuessen" a "Wuesstumsrekorder" opstelle géing. Domat stellen Notzerinnen an Notzer d'Existenz vun der globaler Erwiermung a Fro.

Et ass awer eng falsch Duerstellung. Fachleit a Laangzäitdonnéeën no féiert d'Klimaerwiermung zu ëmmer nees optriedende Bleechphase vun de Korallen a betrëfft besonnesch grouss Gebidder. Ausserdeem goung d'Bedeckung vun de Korallen 2024 an 2025 zeréck.

Souguer aus dem Weltraum ass et ze gesinn: d'Great Barrier Reef an Australien. Duerch méi héich Waassertemperature verbleecht et. A Sozialen Netzwierker gëtt wärenddeem behaapt, et géif sech erhuelen. "Wann d'Realitéit net an d'Narrativ passt, gëtt se vum Mainstream gär verschwigen/ewechgelooss", housch et an engem Telegram-Bäitrag vum 1. August 2025. "Sou och a Saache Great Barrier Reef, dat alle Beschwierunge vun de Klimafanatiker zum Trotz blitt a wiisst, amplaz ofzestierwen."

De Bäitrag gouf vu "Report24" gedeelt - engem Blogg, deen der AFP schonn dacks duerch Falschinformatiounen opgefall ass. Report24 verlinkt doran en Artikel, deen de selwechten Dag op senger Internetsäit publizéiert gouf, mam Titel "Tropewonner amplaz Klimakatastroph: D'Great Barrier Reef wiisst - a keen däerf et wëssen".

RTL

© AFP

D'Behaaptung, d'Great Barrier Reef géif wuessen, gouf och op de Plattforme Facebook an X gedeelt. Se huet sech och op Franséisch verbreet.

D'Great Barrier Reef ass UNESCO-Weltnaturierwen an dat gréisst Korallerëff vun der Welt. Et läit nordëstlech vun der australescher Küst an erstreckt sech iwwer méi wéi 2.300 Kilometer.

Zënter bal 40 Joer ënnersiche Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler dës Korallen am Kader vum "Long-Term Monitoring Program" vum Australeschen Institut fir Miereswëssenschaft (och "AIMS' Long-Term Monitoring Program"). Dem jéngste Bericht vun dësem Programm no (Publikatioun 6. August 2025) huet d'Great Barrier Reef am Zäitraum August 2024 a Mee 2025 déi "ausgedeentst" Bleech erlieft, déi duerch déi héich Mierestemperaturen am Joer 2024 bis elo verursaacht gouf an zu "engem zënter dem Ufank vun den Opzeechnunge beispilllosen Hëtztstress" geféiert huet.

D'Bleech ass en natierlecht Phenomeen, dat optrëtt, wann d'Waassertemperature klammen. Da stousse Korallen Algen of, mat deene si a Symbios liewen, déi si mat Narung versuergen an déi hinnen hir liichtend Faarwe ginn. Duerch d'Ofstousse ginn d'Koralle wäiss a kënnen ofstierwen.

RTL

© AFP

D'Behaaptung a Sozialen Netzwierker stëmmt deemno net. Hir zugronn leiend Donnéeë gi just an Auszich an ouni Kontext duergestallt.

Donnéeën ernimme kee "Rekordwuesstem"

Report24 no géif am Joer 2025 alles op e "Rekordjoer fir d'Korallewuesstem" vum Great Barrier Reef hindeiten, an dat "déi véiert Kéier hannerteneen". Dat wär angeeblech en Zeechen dofir, dass déi global Erwiermung keng negativ Konsequenzen op d'Korallen hätt.

Report24 zitéiert en Artikel vun "The Daily Sceptic" vum 31. Juli 2025 mat der selwechter Behaaptung. D'AFP huet Falschinformatiounen, déi vun dëser Säit gedeelt goufen an haaptsächlech Bezuch op d'Klimaerwiermung huelen, op Englesch widderluecht.

Am Artikel vun "The Daily Sceptic" gëtt op e bevirstoende Joresbericht iwwer den Zoustand vum Great Barrier Reef a permanent aktualiséiert Donnéeën iwwer den Zoustand vum Rëff vu Juli 2025 verwisen (hei archivéiert), déi op der offizieller Internetsäit vun der australescher Regierungsagence Great Barrier Reef Marine Park Authority (GBRMPA) verëffentlecht goufen.

An dësen Donnéeë gëtt awer entgéint der Falschbehaaptung kee "Rekordwuesstem" ernimmt. D'Agence gëtt par contre un, dass am ënnersichten Zäitraum vum 1. Juni bis den 20. Juli 2025 un de 44 ënnersichte Rëffer vum Great Barrier Reef "keng Bleech observéiert" gouf. Donnéeën aus dëse Méint erauszepicken, fir doraus allgemenggëlteg Schlussfollgerungen ze zéien, ass awer "Cherry Picking", wéi d'Erklärunge vun Experte géintiwwer der AFP weisen. "Cherry Picking" ass eng Argumentatiounstechnik am Beräich vun der Desinformatioun, bei där just wëssenschaftlech Donnéeën erugezu ginn, déi bestëmmt Behaaptunge stäipen.

Donnéeë stamen aus dem Wanter

Den Terry Hughes, emeritéierte Professer op der australescher James Cook University a Korallenexpert, huet fir d'éischt dorun erënnert, dass "an Australien am Juli Wanter herrscht", wat bedeite géif, dass "d'Mierestemperaturen ze kill sinn, fir dass et zu enger Korallebleech komme kéint".

"D'Koralle bleechen aus a stierwen opgrond vun der globaler Erwiermung, wann d'Mierestemperaturen am Summer hir historesch Héchstwäerter iwwerschreiden", huet de Hughes op AFP-Ufro de 7. August 2025 erkläert. "D'Wantere si mëttlerweil och méi waarm, awer net waarm genuch, fir eng Bleech auszeléisen."

"E Rekord vu Korallebleech a -stierflechkeet gouf Ufank 2025 och am Norde vum Great Barrier Reef festgestallt", huet de Hughes erkläert a bedauert, dass d'Ausféierunge vun der GBRMPA fir Juli 2025 "den Androck vermëttelen, dass alles ënner Kontroll ass - wat offensichtlech net de Fall ass".

An anere méintleche Berichter vun dësem Joer sinn eng Rëtsch Hiweiser op Korallebleech ze fannen. Am Mäerz 2025 beispillsweis "gouf an 23 vun 31 ënnersichte Rëffer eng Bleech festgestallt". Am Februar "hu 17 vun 19 ënnersichte Standuerter Unzeeche vun enger Bleech" opgewisen, wat an de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker an den Artikelen net ernimmt gëtt.

"Et ass dohier falsch, eng eenzeg 'Aktualiséierung vum Zoustand vum Rëff' matzen am Wanter erunzezéien, fir virzeginn, dass de Klimawandel keng negativ Auswierkungen op d'Great Barrier Reef hätt", huet d'Australescht Institut fir Miereswëssenschaft (AIMS) géintiwwer der AFP de 7. August 2025 confirméiert. Dës Donnéeë géifen ausserdeem "weisen, dass an den 39 Joer Observéierung d'Schwankunge vun der Korallebedeckung an de leschte 15 Joer ëmmer méi grouss goufen, wat dorop hindeit, dass den Ekosystem mat zouhuelenden Hëtztwellen am Mier méi instabil gëtt".

"Dat si keng Unzeeche fir e 'bléienden' Ekosystem, mee fir en Ekosystem, deen (duerch wäitgoend ongewéinlech Temperature verursaacht Verännerungen, Um. v. d. Red.) zouhuelendem Stress ausgesat ass", sou de Fazit vum AIMS.

RTL

© AFP

D'Tatsaach, dass am Juni a Juli 2025 keng Bleech opgetrueden ass, "bedeit net, dass d'Rëff gesond ass, huet och de Peter Mumby, Professer um Institut fir Miereswëssenschaften vun der University of Queensland, géintiwwer der AFP de 7. August 2025 confirméiert.

Bleech huet Rekordniveau erreecht

D'Bäiträg, déi online gedeelt ginn, ernimmen ausserdeem angeeblech Donnéeën (ouni eendeiteg Quellenangab), déi e "Rekordwuesstum" beleeë sollen. Wéi eng Rei Fachleit awer schonn am Dezember 2023 géintiwwer der AFP betount haten, heescht en Zouhuele vun der Korallebedeckung oder e "Rekordwuesstum" a bestëmmte Beräicher net onbedéngt, dass d'Korallen insgesamt gesond sinn. Doriwwer eraus deiten déi jéngst Donnéeën éischter op e Réckgang vun der Korallebedeckung am vergaangene Joer hin.

All Joer verëffentleche Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler vum AIMS e Bericht iwwer den Zoustand vun der Aartevillfalt an de Korallen. De jéngste Bericht vum 6. August 2025 deckt den Zäitraum vun August 2024 bis Mee 2025 of a weist, dass am vergaangene Joer déi groussflächegst Korallebleech stattfonnt huet, déi bis elo registréiert gouf. Gläichzäiteg war se déi fënneft massiv Bleech zënter 2016.

De Bericht géif "e staarke Réckgang vun der Korallebedeckung an allen dräi Regioune vum Great Barrier Reef am Verglach zum viregte Joer" weisen, huet d'Institut géintiwwer der AFP de 7. August 2025 erkläert. "Dëse Réckgang gouf haaptsächlech duerch d'Ofstierwe vun de Korallen opgrond vun der massiver Bleech ausgeléist, déi duerch den Hëtztstress am Joer 2024 ausgeléist gouf." Dësen Hëtztstress "gouf [nees] duerch de Klimawandel ausgeléist", seet d'Institut weider.

"Am Allgemengen deit e signifikante Réckgang vun der Korallebedeckung net op e 'floréierenden' Ekosystem hin", huet den AIMS erkläert. "Et dauert Méint, bis sech Korallen no enger massiver Bleech entweeder nees erhuelen oder ofstierwen."

D'Korallebedeckung "huet an der Vergaangenheet geschwankt", sou den AIMS, mee den am August 2025 verëffentlechte Bericht géif "de gréisste Réckgang vun der Korallebedeckung an engem eenzege Joer an zwou vun dräi Regioune vum Rëff (den nërdlechen a südlechen) zënter Ufank vun der Iwwerwaachung duerch den AIMS virun 39 Joer" weisen.

Am aktuelle Berich preziséiert d'Institut ausserdeem, dass eng séier wuessend Korallenaart, bekannt ënner dem Numm Acropora, am stäerkste betraff gewiescht wär. Dohier géif d'Betruechtung vun der Korallebedeckung net onbedéngt e fiabelt Bild vum Gesondheetszoustand vun de Koralle liwweren. Well eng séier wuessend Korallenaart kéint deemno zwar potenziell séier eng gréisser Fläch bedecken, wat awer net bedeite géif, dass d'Bedeckung nohalteg oder d'Rëff insgesamt gesond wär.

RTL

© AFP

Dem Peter Mumby no ass d'Great Barrier Reef "wäitgoend beschiedegt, awer e puer Gebidder sinn a guddem Zoustand". Et wär ausserdeem kloer, dass "de Klimawandel d'Ursaach fir dës jéngst Bleech" ass.

Op der Internetsäit vun der Great Barrier Reef Marine Park Authority, déi an den online gedeelten Artikele benotzt gëtt, fir d'Existenz vun der globaler Erwiermung a Fro ze stellen, weist d'GBRMPA awer eendeiteg dorop hin, dass Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler "dovun ausginn, dass et bis 2050 oder souguer scho méi fréi zu massive Bleeche komme wäert, wann d'Zäregasemissiounen net drastesch reduzéiert ginn".

Op AFP-Ufro zu de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker huet d'GBRMPA de 7. August 2025 op hire Pressecommuniqué vum viregten Dag verwisen, dee si no der Verëffentlechung vum AIMS-Bericht erausginn hat. Doran heescht et, dass de Bericht "en erhiefleche Réckgang vun der haarder Korallebedeckung am Great Barrier Reef opweist - no Rekordwäerter bei der Koralleregeneratioun an de Joren 2022 an 2023". Dës Donnéeën huet d'Agence als "besuergneserreegend" bezeechent a bäigefüügt: "Et ass traureg, d'Auswierkunge vum Klimawandel op dat gréisst liewend Naturwonner vun der Welt an Echtzäit ze gesinn."

Den Terry Hughes huet ausserdeem dorun erënnert, dass d'aktuell Donnéeën, déi op der Internetsäit vun der GBRMPA verëffentlecht ginn, "just eng Erklärung" a keng wëssenschaftlech Etüd wären an dass "bestëmmt Deeler" ouni Kontext "zimmlech ierféierend" opgefaasst gi kéinten. "Et ass beonrouegend, dass eng australesch Regierungsagence a Sozialen Netzwierker vu Klimawandelleegner zitéiert gëtt", huet hie bedauert.

Korallerëffer weltwäit si bedrot

Korallerëffer sinn an alle Weltmierer duerch Rekordtemperature bedrot. D'Heefegkeet an d'Intensitéit vun Hëtztwellen an de Mierer hunn zougeholl.

D'Ozeaner absorbéieren 90 Prozent vun der iwwerschësseger Hëtzt, déi duerch mënschlech Aktivitéiten am Industriezäitalter an de System vun der Äerd kënnt. Dës Energie hëlt mat der zouhuelender Uräicherung vun Zäregasen an der Atmosphär weider zou.

D'duerchschnëttlech Temperatur vun der Mieresuewerfläch ronderëm Australien war dem australesche Wiederdéngscht no am Joer 2024 déi "héchst jeemools gemooss".

Australien bereet am Joer 2025 seng nächst Ronn vun Emissiounsreduktiounsziler vir, eng zentral Verflichtung vum Paräisser Klimaofkommes. D'Biergbaunatioun bleift awer ee vun de gréissten Exporteure vu Kuel weltwäit a subventionéiert hir fossil Brennstoffer weiderhin a groussem Ëmfang.

Weider Faktenchecken zum Theema Klima sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: D'Behaaptung, d'Great Barrier Reef géif wuessen a bléien, ass falsch. Donnéeën, deenen no et viru Kuerzem keng Bleech ginn hätt, stamen aus de Méint Juni a Juli 2025. Zu dësem Zäitpunkt ass an Australien Wanter. Keng zousätzlech Bleech ass an dësem Zäitraum net ongewéinlech. Experten no geet d'Korallebleech duerch d'global Erwiermung weider. Offiziell Berichter confirméieren dat.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.