Den amerikanesche President Donald Trump koum den 18. August 2025 mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an europäesche Staats- a Regierungscheffen zu Washington zesummen, fir iwwer den Ukrain-Krich ze schwätzen. Wärenddeem gouf online e Bild verbreet, dat angeeblech weise soll, wéi d'europäesch Staatsmänner a -frae virum Oval Office waarden. Visuell Onstëmmegkeete maachen awer däitlech, dass d'Bild mat KI erstallt gouf an d'Persounen, déi op der Foto sinn, net mat deenen op den offizielle Fotoe vun der Renconter iwwereneestëmmen.

"Gläich geet et lass. Nach emol konzentréieren an dann eran", steet an engem X-Bäitrag vum 18. August 2025 iwwer engem Bild, op deem de franséische President Emmanuel Macron, d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen a weider europäesch Staats- a Regierungscheffe virum Oval Office sëtzen a waarden, fir eragelooss ze ginn.

D'Bild gouf och op Facebook an Telegram verbreet, och de staatlech ënnerstëtzte russesche Medium "Pravda" huet et gedeelt. Et war och an enger Rëtsch Sproochen am Ëmlaf, dorënner Englesch, Franséisch, Griichesch, Polnesch, Portugisesch, SerbeschSlowakesch.

RTL

© AFP

D'Bild hat sech séier verbreet, wéi sech d'europäesch Spëtzepolitiker dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj fir Gespréicher mam Donald Trump am Wäissen Haus ugeschloss haten. Am Virfeld hat den Trump an Alaska e Sommet mam russesche President Wladimir Putin ofgehalen.

Den Trump strieft als nächste Schrëtt en Treffe vu Selenskyj a Putin un, dat nom Wëlle vum US-President e Sommet zu dräi gi soll – mam ukraineschen, mam russesche President an dem Trump selwer.

Den amerikanesche President hat den 18. August 2025 fir d'éischt eleng mam Selenskyj am Oval Office geschwat, éier d'Gespréich am East Room mat de Staats- a Regierungscheffe vu Groussbritannien, Frankräich, Däitschland, Italien, Finnland, der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun an dem NATO-Generalsekretär stattfonnt huet. Et gëtt awer keng Hiweiser dorop, dass d'Bild vun den Europäer, déi waarden, echt ass.

Bild weist visuell Onstëmmegkeeten op

Eng Stéchwierder-Sich op der Plattform X huet zu enger Versioun vum Bild mat enger méi héijer Opléisung op anere Konte geféiert, wouduerch sech Unzeeche fir eng Fälschung méi liicht erkenne loossen. Zwar gëtt et rasant Fortschrëtter bei der Kënschtlecher Intelligenz (KI), et trieden awer weiderhi visuell Feeler op. E Bild akkurat ze préiwen ass dowéinst e wichtegt Instrument, fir festzestellen, ob et echt oder KI-generéiert ass.

Sou ass op dem Bild nieft dem Mann, deen den Emmanuel Macron si soll, en drëtt Bee mat enger schwaarzer Box an engem schwaarze Schong ze gesinn. Och nieft der Fra am roude Kleed sinn zousätzlech Schong ze erkennen.

D'Muster vum Teppech ass ausserdeem onreegelméisseg: op just enger Plaz ass e bloe Rechteck ze gesinn an e puer Elementer schénge giel ze sinn, wärend dat bei aneren net de Fall ass.

RTL

© AFP

Weider feelen op dem Bild d'Regierungscheffe vun Däitschland, Groussbritannien a Finnland – alleguer Männer, déi beim Treffe mam Trump e Brëll ophaten. Ausserdeem sinn déi dräi Fraen op dem Bild keng Regierungscheffinne vun europäesche Länner. D'Persoun am turquoisë Kostüm huet eng kuerz Frisur, déi där vun der Ursula von der Leyen änelt.

AFP-Fotoen an offiziell Biller vun der Trump-Regierung beleeën awer, dass d'von der Leyen bei dësem Treffen eng orange Jackett mat schwaarzer Box unhat. D'italieenesch Ministerpresidentin Giorgia Meloni hat e groen Tailleur un.

RTL

© AFP

De KI-Erkennungstool Hive Moderation huet mat enger Warscheinlechkeet vun 99 Prozent festgestallt, dass dëst Bild mat KI hiergestallt gouf. D'Bild gouf och vum Nationale Sécherheets- a Verdeedegungsrot vun der Ukrain, deen en Departement fir d'Bekämpfe vun Desinformatioun ënnerhält, als KI-generéiert entlarvt.

Weider Faktenchecken iwwer den Ukrain-Krich sammelt d'AFP op hirer Internetsäit.

Fazit: E Bild, op deem d'europäesch Staats- a Regierungscheffe beim Treffe mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an dem amerikanesche President Donald Trump den 18. August 2025 virum Oval Office ze waarde schéngen, ass net echt. Et weist visuell Onstëmmegkeeten op an e puer Persounen hunn dorop aner Kleedung un, wéi et wärend dem Sommet de Fall war. En Erkennungstool huet ausserdeem festgestallt, dass d'Bild héchstwarscheinlech KI-generéiert ass.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.