Méi wéi dräi Joer nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain huet den Emmanuel Macron de 24. September deklaréiert, dass d'NATO-Staaten hir Géigemoossnamen am Fall vun "neie Provokatiounen" säitens Russland "verschäerfe" missten. Eng Woch méi spéit war a Sozialen Netzwierker eng angeeblech Reportage am Ëmlaf, an där behaapt gouf, dass de franséische Staatschef de Bau vun engem ënnerierdesche Luxusbunker an Optrag ginn hätt. De Wäert dovu gouf op 148 Milliounen Euro geschat.

Dës Behaaptunge stäipe sech op eng falsch Reportage, gefälscht Dokumenter an net existéierend Quellen. Et gëtt keng Beweiser fir dës Behaaptungen, an hir Verbreedung weist typesch Mierkmoler vun enger prorussescher Desinformatiounscampagne op.

Zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain am Februar 2022 iwwerschwemmt prorussesch Propaganda d'Sozial Netzwierker an huet d'europäesch Länner als Zil, virun allem fir déi westlech Ënnerstëtzung fir d'Ukrain ze schwächen.

No de kierzlechen Deklaratioune vum Emmanuel Macron, deen de 24. September sot, dass d'NATO-Länner hir Reaktioun op méiglech russesch "Provokatioune verstäerke" missten, an eng Woch méi spéit d'Europäer opgefuerdert huet, sech an "enker Ofstëmmung" mat der NATO ze organiséieren, fir den Drock op d'Flott vun illegale Schëffer, déi Russland fir d'Ëmgoe vun de westleche Sanktiounen asetzt, ze erhéijen (archivéiert Links: hei an hei), koum et zu enger neier Well vun Desinformatiounen.

E Video goung an de Sozialen Netzwierker viral: An dem e bësse méi wéi zwou Minutte laange Clip gëtt behaapt, dass "de franséische President sech op den Drëtte Weltkrich virbereet", andeem hien e "Luxusbunker" mat enger Fläch vu "méi wéi 1.500 m²" fir "148 Milliounen Euro" baue géif. Als Quell nennt de Video en angeebleche Rapport vun Tracfin, dem Organismus fir d'Bekämpfe vu Finanzkriminalitéit a Frankräich.

"Tracfin, e Geheimdéngscht, dee gegrënnt gouf, fir verdächteg Finanztransaktiounen ze suivéieren, huet e Rapport verëffentlecht, an deem vun engem décke Montant rieds ass, déi vum Macron sengem Vertrauten Alexis Kohler un d'Oppidum Bunkers GmbH iwwerwise gouf", behaapt en Notzer. Dësen ass der AFP bekannt, well hie gär russlandfrëndlech Falschmeldunge verbreet. Säi Message, dee méi wéi 2.000 Mol gedeelt gouf, gouf vu méi wéi enger Millioun Leit gesinn.

RTL

© AFP

De Video weist Illustréierunge vun engem Bunker souwéi vun engem angeeblechen Iwwerweisungsoptrag vun der Bank Société Générale vum 4. September 2025 iwwer 50 Milliounen Euro am Numm vum Alexis Kohler, dem fréiere Generalsekretär am Elysée, un d'Firma Oppidum, déi op de Bau vun héichwäertege Bunkere spezialiséiert ass.

RTL

© AFP

D'Publikatioun gouf op X, Facebook an Instagram verbreet. De Video a seng Behaaptunge sinn awer komplett aus der Loft gegraff.

Eng Societéit, déi net méi existéiert 

Zënter der Covid-19-Pandemie si Luxusbunker bei de Superräichen ëmmer méi beléift ginn. Perséinlechkeete wéi de Mark Zuckerberg investéiere grouss Zommen an autonom, staark geséchert Residenzen (Links hei an hei archivéiert).

Oppidum, eng Societéit, déi 2020 vum tschecheschen Entrepreneur Jakub Zamrazil gegrënnt gouf, huet sech op dësem Nischemaart etabléiert. D'Entreprise versprécht héichwäerteg Refugen am Wäert vu bis zu 100 Milliounen US-Dollar an huet hire Bekanntheetsgrad duerch sophistiquéiert Visualiséierungen an digital Renderingen opgebaut.

Trotzdeem gouf ni e reellt Bild vun esou engem Komplex verëffentlecht. Déi eenzeg Biller, déi verëffentlecht goufen, si Computergrafiken, dorënner och déi, déi an de virale Fake-Videoe benotzt goufen:

RTL

© AFP

RTL

© AFP

D'Schwäizer Entreprise gouf mëttlerweil am Fréijoer 2025 opgeléist, laang virun der angeeblecher Transaktioun, déi an de Publikatiounen ernimmt gëtt. Dës Informatioun gëtt vun enger Rei offizielle Regëstere confirméiert, dorënner de Schwäizer Handelsregëster(Link hei archivéiert), wéi de Fact-Checking-Déngscht vu franceinfo Vrai ou Faux gemellt huet.

Den Internetsite an den X-Kont vun der Entreprise goufen och deaktivéiert (Link hei archivéiert). De Site Wayback Machine, deen Zougang zu fréiere Versioune vun Internetsitten erméiglecht, weist e Message vun der Societéit vum 22. Abrëll 2025, an där et housch: "Eis Entreprise ass zou".

RTL

© AFP

Och an de ville Rapporte vun Tracfin, déi online disponibel sinn, ass keen Hiweis op dës Transaktioun ze fannen.

D'Stëmmen, déi an dëser Reportage ze héiere sinn, weise schwéier identifizéierbar Akzenter op. Eng Analys vum Audiomaterial vum Video duerch d'AFP mathëllef vum Verifizéierungstool InVID-WeVerifiy, deen um Site fir Deepfake-Detektor Hiya.com disponibel ass, ergouf, dass en "héchstwarscheinlech mat KI generéiert" gouf.

RTL

© AFP

Mëssbraucht Identitéiten 

Um Enn vum virale Video trëtt e Mann op, dee sech als fréieren Ingenieur vun Oppidum ausgëtt an op den Numm José Meier lauschtert, fir d'Erzielung ze ënnermaueren. Et gëtt awer keng Hiweiser fir d'Existenz vun dëser Persoun oder hir Verbindung mat der Schwäizer Entreprise. Säi staarken Akzent a säi komescht familiäert Ausgesi geheie Froen op.

Laut Membere vum Kollektiv GNIDA, deen op d'Opdeckung vun digitalen Amëschungsoperatioune spezialiséiert ass, soll de Mann schonn an enger viregter Desinformatiounscampagne géint de franséische President opgedaucht sinn. An deem Fall hätt hie sech als "François Faivre", en 58 Joer alen Dokter, ausginn (Link hei archivéiert).

Am Juli 2025 hat den Éric Archambault - de selwechten Internetnotzer, deen de gefälschte Bunkervideo verbreet huet - behaapt, dass dësen angeebleche Chirurg zu Paräis dout opfonnt gi wär. Dat gouf mat Rumeuren iwwer d'Brigitte Macron a Verbindung bruecht. D'AFP hat doropshin en Artikel iwwer dës komplett erfonnt Desinformatioun geschriwwen.

Beim Versuch, de "François Faivre" oder de "José Meier" unhand vun der Videosequenz a sengem Portrait ze identifizéieren, huet d'AFP de Gesiichtserkennungstool PimEyes benotzt. Resultat: Eng Persoun mat änleche Gesiichtszich ass op der Internetsäit vun der Billerdatebank iStock vun der Agence Getty Images ze fannen. Laut den Informatiounen, déi mat dësem Bild verknëppt sinn, gouf et do den 28. Mee 2017 verëffentlecht (Link hei archivéiert).

RTL

© AFP

Doriwwer eraus daucht dat selwecht Gesiicht a verschiddene kommerzielle Contenuen op, ouni erkennbaren Zesummenhang (12345).

RTL

© AFP

Dat kéint dorop hiweisen, dass et sech ëm e Schauspiller oder e Model handelt, deem säi Bild iwwer eng Kënschtlech Intelligenz (KI) an engem ierféierende Kontext benotzt gouf - eng Method, déi vun der AFP schonn an aneren änleche Fäll dokumentéiert gouf. Et kéint sech awer och ëm e Bild handelen, dat einfach mathëllef vu KI hiergestallt gouf, ouni reell Grondlag.

Falsch Norichtesäiten 

D'viral Verëffentlechungen iwwer d'Geschicht mam Bunker verweisen op eng gefälscht Internetsäit mam Titel "brutinfo.fr", déi den Numm vum unerkannte Medium "Brut" mëssbraucht. Dës frauduléis Plattform gëtt vir, dass hir Artikele vu renomméierte Journaliste stamen, deenen hir Identitéit si a Wierklechkeet awer mëssbraucht. D'angeeblech Untersuchung wéinst dem "Luxusbunker" vum Emmanuel Macron gëtt do beispillsweis dem Benoît Vitkine, engem Journalist vu "Le Monde", zougeschriwwen.

RTL

© AFP

D'Dageszeitung huet en Artikel verëffentlecht, an deem si dësen Identitéitsmëssbrauch denoncéiert an dorop verwisen huet, dass d'Internetsäit brutinfo.fr den 28. September beim litaueschen Hosting-Bedreiwer Hostinger registréiert gi war, dee mëttlerweil offline ass (Link hei archivéiert).

Laut enger Rei spezialiséierte Quellen, déi vu Le Monde kontaktéiert goufen, lafen all Hiweiser bei Storm-1516 zesummen, en Netzwierk, dat bei Experte scho fir seng prorussesch Desinformatiounscampagnë bekannt ass. D'Netzwierk, dat mat Acteuren am Kreml a Verbindung steet, verbreet massiv falsch Contenuen a westleche Länner, besonnesch a Frankräich an an den USA.

Dobäi ginn Artikelen gedeelt, déi aus echte Medie kopéiert oder mathëllef vu Kënschtlecher Intelligenz generéiert goufen, fir glafwierdeg ze erschéngen. A Wierklechkeet handelt et sech ëm Desinformatiounen, fir d'Ukrain an hir Alliéiert ze diskreditéieren.

D'AFP huet iwwer dës Desinformatiounscampagne schonn dacks bericht (1, 2, 3).

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.