Obwuel dacks ëmstridden, ass d'Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad a Groussbritannien wéi a villen aneren europäesche Länner legal.

Enn September hat de britteschen Nationale Gesondheetsdéngscht (NHS) e Bloggartikel publizéiert, an deem d'Vir- an Nodeeler vun dëser Zort Verbindung duergeluecht goufen. Duerno gouf a virale Bäiträg d'Behaaptung verbreet, de brittesche Premierminister Keir Starmer hätt kierzlech ënner dem Afloss vun enger angeeblecher "muslimescher Lobby" d'Bestietnes tëscht Kosengen a Geschwëster oder tëscht Elteren a Kanner legaliséiert.

Dës Behaaptunge sinn onbegrënnt. De gedeelte Video weist, wéi de Keir Starmer am Mäerz 2025 de Virschlag vun engem Oppositiounsdeputéierten ofleent, Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad ze verbidden. Stand Oktober 2025 si just nach déi leschtgenannt Bestietnesser erlaabt, wärend Uniounen tëscht noe Familljememberen no britteschem Recht weiderhi streng verbuede sinn.

"Op Wonsch vun der muslimescher Lobby huet de Keir Starmer Bestietnesser tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad legaliséiert", heescht et an engem Bäitrag op der Plattform X, deen zënter dem 2. Oktober méi wéi 2.000 Mol gedeelt an och vu méi wéi 5.000 Notzer gelikt gouf.

RTL

© AFP

Duerch eng ëmgekéiert Billersich ka confirméiert ginn, dass d'Sequenz vu 40 Sekonnen aus enger Debatt am Ënnerhaus vum brittesche Parlament staamt, déi de 5. Mäerz 2025 op YouTube verëffentlech gouf (Link hei archivéiert). Doran ass ze gesinn, wéi de konservativen Deputéierte Richard Holden fir säi Virschlag, d'Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad am Vereenegte Kinnekräich ze verbidden, plädéiert - ouni Succès. De brittesche Premierminister Keir Starmer leent et kloer of, dës Initiativ ze ënnerstëtzen.

Änlech Bäiträg waren och op Facebook (1, 2, 3, 4)Instagram an X(1, 2) an diverse Sproochen am Ëmlaf, dorënner Englesch, Däitsch, Slowakesch an Tschechesch. An e puer vun dëse Bäiträg gëtt fälschlecherweis behaapt, de Richard Holden hätt gesot, "Här Starmer, verstitt Dir, wat Dir maacht? Dir legitiméiert Bestietnesser tëscht Bridder a Schwësteren, tëscht Elteren a Kanner". Dës Äusserung ass awer néierens a senger Interventioun ze fannen.

RTL

© AFP

D'Behaaptung, de Keir Starmer hätt Bestietnesser tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad legaliséiert, ass falsch.

Esou Bestietnesser tëscht Familljemembere vum éischte Grad sinn am Vereenegte Kinnekräich awer wuel legal. Dogéint sinn Uniounen tëscht enke Familljemembere mat direkter Bluttsverwandschaft (Papp, Mamm, Kand, Brudder, Schwëster) nom Gesetz iwwer d'Bestietnes vun 1949 strengstens verbueden. Inzestuéis sexuell Bezéiunge gi dem Sexual Offences Act vun 2003 no och strofrechtlech verfollegt (Link hei archivéiert).

Virschlag fir e Verbuet vum Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad

Der offizieller Transkriptioun vun der Parlamentsdebatt (Kolonn 281) no sot de Richard Holden: "Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad féiert bei hire Kanner zu erhiefleche Gesondheetsproblemer, vun deene vill eréischt no der Gebuert bekannt gi kënnen. Wa se Generatioun fir Generatioun praktizéiert gëtt, gëtt et en erhiefleche Multiplikatiounseffekt."

De konservativen Deputéierten huet och d'sozial Konsequenze vun dëser Praxis ugeschwat: "Doriwwer eraus sinn déi tatsächlech Auswierkungen op d'Ouverture vun eiser Gesellschaft an d'Rechter vu Fraen an eisem Land vu Bedeitung. Ëmmerhi gëtt et signifikant Dynamiken, wann een déi selwecht Grousselteren huet. Op dësem Freideg huet dës Regierung d'Méiglechkeet, mengem Gesetzesentworf fir d'Verbuet vum Bestietnes tëscht Koseng a Kusinn vum éischte Grad an d'Kommissioun verweisen ze loossen. Wäert de Premierminister seng Entscheedung nach eng Kéier iwwerdenken, éier hie seng Whips [Membere vum Parlament, Um. v. RTL] uweist, dëst Gesetz ze blockéieren?"

Als Äntwert huet de Keir Starmer d'Ofleenung vum Gesetzesentworf confirméiert. E Refus, deen a kengem Fall eng Legaliséierung duerstellt, mee just d'Bäibehale vum aktuelle Gesetzeskader.

De Richard Holden, deen dat selwecht Material de 5. Mäerz op X publizéiert huet, hat säi Virschlag, d'Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad ze verbidden, ursprénglech den 10. Dezember 2024 agereecht. Hien hat seng Initiativ mat engem erhéichte Risiko vu Gebuertsfeeler bei Kanner aus esou Unioune begrënnt, an domat, dass dës Praxis senger Meenung no zu der Ënnerdréckung vu Fraen a bestëmmte Communautéite bäidroe géif, besonnesch bei ireschen Zigeinerinnen a Pakistanien a Groussbritannien (Links hei an hei archivéiert).

Eng Rei Stëmmen, wéi déi vum onofhängegen Deputéierten Iqbal Mohamed, hu sech awer géint esou e Verbuet ausgeschwat an hunn amplaz fir en Usaz plädéiert, deen op Opklärung, Sensibiliséierung a fortschrëttleche Geentester berout. Si vertrieden d'Usiicht, dass eng kulturell Praxis net verbueden, mee besser medezinesch begleet gi sollt (Link hei archivéiert).

E kontroverse Sujet

Déi éischt Bäiträg op Franséisch, an deenen de Keir Starmer beschëllegt gouf, d'Inzestbestietnesser legaliséiert ze hunn, waren den 2. Oktober opgedaucht, zwou Wochen no enger Publikatioun vun engem Bloggartikel duerch den Nationale Gesondheetsdéngscht (NHS). An dësem Artikel goufen d'Vir- an Nodeeler vum Bestietnes tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad differenzéiert ugeschwat, woubäi besonnesch sozial an ekonomesch Virdeeler wéi erweidert Familljenënnerstëtzungssysteemer genannt goufen. Wéinst der Kontrovers gouf den Artikel zeréckgezunn (Link hei archivéiert).

Historesch gesi si Bestietnesser tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad am Vereenegte Kinnekräich zënter 1540 ënnert dem Règne vum Henry VIII. erlaabt. Dësen hat mat der Kathoulescher Kierch gebrach an hat dës Zort vun Unioune legaliséiert, fir seng fënneft Fra Catherine Howard bestueden ze kënnen, déi eng Kusinn vum éischte Grad vu senger zweeter Fra Anne Boleyn war. Deemools war et och verbueden, e Bluttsverwandte vun engem fréiere Partner ze bestueden.

Bis haut si Bestietnesser tëscht Kosengen a Kusinne weeder duerch d'Gesetz iwwer d'Bestietnes vun 1949 nach duerch seng Ännerunge verbueden. Dogéint verbitt d'Gesetz Bestietnesser tëscht verschiddenen Typpe vun enke Bluttsverwandten, dorënner Elteren, Kanner a Geschwëster (Link hei archivéiert).

RTL

© AFP

A villen europäesche Länner si Bestietnesser tëscht Kosengen a Kusinne vum éischte Grad weiderhin erlaabt. Dem Artikel 162 vum Code civil ass et a Frankräich verbueden, e Member vu senger enkster Famill ze bestueden, onofhängeg dovun, ob et sech ëm eng Verwandtschaftsbezéiung (biologesch oder adoptéiert) oder eng Allianzbezéiung (déi duerch e Bestietnes entstanen ass) handelt. Uniounen tëscht Kosengen a Kusinnen ënnerleien awer kengem Empêchement a sinn dohier legal.

Verschidde Regierungen hu Moossnamen ergraff, fir esou Bestietnesser aus Suerg ëm d'Gesondheet vun de Kanner, déi aus esou Bezéiungen ervirginn, ze verbidden. Engem BBC-Artikel vum 27. Februar no sinn se an Norwegen zënter 2024 illegal, wärend et och an Dänemark a Schweden esou Gesetzer ab 2026 gi wäert. Weiderhi sinn esou Bestietnesser an e puer Bundesstaate vun den USA verbueden.

Et ass net déi éischt Kéier, dass de Keir Starmer Géigestand vun enger geziilter Desinformatiounscampagne ass, déi dacks mat der muslimescher Communautéit a Verbindung stinn. Am August 2024 hat d'AFP d'ierféierend Behaaptung iwwerpréift, ob hie wéinst senger Ënnerstëtzung fir Moslemen aus engem Pub geheit gi wär.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.