Video vu Generol, deen den Trump kritiséiert an Epstein-Dossiere verlaangt, ass KI-Fälschung

E Video, deen an de Sozialen Netzwierker viral goung, weist angeeblech en amerikaneschen Arméichef, deen den Donald Trump schaarf kritiséiert an d'Erausgi vun den Dossieren iwwer de verstuerwene Geschäftsmann Jeffrey Epstein fuerdert, wärend hie sech un d'Truppen adresséiert, déi de President Richtung Portland, Oregon, geschéckt huet.
De Clip ass awer eng mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert Fälschung, déi vun engem Parodie-Account staamt an op enger Foto vum Lieutenant général aus dem Joer 2007 baséiert. Dëse war schonn 2010 an d'Pensioun gaangen.
"De Lieutenant général seet sengen Truppen, firwat si op Portland [Oregon] ginn, eng Stad, déi an de Krich eragezu gëtt", heescht et an engem Bluesky-Bäitrag vum 1. Oktober 2025. "Gitt d'Epstein-Dossieren eraus!" ("OPEN THE EPSTEIN FILES").
Den Zaldot, deen am Video ze gesinn ass, huet op sengem Revers den Numm "Blum" stoen. Hien adresséiert sech un Zaldoten, déi op seng Ried mat engem kollektive Jubel reagéieren.
"Lauschtert", seet de Mann. "De Kommandant seet, Portland wär anscheinend Krichsgebitt. Ech hu reell Krichsgebidder gesinn, an dat hei ass keent. Bei eisem Asaz hei geet et net dorëm, Amerika ze schützen. Et geet ëm de Schutz vum Trump. Hie benotzt eis, fir vun den Epstein-Dossieren ofzelenken. An ech soen Iech eent: Hien huet méi Angscht virun dëser Lëscht wéi virun all Feind, deem ech jee géintiwwerstoung. Dat wierklecht Schluechtfeld ass net Portland. Et ass dës Lëscht."
Zum Schluss jäizt hien: "Gëff d'Dossiere fräi!"

© AFP
Déi sougenannt Epstein-Dossiere stoungen am Mëttelpunkt vun enger Kontrovers, déi den Trump a senger zweeter Presidentschaft heemgesicht huet. D'Epstein-Dossiere sinn nom New Yorker Geschäftsmann benannt, deen 2019 am Prisong gestuerwe war, wärend hien op säin Appellprozess wéinst Sexualverbriechen ënner anerem u mannerjärege Meedercher gewaart hat.
Am Juli 2025 hat dem Trump seng Regierung bekannt ginn, dass si keng nei Beweiser fonnt hätt, déi d'Fräigi vun zousätzlechen Dokumenter oder d'Opmaache vun enger neier Enquête an dëser Affär rechtfäerdege géif.
De Video vum Militärchef, an deem hien d'Verëffentlechung vun den Dossiere fuerdert, huet sech op ville Plattforme wéi Facebook an X verbreet, nodeem den Trump de 27. September Arméitruppen op Portland geschéckt hat an domat en nach do gewieschten Asaz vum Militär op amerikaneschem Gebitt fir d'Bekämpfung vun illegaler Awanderung a Kriminalitéit ausgedeent hat.
E Bundesriichter an Oregon huet den Asaz zu Portland an der Tëschenzäit blockéiert. Den Trump - dee schonn änlech Militäraktiounen zu Los Angeles, zu Washington an zu Chicago lancéiert hat - huet d'Stied zum Krichsgebitt erkläert an domat gedreet, de 6. Oktober den Noutstand auszeruffen, fir eng Rebellioun ze verhënneren.
Mee de Clip ass eng Fälschung, déi vun enger Kënschtlecher Intelligenz hiergestallt gouf.
"De Büro vun der Nationalgard ass sech engem gefälschte Video bewosst, an deem e Generol Truppe fir den Asaz zu Portland, Oregon, brieft", sot de Micah Maxwell, Spriecher vum Büro vun der Nationalgard, an enger E-Mail vum 6. Oktober un d'AFP. "Dëse Video schéngt vun enger Kënschtlecher Intelligenz generéiert ginn ze sinn an ass komplett falsch."
De Büro sot, dass et keng offiziell Opzeechnungen iwwer d'Äusserungen an deem Video gëtt an dass d'Uniform, déi am Video ze gesinn ass, zënter 2019 net méi benotzt gëtt.
Staamt vun engem Satir-Kont
Op der Sich no engem Hiweis an de Sozialen Netzwierker, deen a verschiddene Bäiträg als Waasserzeechen opdaucht, huet d'AFP erausfonnt, dass de Video vun engem Bäitrag vum 29. September vum "@8secondthings" koum, engem Instagram-Account, dee senger Bio no "ai satire" an "ai parody" (KI-Satir a KI-Parodie) post.Am Originaltext ënnert dem Bild stinn d'Hashtags "#ai" a "#parody".
D'AFP huet eng Rëtsch Ongereimtheeten am Video festgestallt, déi op KI-generéiert Contenuen hindeiten. Wärend den angeebleche Lieutenant général schwätzt, verännere sech beispillsweis de Patch um Aarm vu senger Uniform an de Logo op senger Kap.

© AFP

© AFP
Den Tool vun Hiya.com fir d'Erkenne vu Klone vu Stëmmen, deen am Verification Plugin mat dran ass an als InVID-WeVerify bekannt ass, huet den Toun vum Clip als "immens warscheinlech KI-generéiert" bewäert.
D'AFP huet den Account "@8secondthings" fir e Kommentar kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.
KI-Video als Versioun vun enger aler Foto
Bei der Sich no enger militärescher Figur mam Familljennumm "Blum" ass op der Internetsäit vun der Nationalgard eng Foto opgedaucht, déi där vun der KI-generéierter Zeen visuell immens änlech gesäit.Der Bildbeschreiwung no weist se de fréiere Lieutenant général H. Steven Blum, deemools Chef vum National Guard Bureau, bei engem Treffen zu New Jersey mat Truppe vun der Nationalgard vu Maryland, déi sech op en Asaz an Iwwerséi virbereeden (hei archivéiert). D'Foto ass op de 16. August 2007 datéiert.

© AFP
An engem begleedende Rapport vun der Nationalgard iwwer dem Blum seng Visitten zu New Jersey a Boston, Massachusetts, ass och déi selwecht Foto dra souwéi eng Rëtsch Zitater, déi dem Blum zougeschriwwe ginn - keent dovun ernimmt den Trump oder den Epstein (hei archivéiert).
D'AFP konnt keng Rapporte fannen, an deenen de Blum änlech Äusserunge wéi am gefälschte Clip gemaach huet.
Op der Internetsäit vun der Nationalgard an an engem Artikel vun der New York Times aus dëser Zäit heescht et, de Blum wär 2010 aus dem Déngscht ausgescheet - eng Tatsaach, déi d'AFP vum Maxwell, dem Spriecher vum Büro vun der Nationalgard, confirméiert krut (hei an hei archivéiert).
Authentesch Videoe vum Blum weisen, dass hie mat enger anerer Stëmm, engem aneren Akzent an engem aneren Tempo schwätzt wéi an der online kurséierender Fälschung (hei an hei archivéiert).
D'AFP sammelt op hirer Internetsäit weider Feelinformatiounen iwwer d'amerikanesch Politik.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.
