Louvre-Bijouen: Angeeblech Opnamen aus Ukrain si KI-Fälschungen
Am Oktober 2025 goufe bei engem Abroch an de Louvre zu Paräis Bijouen am Wäert vun iwwer 88 Milliounen Euro geklaut. Am Internet gouf anscheinend fälschlech behaapt, d'Bijouen aus dem franséische Musée wäre bei engem ukrainesche Milliardär fonnt ginn.
A Sozialen Netzwierker goufen e Video a KI-generéiert Biller vun de Bijouen als angeeblech Beweiser gedeelt. D'AFP huet awer Unhaltspunkte fir eng Manipulatioun vun der Opnam fonnt. Enn November 2025 waren d'Bijoue weiderhi verschwonnen an d'Déif koumen an U-Haft.
100 Milliounen US-Dollar (ongeféier 86 Milliounen Euro) sollen Antikorruptiounsermëttlungen an der Ukrain no aus dem Energiesecteur verontreit gi sinn. Am Land, an deem russesch Attacken zu grousse Stroumausfäll geféiert hunn, huet dës Noricht grouss Opreegung ausgeléist.
An dësem Zesummenhang ware Rumeuren a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf, déi den Timur Minditsch mam Déifstall am Louvre a Verbindung bruecht hunn. De Minditsch ass e 46 Joer ale Geschäftsmann, dee fir seng enk Bezéiungen zum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj bekannt ass. Hie kritt vun ukraineschen Ermëttler virgeheit, engem grousse Korruptiounsnetzwierk unzegehéieren.
"Eng aus dem Louvre geklaut Halskette gouf vum ukrainesche Geheimdéngscht NABU ënner de Verméigenswäerter fonnt, déi beim Selenskyj sengem Frënd Timur Minditsch saiséiert goufen", heescht et an engem Bäitrag op der Plattform X vum 20. November 2025. Dës Behaaptung war och op Facebook an a weidere Sprooche wéi Englesch, Franséisch, Slowakesch oder Tschechesch am Ëmlaf.
An de Bäiträg op Däitsch gëtt en engleschsproochege Video gedeelt. E fänkt mam Ablende vum Logo vum Nationalen Antikorruptiounsbüro vun der Ukrain (NABU) an dem zoustännege Parquet fir Korruptiounsbekämpfung (SAPO) un, wouduerch den Androck entsteet, et géif sech ëm offiziellt Material handelen. "E Korruptiounsskandal op héchstem Niveau vun der ukrainescher Regierung huet eng onerwaart Wendung kritt. Ënner de saiséierte Verméigenswäerter vum Timur Minditsch hunn d'Ermëttler en Deel vun den aus dem Louvre geklaute Bijouen entdeckt", seet eng männlech Stëmm op Englesch.
De Video war op anere Sproochen och op weidere Plattforme wéi VKontakte, Telegram an X ze fannen. Den 19. November 2025 gouf ausserdeem eng o Russesch ënnertitelt Versioun an engem engleschsproochegen Artikel vum staatlech ënnerstëtzte russesche Medium "Pravda" verëffentlecht, deen der franséischer Regierungsautoritéit Viginum no Deel vun engem russeschen Desinformatiounsnetzwierk ass an europäesch Länner als Zil huet.
An e puer vun de Bäiträg si Biller dran, déi angeeblech déi geklaut Bijoue wéi eng Smaragdketten an Ouerréng vun der franséischer Keeserin Marie-Louise, dem Napoléon Bonaparte seng zweet Fra, souwéi Stapele vu Geldschäiner weisen.
© AFP
D'Behaaptung iwwer d'Bijouen, déi an der Ukrain fonnt goufen, huet sech zënter dem 18. November 2025 verbreet - een Dag nodeem den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an de franséische President Emmanuel Macron en Ofkommes ënnerschriwwen haten. Dësem Ofkommes no wëll Kiew bis zu 100 Rafale-Kampffligeren an aner Ausrëschtung, dorënner Dronen, fir d'Verdeedegung géint Russland vu Frankräich kafen.
D'AFP huet awer festgestallt, dass d'Biller vun den angeebleche Bijouen, déi am Internet kurséieren, net authentesch sinn. Den ukraineschen NABU huet confirméiert, dass e bei hiren Duerchsichunge beim Minditsch keng aus dem Louvre geklaut Bijoue fonnt hätt.
Visuell Unstëmmegkeeten deiten op Fälschung hin
Eng Sich an de Facebook-Bäiträg vum NABU ergouf, dass Deeler vum Filmmaterial aus engem Rekrutéierungsvideo vun der Agence stamen - allerdéngs gouf d'Material an de Bäiträg mat der Falschbehaaptung manipuléiert.
D'Stëmm am Video behaapt, dass den NABU "Ufank Oktober" Perquisitiounen duerchgeféiert hätt, fir de Schmuck ze fannen. Dat stëmmt awer net mat dem Zäitpunkt vum Louvre-Abroch iwwereneen, deen eréischt den 19. Oktober 2025 stattfonnt hat.
D'Bild vun de Bijouen, déi angeeblech beim Minditsch saiséiert goufen, dauchen eng éischt Kéier no 20 Sekonnen am Video op. Dobäi handelt et sech ëm déi selwecht Opnam, déi och als Foto a verschiddene Bäiträg gedeelt gëtt.
De geneeën Datum vum Déifstall am Louvre gëtt am concernéierte Video och korrekt genannt, an zwar an deem Moment, an deem eng weider angeeblech Foto vun der Halsketten erschéngt. "Bei der Perquisitioun vum Minditsch senger Wunneng goufe grouss Zomme Boergeld a verschidde Luxusartikele saiséiert, vun deenen zwee spéider als eng Smaragdketten an Ouerréng aus dem Set vun der Marie-Louise vun Éisträich, Keeserin vu Frankräich a Fra vum Napoléon Bonaparte, identifizéiert goufen", seet d'Stëmm am Video. "Der Marie-Louise hire Bijouset am Wäert vu ronn 15 Milliounen Euro gouf den 19. Oktober 2025 vu véier Kriminellen aus dem Louvre geklaut, déi spéider vu franséische Spezialeenheete festgeholl goufen."
Op dëser Plaz vum Video, bei Minutt 1:34, erschéngt eng Collage aus véier Biller, déi angeeblech vum ernimmten Déifstall stamen. D'Fotoe riets an uewen an der Mëtt vun der Collage sinn authentesch - den NABU huet se den 10. November 2025 a Bäiträg op Facebook und X verëffentlecht.
© AFP
Déi rout markéiert Biller konnt d'AFP net op de Profiller vun der Antikorruptiounsagence fannen.
© AFP
Nieft dem Stapel u Geldschäiner sinn op béide Biller Bijouen ze gesinn, dorënner eng Halskette mat gréngen Eedelsteng.
© AFP
Wann ee méi genee kuckt, fält beim lénkse Bild op, dass versicht gouf, d'Ausgesi vum Stapel op de Geldschäiner a vum Behälter mat Stëfter aus dem authentesche Bild nozeamen. D'Zuelen op dem 100-Dollar-Schäi stëmmen awer net mat deenen op den echten Dollar-Billjeeën am rietse Bild iwwereneen.
© AFP
D'AFP huet d'Halsketten, déi an de Bäiträg gewise gouf, mat enger AFP-Foto vun der echter Halsketten an den echten Ouerréng verglach, déi der Marie-Louise, Keeserin vu Frankräich, viru laanger Zäit gehéiert haten an de 14. Januar 2020 fotograféiert goufen.
Dorop sinn déi echt Eedelsteng méi laang wéi an de Bäiträg mat der Falschbehaaptung. Ausserdeem befanne se sich net op den identesche Plaze vun der Halsketten. Am manipuléierte Bild (Mëtt) enthält ee vun e gréngen Eedelsteng och en Element aus Gold, dat kee Bestanddeel vun der echter Ketten ass.
© AFP
Op AFP-Ufro huet de Pressedéngscht vun der ukrainescher Antikorruptiounsagence den 20. November 2025 per E-Mail matgedeelt: "Den NABU ass net den Auteur vum besote Video. D'Biller, déi d'Bijoue weisen, si gefälscht a goufen net vum NABU/SAPO verëffentlecht." Weider heescht et: "Den NABU huet am Kader vun den Ermëttlunge géint déi concernéiert Persoun (Timur Minditsch, Um. v. d. Red.) déi verschwonne Louvre-Bijoue vun der Marie-Louise net fonnt."
Biller si mat KI erstallt
D'AFP huet déi verdächteg Biller mat dem neiste Modell vum syntheetesche Bilddetektor vun InVID WeVerify, deen d'AFP matentwéckelt, analyséiert. Beim Bild mat verschiddenen Halsketten huet e mat 98-prozenteger Sécherheet festgestallt, dass d'Bild duerch Kënschtlech Intelligenz (KI) erstallt gi war. Fir d'Bild mat der Smaragdkette louch d'Bewäertung bei 65 Prozent.
© AFP
Wéi den Denis Teyssou, Chef vum Innovatiounsdepartement vun der AFP fir InVID WeVerify, de 6. November 2025 erkläert huet, si béid Biller onreegelméisseg geformt, well se vun engem Bildschierm opgeholl goufen. "Mir kënne soen, dass d'Biller vu schlechter Qualitéit an engem bestëmmte Wénkel am Video opgeholl goufen, warscheinlech fir seng Hierkonft ze verschleieren."
Doriwwer eraus huet d'Analys vun der eelster Versioun vum Video, déi d'AFP fonnt huet, an dem engleschsproochege Bäitrag mat dem Tool deepfake-total.com vum Fraunhofer-Institut mat enger Warscheinlechkeet vun 68 Prozent confirméiert, dass et sech bei der Tounspuer ëm en Deepfake handelt. Déi neist Entwécklerversioun vum Audiotool Hiya vun InVID WeVerify ergouf eng Warscheinlechkeet vun 88 Prozent, dass d'Tounspuer am besote Video mat KI erstallt gouf.
© AFP
Den 19. Oktober 2025 waren Déif an de Louvre zu Paräis agebrach an hate bannent e puer Minutte Bijouen am Wäert vun iwwer 88 Milliounen Euro (102 Milliounen US-Dollar) geklaut. Bis de 25. November 2025 gëtt et keng Medieberichter, dass déi geklaut Schmockstécker erëmfonnt gi wieren, a véier Verdächteger goufen am Zesummenhang mam Déifstall festgeholl. Ënner den aacht Schmockstécker, déi den Autoritéiten no "vun onschätzbarem kulturelle Wäert" sinn, befënnt sech och d'Tiara vun der Keeserin Eugénie (Fra vum Napoléon III.), déi mat bal 2000 Diamante besat ass.
D'Direktioun vum Louvre huet an der Tëschenzäit ugekënnegt, de Musée sollt als Reaktioun op den Déifstall 100 nei Iwwerwaachungskameraen an e mobille Policeposte kréien.
Fazit: D'Falschbehaaptung, Bijouen aus dem Louvre wäre beim ukrainesche Milliardär Timur Minditsch bei Duerchsichungen am Zesummenhang mat engem Korruptiounsskandal fonnt ginn, fousst op KI-generéierte Fotoen. D'ukrainesch Antikorruptiounsagence huet confirméiert, dass si bei Ermëttlunge géint de Minditsch kee Schmuck fonnt hätt, dee beim Déifstall am Louvre den 19. Oktober 2025 geklaut gouf.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.