Fiels
Mirko Martellini gëtt neie Buergermeeschter

An der Fiels heescht den neie Buergermeeschter Mirko Martellini. Den Zweetgewielten léist domat d’Natalie Silva op deem Posten of.
D'Natalie Silva hat zwar déi meeschte Stëmme kritt, ma de Mirko Martellini hat méi Support ënnert de Gemengerotsmemberen. D’Schäffeposten an der Fiels ginn un d’Nummer 6 a 7, Luc Jemming an Ana Teresa Marques Lima.
Bei de Walen am Joer 2017 war de Mirko Martellini Zweetgewielten, gouf bei der Zesummesetzung vum Schäfferot awer net berécksiichtegt.
Am meeschte gelies