Tëscht Rollengergronn a BriddelBei Frontalkollisioun op der N12 goufen zwou Persounen an zwee Hënn blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Tëschefäll aus dem fréie Samschdeg de Moien.
© CGDIS

En éischten Accident gouf et tëscht Brouderbuer a Gilsdref, dat géint 7:30 Auer e Samschdeg de Moien. En Auto war hei an e Bus gerannt. D'Ekippen aus der Nordstad a vu Bettenduerf waren am Asaz, blesséiert gouf awer keen.

Direkt zwee Blesséierter dann bei enger Frontalkollisioun géint 9:20 Auer tëscht dem Rollengergronn an dem Briddel. Wéi de CGDIS preziséiert, wieren hei zwou Persoune blesséiert ginn, dorënner huet eng aus dem Auto misste gebuerge ginn. D'Rettungsekippe aus der Stad a vu Koplescht esou wéi de Samu hu sech ëm déi zwou blesséiert Persoune gekëmmert, wärend en Groupe de sauvetage animalier no zwee verletzten Hënn gekuckt huet.

Tëscht Hesper an dem Houwald war e Cyclist vun engem Automobilist iwwerrannt ginn. D'Ekippe vun Diddeleng an Hesper hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert. Zwee Cycliste waren dann tëscht Siren a Conter gefall a goufe béid blesséiert. Hei goufen d'Rettungsdéngschter vu Réimech a Mutfert alarméiert. Béid Accidenter ware géint 10:15 Auer.

Back to Top
CIM LOGO