Weltdag vun den OrganspendenEt stierwen all Dag Leit, déi op e Spenderorgan waarden

Maxime Gillen
Zu Lëtzebuerg géif an de Famillen dacks net genuch iwwer d'Organspend geschwat ginn, fënnt den Direkter vu Luxembourg Transplant, den Dr. Claude Braun.
Zu Lëtzebuerg waarde pro Joer eng 100 Leit op eng Organspend.
© RTL Archiv

Enn d'lescht Joer hunn an Europa ronn 96.000 Leit eng Organspend gebraucht. An der Moyenne kommen all Stonn sechs Leit derbäi. De Besoin no Organer ass deemno enorm an d'Zuel vun den Organspende geet bei Wäitem net duer. Um Weltdag vun den Organspende soll ënnert anerem op déi Diskrepanz opmierksam gemaach ginn.

Weltdag vun den Organspenden / Maxime Gillen

Hei am Land waarde pro Joer eng 100 Leit op eng Organspend. An dobäi leeft d'Zäit. Bei Niere kann d'Dialys hëllefen. Och mat Konschthäerzer kann eng kuerz Zäit iwwerbréckt ginn, wann d'Organ bis net méi funktionéiert. Bei der Liewer gëtt et richteg dréngend, betount de President vu Luxembourg Transplant Dr. Claude Braun. E klassescht Beispill dofir wier eng Vergëftung duerch de Grénge Mäerder (Knollenblätterpilz). Doduerch kéim et bannent Deeg zum Versoe vun der Liewer. An déi kéint mat kenger Maschinn ersat ginn. Do kéint maximal dräi bis véier Deeg laang eng Zort Bluttwäsch gemaach ginn, fir z‘iwwerbrécken. "Dat heescht déi Leit, déi brauchen dréngend eng Liewer, soss wäerten déi Leit stierwen", esou den Dr. Braun.

Méi Koordinéierung tëscht de Länner

Zejoert sinn an Europa knapp 45.000 Organer gespent ginn. Méi wéi d'Hallschent dovu koume vu Leit, déi gestuerwe sinn. Fir eng méiglechst grouss Chance ze hunn, en Organ ze fannen, dat passt, hu sech aacht Länner, dorënner Lëtzebuerg, an der Fondatioun Eurotransplant zesummegedoen.

Wat d'Organ nämlech besser passt, wat d'Chancë fir en Iwwerliewe vum Organ méi grouss sinn, erkläert den Dr. Claude Braun weider.

Ass d'Organ bis transplantéiert, ass d‘Erfollegsquot - an domat d'Chance op e relatiivt normaalt Liewe fir de Patient - ganz grouss.

Hei am Land ass ee per Gesetz d'office Spender, ausser et huet een eppes anescht festgehalen. An awer mussen déi verantwortlech Doktere mat de Famille schwätzen, erkläert de President vu Luxembourg Transplant Dr. Claude Braun:

"De Legislateur seet trotzdeem, wann et zu enger Katastroph kënnt, also ee Mënsch Richtung Gehierdoud geet, da muss déi Ekipp, déi sech dorëms këmmert, sech déi Fro stellen, sinn d'Organer elo ze prelevéieren. Wéi huet déi Persoun zu Liefzäiten dozou geduecht, wa mer elo net een explizitt esou een Dokument hunn?"

Ma esouguer, wann et esou en Dokument gëtt, ginn d‘Famill an d‘Frënn gefrot, ob et am Sënn vum Verstuerwenen ass, datt seng Organer gespent ginn. Dowéinst wier et immens wichteg, datt ee mat senger Famill doriwwer schwätzt, wat ee gären hätt.

Offiziell festhale kann ee säi Wonsch iwwerdeems mat engem Organspenderausweis, a sengem Dossier de soins partagé oder och einfach an enger handschrëftlecher Deklaratioun.

Allgemeng stellt den Dr. Claude Braun fest, datt an de Famillen dacks net genuch doriwwer geschwat gëtt. Et schéngt zu Lëtzebuerg "e bësse méi schwéier ze sinn, d'Leit ze motivéieren, doriwwer ze schwätzen". Hie betount och: "Et geet eis net drëm ze soen, jiddweree muss spenden, mee jiddweree soll säi Wëllen deklaréieren an och mat senger Famill driwwer schwätzen."

Ma virop déi Jonk maachen dem President vu Luxembourg Transplant awer Hoffnung. Déi hätte méi Interessi um Sujet a géifen allgemeng méi driwwer schwätzen.

Am Schnëtt komme méi wéi d'Hallschent vun de Spenderorganer vu Leit, déi gestuerwe sinn. Bis ewell sinn hei am Land awer just Organer geholl ginn, vu Leit, bei deenen de Gehierdoud festgestallt ginn ass. Ma déi Fäll géifen ëmmer manner ginn.

"Mat den Accidenter haut, ass dat éischter rar ginn. Mir hunn Helmer, mir hunn Airbags an esou weider. Mir hunn och besser medezinesch Moyene, fir d'Leit virun där Situatioun ze retten. Nichtsdestotrotz kënnt et ëmmer erëm vir, datt esou Patiente schwéierst Gehierverletzunge behalen, awer net an den Hierdoud ginn. Dat heescht, et sinn da esou kleng Residualfunktiounen do, si ootmen nach vläicht ganz e bëssen, si kucke vläicht, se maachen d'Aen e bëssen op. Mee et muss ee soen, déi Leit, déi bleiwe wierklech schwéierstbehënnert. Dat ass dee berüümte Vegetativkoma, dat heescht, déi ginn iwwert eng Sond ernäert, déi mussen deelweis e bëssen iwwert eng Tracheotomie beotemt ginn, also et ass sécher e Liewen, dat ee sech esou net virstellt."

Ma aktuell ginn hei am Land wéi gesot nach keng Organer vu Leit geholl, déi net gehierdout sinn. Dat obschonn dës Optioun am Gesetz virgesinn ass. Luxembourg Transplant ass deen Text awer nach net präzis genuch. D'Gespréicher mam Santésministère dozou géifen awer lafen, esou den Dr. Braun. Hien erhofft sech, datt doduerch d‘Zuel vun de Prelevementer hei am Land an d‘Luucht geet.

Back to Top
CIM LOGO