
Eng eréischt 16 Joer jonk Fahrschülerin ass bei engem uergen Accident mat Moto op der Autobunn 24 a Brandenburg ëm d'Liewe komm. Bei der Opfaart jo d'Autobunn ass d'Motocyclistin op der naasser Strooss gefall an ass ënnert e Camion geroden, sou d'Police zu Neuruppin en Dënschdeg. Den Noutdokter konnt just nach den Doud vum Meedche confirméieren.
Den Accident ass e Méindeg de Mëtteg um kuerz viru 14 Auer geschitt, dat bei Neuruppin a Richtung Berlin. Déi jonk Motocyclistin ass op der naasser Strooss un d'Schleidere komm an ass gefall. En 52 Joer ale Camionschauffeur, deen op der rietser Bunn gefuer ass, hat nach versicht eng Kollisioun ze verhënneren, wat ëm awer leider net méi gegléckt ass. D'Meedchen ass dobäi ënner dem Camion ageklemmt ginn a gestuerwen.
De Chauffeur vum Camion an zwou Persounen déi am Auto vun der Fahrschoul souzen koume fir eng medezinesch Betreiung an d'Spidol. Wéinst de Rettungsaarbechten war d'A24 a Richtung Berlin fir ronn dräi Stonne komplett gespaart.