No engem Zesummestouss tëscht der philippinnescher a chineesescher Marinn am südchineesesche Mier hu souwuel Australien wéi och d'USA déi "geféierlech an aggressiv Aktioune" vu China verurteelt. D'philippinnesch Arméi huet der chineesescher Arméi virgeworf, e Méindeg an engem ëmstriddene Beräich vum strategesch wichtege Mier e Matrous blesséiert ze hunn.
Wéi op Biller vun der Plaz ze gesinn ass, hate sech déi zwou Fraktioune mat klenge Booter approchéiert, bis se no genuch waren, fir sech géigesäiteg mat Paddelen unzegräifen.
"Dat beonrouegend Muster vu chineesesche Provokatioune géint déi legitim maritim Operatioune vun de Philippinnen ënnergrueft de Fridden an d'Stabilitéit an der Regioun a steet am direkte Widdersproch zu de Versprieche vu China, Sträitfroen op friddlechem Wee ze léisen", heescht et an enger Matdeelung vun den US-Autoritéiten.
Den US-Ausseminister Marco Rubio ass en Dënschdeg zu Manila ukomm, wou hie sech mat den Ausseministere vun den 11 Memberstaate vun der "Associatioun vun de Südostasiateschen Natiounen" (ASEAN) trëfft.
Peking gesäit bal dat ganzt südchineesescht Mier mat senger wichteger Handelsstrooss als eegenen Territoire un, dat obwuel en internationaalt Geriichtsurteel festgehalen huet, datt dës Fuerderunge keng legal Grondlag hunn. Verschidde Memberstaate vun der ASEAN, dorënner d'Philippinnen, erhiewen och territorial Uspréch, déi sech mat deene vu China iwwerschneiden.
D'chineesesch Garde côte huet d'Virwërf iwwerdeems vu sech gewisen a behaapt, d'Duerstellung vu Manila wier eng "komplett Verdréinung vun der Wourecht".