
Der libaneesescher Noriichtenagence NNA no wieren am ganze 6 Attacken op Gebaier ënnert anerem an der Géigend vun der Stad Baalbek geflu ginn, Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, et hätt ee Kommandozentrale vun der Hisbollah-Miliz am Viséier gehat.
Zanter November 2024 gëllt tëscht Israel an der Hisbollah u sech eng Wafferou, déi en Entwaffne vun der Hisbollah virgesäit. Israel behaapt allerdéngs, d’Miliz géif nees oprëschten, respektiv géife beim Desarmement net séier genuch Fortschrëtter gemaach ginn an attackéiert bal deeglech Ziler am Libanon.