Geplangt Marche fir verstuerwene Quentin Deranque zu LyonAutoritéite fäerten Debordementer, President Macron rifft zu Rou op

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtte soll zu Lyon eng Marche fir de verstuerwene Rietsextremist Quentin Deranque organiséiert ginn, dee lescht Woch bei enger Attack vu militante Lénken déidlech blesséiert gouf.
E Samschdeg géint 14 Auer soll zu Lyon eng Marche fir de verstuerwene Rietsextreemist Quentin Deranque ofgehale ginn
E Samschdeg géint 14 Auer soll zu Lyon eng Marche fir de verstuerwene Rietsextreemist Quentin Deranque ofgehale ginn
© MATTHIEU DELATY/Hans Lucas via AFP

D’Autoritéiten fäerten, datt et zu Debordementer komme wäert. D’Police a Gendaarmen hunn en “extrem grousse Sécherheetsdispositif” virgesinn, heescht et. De franséischen Inneministère rechent mat 2.000 bis 3.000 Participanten. Gefaart gëtt, datt Riets- a Lénksextremer sech géigesäiteg attackéiere kéinten. Zanter dem Virfall op der Uni Sciences Po zu Lyon ass d’Stëmmung a Frankräich extrem ugespaant. De Quentin Deranque war leschte Weekend u senge Blessure gestuerwen. Siwe Persoune goufe vum Parquet ugeklot, dovunner sechs wéinst “fräiwëllegen Doutschlag” an en Assistent vun engem Deputéierte vu “La France insoumise” wéinst “Komplizitéit”.

De Buergermeeschter vu Lyon Grégory Doucet hat explizitt gefrot fir d’Marche ze verbidden. Dat wier a sengen Aen déi eenzeg “verstänneg Decisioun”, hat de grénge Politiker argumentéiert, dee fäert, datt Rietsextreemer aus ganz Frankräich an den Nopeschlänner op Lyon kommen. Dem 23 Joer ale Student Quentin Deranque seng Famill huet annoncéiert, E Samschdeg net derbäi ze sinn an huet zur Rou opgeruff. Hiren Affekot sot, d’Famill géif sech ausdrécklech eng Manifestatioun wënschen, déi net politesch wier.

De franséische President Emmanuel Macron huet e Samschdeg de Moien all Bedeelegt zu Lyon dozou opgeruff roueg ze bleiwen. De Chef vum Elysee huet, um Bord vun der Ouverture vum Salon de l’agriculture, och annoncéiert, datt d’Regierung sech mat de “Gewaltgruppen” un een Dësch wéilt sëtzen.

Organiséiert gëtt d’Marche vun enger fréierer Porte-parole vun enger Anti-Avortementsbeweegung a Frankräich.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO