Artemis II-MissiounNasa plangt, fir Ufank Mäerz Mënschen erëm ronderëm de Mound ze schécken

RTL Lëtzebuerg
D’NASA plangt, de 7. Mäerz eng bemannte Missioun ronderëm de Mound ze starten – fir d’éischt Kéier zanter méi wéi 50 Joer. Et wier gläichzäiteg déi wäitste Rees, déi d’Mënschheet jeemools ënnerholl huet.
A Florida d'Artemis II-Rakéit
A Florida d’Artemis II-Rakéit
© MAURICIO PAIZ/NurPhoto via AFP

D’Missioun Artemis II gesäit vir, datt véier Astronauten eng zéng Deeg laang Rees ëm déi wäit Säit vum Mound maachen an dono erëm op d’Äerd zeréckkommen. Dëst gëllt als wichtege Schrëtt op dem Wee zu enger zukünfteger Landung um Mound.

Den Startdatum gouf festgeluecht, nodeems ee sougenannte “Wet Dress Rehearsal” erfollegräich ofgeschloss gouf – e wichtegen Test virum Start, bei deem d’Rakéit mat Brennstoff gefëllt an de komplette Countdown duerchgespillt gëtt.

Et war den zweeten Testlaf vum Artemis-Team am Kennedy Space Center a Florida.

© MAURICIO PAIZ/NurPhoto via AFP

Back to Top
CIM LOGO