
D'Geriicht zu Genua huet den Giovanni Castellucci, deen zum Zäitpunkt vum Ongléck Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft "Autostrade per l'Italia" (Aspi) war, en Donneschdeg ënnert anerem wéinst Homicide involontaire schëlleg gesprach. Beim Ongléck de 14. August 2018 waren 43 Mënschen ëm d'Liewe komm.
D'Piliere vun der Morandi-Bréck haten deemools noginn, esou datt d'Fuerbunn vun der riseger, villbefuerener Bréck op ronn 200 Meter an de Koup gestierzt ass. Dosende Gefierer sinn an d'Déift op d'Stad ënnendrënner gefall. Dem Ermëttlungsriichter no waren zanter der Aweiung vun der Bréck am Joer 1967 "net emol minimal Reparature gemaach" ginn, fir d'Piliere vun der Bréck ze verstäerken.
De Parquet hat fir déi 57 Ugekloten an engem risege Prozess insgesamt iwwer 400 Joer Prisong gefuerdert wéinst Homicide involontaire, Gefäerdung vun der Verkéierssécherheet an Dokumentefälschung. D'Ugeklote ware gréisstendeels Féierungsleit bei der Aspi an der Duechtergesellschaft Spea, genee wéi Responsabel aus dem italieeneschen Infrastrukturministère.
De Castellucci sëtzt aktuell schonn am Prisong. Hie gouf wéinst engem Verkéiersaccident verurteelt, wou ee Bus duerch ee Bréckegelänner gefuer war an an d'Déift gestierzt ass. Deemools ware 40 Leit gestuerwen.
D'Ongléck op der Morandi-Bréck huet de maroden Zoustand vun der Verkéiersinfrastruktur an Italien ervirgehuewen. Och d'Roll, déi d'Aspi gespillt huet, gouf a Fro gestallt. Dem Betrib gëtt virgeworf, d'Instandhaltung vun der Bréck vernoléissegt ze hunn, fir Käschten ze spueren.