Bëschbränn a KanadaToronto huet aktuell déi schlechtst Loftqualitéit weltwäit

AFP, iwwersat vun RTL
Duerch uerg Bëschbränn an der kanadescher Provënz Ontario gëtt et an der Metropol Toronto aktuell déi schlechtst Loftqualitéit weltwäit.
Schwere Waldbrände in der kanadischen Provinz Ontario haben dazu geführt, dass die Metropole Toronto derzeit die Stadt mit der schlechtesten Luftqualität weltweit ist. Die Behörden riefen die Menschen auf, in ihren Wohnungen zu bleiben.
Ënnert engem giel-gefierften Himmel sinn d'Awunner vun Toronto e Mëttwoch de Moien opgestanen.
© AFP

D'Autoritéite vun der Milliounestad hunn d'Awunner e Mëttwoch opgeruff, wa méiglech an hire Wunnengen ze bleiwen. Der Schwäizer Entreprise IQAir no, déi d'Loft analyséiert, ass d'Loft an der gréisster kanadescher Stad den Ament nach méi schlecht wéi zu Kinshasa am Kongo oder der Stad Medan an Indonesien.

Am Nordweste vun Ontario ginn et am Moment uerg Bëschbränn. Duerch de Wand gouf den Damp vum Feier en Dënschdeg den Owend Honnerte Kilometer wäit bis an d'Provënzhaaptstad Toronto. E Mëttwoch de Moie sinn d'Awunner ënnert engem giel-gefierften Himmel opgestanen. De Previsiounen no soll sech d'Situatioun bis e Freideg de Moien net änneren.

"D'Gesondheet vu jidderengem ass a Gefor", heescht et vum Wiederdéngscht. "Limitéiert Är Zäit am Fräien. Sot sportlech Aktivitéiten of." Och aner Evenementer am Fräie sollten iwwerdaacht ginn, heescht et weider. An der méi wäit ëstlech geleeëner Groussstad Montréal an der Provënz Québec waren en Dënschdeg änlech Loftverhältnisser opgetrueden, allerdéngs manner staark.

An de leschten Deeg hu sech d'Bëschbränn uechter Kanada duerch eng Hëtztwell aus den USA verschäert. Rezenten Zuelen no wier et bis ewell awer zu manner Schied komm wéi 2025 oder dem Rekordjoer 2023. Trotzdeem si bis ewell eng 1,9 Milliounen Hektar verbrannt. E Mëttwoch gouf et landeswäit 838 Feieren, vun deenen 189 ausser Kontroll waren.

Back to Top
CIM LOGO