Bëtonsstécker vu Bréck gefallB49 tëscht Waasserbëlleg an Igel gespaart, Zuchtrafic Richtung Tréier nees opgeholl

RTL Lëtzebuerg
Nodeems en Donneschdeg de Moie Bëtonsstécker vun der Eisebunnsbréck bei Waasserbëlleg op d'B49 gefall sinn, ass d'Strooss Richtung Däitschland aktuell gespaart.
D'Eisebunnsbréck tëscht Waasserbëlleg an Igel
D'Eisebunnsbréck tëscht Waasserbëlleg an Igel
© CTHOE

No engem Virfall op der Zuchstreck bei Tréier en Donneschdeg de Moie war den Zuchtrafic tëscht Waasserbëlleg an Tréier ënnerbrach. Wéi d'CFL kuerz virun 12 Auer matgedeelt hunn, wier d'Stéierung behuewen, et kéint awer nach zu Verspéidungen an Annulatioune kommen.

Donieft gouf och d'Bundesstrooss 49 tëscht Waasserbëlleg an Igel gespaart.

Hannergrond si Schied un der Eisebunnsbréck, déi zu Waasserbëllegerbréck kuerz virun der Grenz iwwer d'B49 féiert. Wéi de Volksfreund mat Recours op de Spriecher vun der Tréierer Police matdeelt, wieren en Donneschdeg de Moien zwee bis dräi Bëtonsstécker vun der Bréck erofgefall. D'Deutsche Bahn géing d'Schied aktuell préiwen.

Back to Top
CIM LOGO