
Een 22 Joer ale Mann gëtt beschëllegt, een aneren 22 Joer ale Mann op oppener Strooss erstach ze hunn, dat an engem bei Studente beléifte Quartier net wäit vun der Uni. Fir d'Affer - ee Student vun der Uni Tréier - gouf et dann och en Donneschdeg an der Mëttesstonn eng Gedenkminutt op der Universitéit.
De Parquet huet en Donneschdeg éischt Informatiounen zum presuméierten Täter ginn, deen de Student an der Robert-Schuman-Allee mat engem Messer erstach soll hunn. De Beschëllegten, deem vum Parquet Doudschlag virgeworf gëtt, gouf an eng geschlosse forensesch Psychiatrie agewisen. Beim Verdächtegen handelt et sech ëm een 22 Joer alen Afghan, dee schonn zanter enger Rei Joren zu Tréier lieft an deen net wäit fort vun der Plaz vun der Dot wunnt.
De Parquet huet och nei Infoen zu der Dot selwer geliwwert. D'Affer soll deemno grad vum Akaf komm sinn, wou hien dem presuméierten Täter op dem Trottoir begéint ass. Aus bis ewell nach net bekannte Grënn sollt den Täter de jonke Student du mat engem Kichemesser op d'mannst zweemol an den Uewerkierper gepickt hunn. D'Affer ass op der Plaz zesummegebrach an ass kuerz drop trotz Reanimatiounsversich u senge Blessure verstuerwen.
De Verdächtegen huet sech aus dem Stëbs gemaach, ma gouf kuerz drop vun der Police festgeholl. Bis ewell ginn et nach keng Hiweiser op ee Motiv. Aktuellen Informatiounen no hu sech Täter an Affer net kannt a si si sech deemno just zoufälleg begéint.
Direkt no der Dot huet de Verdächtegen dem Tréierer Parquet no zouginn, op d'Affer agestach ze hunn, ma weider Detailer huet hien net ginn. De Verdächtegen ass en Donneschdeg virun den Ermëttlungsriichter komm, deen den Uerder ginn huet, den 22 Joer ale Mann an déi geschlosse forensesch Psychiatrie anzeweisen. De Beschëllegte soll u enger psychescher Krankheet leiden, wéinst där hie scho viru kuerzem an enger psychiatrescher Klinik traitéiert gouf. Dem Parquet no géif et dowéinst Unhaltspunkte ginn, datt de Verdächtegen eventuell wärend der Dot net voll Scholdfäeg war. Déi Fro soll elo awer am Kader vun de weideren Ermëttlunge gekläert ginn.