
Zwou UN-Organisatiounen hu wéinst enger méiglecher Bootskatastroph a Südostasien mat méi wéi 500 Flüchtlingen u Bord Alarm geschloen. Zwee Booter sollen an de leschten Deeg vun der Küst vu Myanmar ofgeluecht hunn. Ee Boot mat ronn 250 Leit u Bord soll virleefege Rapporten no den 8. Juli ënnergaange sinn. Zu engem zweete Boot, op deem eng 280 Leit waren, wier kuerz nom Start de Kontakt ofgebrach, mellen d'UN-Organisatioun fir Migratioun (IOM) an d'UN-Flüchtlingswierk (UNHCR).
D'Flüchtlinge wieren am Myanmar gestart, u Bord wiere gréisstendeels Membere vun der moslemescher Rohingya-Minoritéit gewiescht, déi am majoritär buddhistesche Myanmar zanter Joren drangsaléiert ginn. Dorënner sollen och Leit aus dem risege Flüchtlingslager Cox's Bazar a Bangladesch gewiescht sinn. D'Leit gesinn no Joren a schlechte Konditioune keng Zukunftsperspektiv méi.
"Och wann d'Virfäll an d'Afferzuelen nach net offiziell confirméiert goufen, sinn d'UNHCR an d'IOM déif besuergt iwwer de méigleche Verloscht vu Mënscheliewen", esou d'Organisatiounen nach.