
D'Temperature solle Météo-France no Spëtzewäerter vun 39°C erreechen. Fir kleng Kanner an eeler Leit gëllt et bei dësen Temperaturen, besonnesch gutt op sech opzepassen. Schonn en Dënschdeg huet de Wiederdéngscht een neie landeswäiten Temperaturrekord fir de Mount Mee verzeechent, dat mat dem nationalen Hëtztindex vu 24,8°C, nodeems schonn e Méindeg bis ewell onerreechte 24,6°C registréiert goufen. D'Temperature leien a Frankräich aktuell eng 10 bis 15 Grad iwwert de saisonalen Duerchschnëttswäerter.
Fir Lëtzebuerg gëllt e Mëttwoch am Süde vum Land nach bis Mëtternuecht eng Alerte jaune wéinst der Hëtzt. Och fir en Donneschdeg huet den nationale Wiederdéngscht Meteolux elo wéinst den héijen Temperature vun tëscht 28°C an 30°C eng Alerte jaune fir de ganzen Dag am Süde vum Land erausginn.
A Frankräich gëtt d'Warnung dogéint ausgebaut: nieft den néng Departements, déi schonn en Dënschdeg ënnert Hëtztwarnung stoungen, kommen e Mëttwoch ëm 12 Auer véier weider Departementer am westlechen Deel vum Land derbäi (Deux-Sèvres, Charente, Charente-Maritime a Gironde).
A ville franséische Stied goufen en Dënschdeg nei Héchstwäerter erreecht, beispillsweis zu Besançon mat 32,2 Grad oder zu Dinard mat 33 Grad. E Mëttwoch sinn Temperature vun 30 bis 35°C virgesinn, mat lokale Pointe vun 38-39 Grad zu Poitou-Charentes, Centre-Val de Loire a ronderëm d'Mëttelmier, heescht et vu Météo-France.
Déi franséisch Gesondheetsministesch Stéphanie Rist schwätzt nach net vun enger Urgence, mä et géif éischt Unzeechen. Notamment wiere scho siwe Leit wéinst der Hëtzt gestuerwen. Dorënner zwou Persounen op enger Sportsmanifestatioun zu Paräis a bei Lyon. Op esou Eventer sollt een an de nächsten Deeg onbedéngt verzichten, sou den Appell vun der Regierung.
En neien Temperaturrekord gouf et dann awer och a Groussbritannien. An de Kew Gardens zu London goufen en Dënschdeg 34,8 Gad Celsius gemooss - souvill, wéi nach ni virdrun an engem Mee.