
Nodeems a sengem Haus Goldbarren am Wäert vu 40 Milliounen Dollar fonnt gi sinn, ass e fréiere Mataarbechter vum US-amerikanesche Geheimdéngscht festgeholl an ugeklot ginn. Geriichtsdokumenter no hu Beamte vum FBI donieft zwou Milliounen Dollar Boergeld a ronn 35 Luxusaueren am Mann sengem Haus am US-Bundesstaat Virginia séchergestallt.
Der "New York Times" no, déi sech op Ermëttlungskreesser bezitt, géing et sech ëm e fréieren héichrangege Beamte vum CIA handelen. Eng Ënnersichung vum FBI huet erginn, dass de Mann a senger Demande falsch Informatiounen iwwer seng Ausbildung a säi militäreschen Hannergrond gemaach hat. Hien hätt verschidden Ofschlëss an den Déngscht als Pilot vun der Marinn virgetäuscht.
Donieft hätt den Ugeklote falsch Stonnen-Ziedelen ofginn a 77.000 Dollar kritt fir eng Fräistellung vum Militär, wéi hie fälscherlecherweis uginn hat, Member vun der Marinn-Reserv ze sinn. No der Festnam den 19. Mee war hie wéinst Ënnerschloe vun ëffentleche Gelder ugeklot ginn. Dem Mann säin Affekot wollt sech de Medie géintiwwer net weider äusseren.
Tëscht leschtem November a Mäerz hat de Verdächtegen eng Rei Demandë gemaach fir eng "bedeitend Zomm un Devisen a Goldbarren am Wäert vun zech Milliounen Dollar fir déngschtlech Depensen". Hien hat d'Geld an d'Gold kritt, ouni weider Grënn unzeginn, woufir hien se géing brauchen.
Spéider hat sech erausgestallt, dass d'Gold an de gréissten Deel vum Geld an engem Depot op senger Aarbechtsplaz gefeelt hunn. Doropshi war et zur Duerchsichung vum Mann sengem Haus komm, bei där déi ronn 300 Goldbarren am Wäert vun zirka 40 Milliounen Dollar fonnt gi sinn.