
Op eemol war den Numm Jean-Claude Juncker gefall op Zypern, wou d‘EU-Ausseministeren sech en Donneschdeg getraff hunn. De Lëtzebuerger Xavier Bettel hat de fréiere Premier an EU-Kommissär op Nofro vun engem Journalist hin als Mediateur fir eventuell Friddensgespréicher mat Russland an d‘Spill bruecht. Déi Nouvelle war natierlech interessant, allerdéngs huet d‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas spéider erkläert, d‘Unioun géif elo mol kee Russland-Emissär ernennen.
Scho bei hirer Arrivée um informellen Treffen hat si hir Zweiwelen geäussert. Si hat virun enger russescher Fal gewarnt.
„D‘Russe wëllen, dass mir driwwer diskutéieren, wien eis vertriede soll, wie mat hinne schwätze soll. Mä si siche sech schonn eraus, wie passt. Komm mir falen net drop eran.“
Bal war de Xavier Bettel awer an eng Fal getrëppelt. Hien hat bei senger Arrivée gesot, d'Europäer sollte villäicht eng Ekipp vun dräi Leit nominéieren. Politiker aus dem Norden an dem Süden. Op alle Fall awer net aus engem vun den Nopeschlänner vu Russland.
D‘EU-Chefdiplomatin ass aus Estland. RTL huet beim Xavier Bettel senger Equipe missen nofroen. An nee, de Lëtzebuerger wëll net d'Kaja Kallas gemengt hunn. Awer vläicht de finnesche President Alexander Stubb, deen och als méigleche Mediateur gehandelt gëtt, nieft der fréierer däitscher Bundeskanzlerin Merkel oder dem Ex-EZB-Chef Draghi. De fréiere Kanzler Gerhard Schröder war vum Putin héchstperséinlech an d‘Spill bruecht ginn, a schonn eleng dowéinst wuel disqualifizéiert. Dem Xavier Bettel no wär den Jean-Claude Juncker e gudde Kandidat.
„Mir brauchen een, dee kee Friddensnobelpräis brauch. De Jean-Claude Juncker ass ëmmer e gudde Choix. Lëtzebuerger sinn ëmmer eng gutt Léisung. Mä dat musst Dir hie froen.“
Eigentlech weess de Xavier Bettel awer, dass et souwisou nach ze fréi fir Friddensgespréicher ass.
„Vu mir aus kënne mir schwätzen. Mä wa mir schwätzen, dann normaliséiere mir. Ech gesinn nach keng Zeechen, dass de russesche President Putin e Waffestëllstand, respektiv e Fridde wëll. Ech gesinn, dass Kiew nees staark bombardéiert gëtt vun de Russen.“
Dofir hunn d‘Ausseministeren decidéiert, nei Sanktiounen auszeschaffen, déi Russland a seng Partnerlänner virop ekonomesch treffe sollen. An d‘Krittäre fir iwwerhaapt Negociatioune mat Russland unzefänken, goufe kloer definéiert, esou d'Kaja Kallas.
„Bedéngungslose Waffestëllstand ass d‘Konditioun fir Friddensgespréicher. Dat hunn d‘Ministere kloer ënnerstrach. Russland muss mat Sabotage, Cyberattacken a Loftraum-Violatiounen an Europa ophalen.“
Et misst och evitéiert ginn, dass d‘Ukrainer spéider hir Arméi ofbaue mussen, wärend Russland seng weider stäerkt. Besaten Territoiren an der Ukrain dierften net unerkannt ginn. D‘Lëscht ass laang. Grad esou kloer wär:
„Europa wäert ni en neutrale Mediateur tëscht Russland an der Ukrain sinn. Mir sinn op der Säit vun der Ukrain. Mir verdeedegen eis eege Sécherheets-Interessen.“
Allerdéngs wëll d‘EU bei méigleche Gespréicher eng grouss Roll spillen. Dat ënnerstëtzt den ukrainesche President Selenskyj, nodeems dem Donald Trump seng Friddensinitiativ nach näischt bruecht huet an d‘USA aktuell éischter mam Iran beschäftegt sinn.