
Wärend enger Projetswoch hunn d'Pompjeeë missen ausrécken, nodeems den Akku vum Smartphone vun enger Mamm an hirer Posch vum selwe Feier gefaangen huet. D'Fra war deen Ament an engem Klassesall, an deem sech direkt e puer Klassen zesummen opgehalen hunn.
Mat Hëllef vun engem Polverfeierläscher waren d'Flame séier ënner Kontroll. Ma duerch den Asaz vum Feierläscher ass vill Läschpolver am Raum fräigesat ginn, wat d'Mamm an e puer Schüler ageotemt hunn. Der Polizeidirektion Trier no hunn d'Mamm a siwe Schüler doropshi geklot, net richteg ootmen ze kënnen. Si goufen direkt nach op der Plaz vun de Secouriste versuergt.
Déi séier Reaktioun huet awer Schlëmmeres verhënnert. Keen huet missen an d'Spidol an nodeems den Asaz eriwwer war, konnt souguer de Schoulbetrib nees opgeholl ginn.