Ukrain-KrichAusseminister Bettel bréngt Jean-Claude Juncker als europäesche Vermëttler an d'Spill

Claude Zeimetz
Zu Bréissel gouf déi lescht Woche verstäerkt driwwer diskutéiert, wie Bréissel als Verhandlungsleader nominéiere sollt.
De Jean-Claude Juncker als europäesche Vermëttler am Ukrainkrich?
Den Ausseminister Bettel huet op engem informellen Treffe vun den EU-Ausseminister eng entspriechend Propos gemaach.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet en Donneschdeg am Kader vun engem informelle Conseil vun den europäeschen Ausseministeren op Zypern op d'Nofro vun engem Journalist hin, de fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker als méiglechen europäesche Verhandlungspartner mat Russland an d'Spill bruecht fir am Ukrainkrich ze verhandelen. Den Éierestaatsminister hätt Relatiounen zu béide Säite gehat a Lëtzebuerger "wieren ëmmer eng gutt Léisung". Dem DP-Politiker no, sollten d'Europäer net vun engem Politiker aus engem vun den Nopeschlänner vu Russland vertruede ginn. Besser wiere Vertrieder aus dem Norden an dem Süden. Villäicht eng Ekipp vun dräi Leit, sou de Xavier Bettel. Op alle Fall misst et eng Persoun sinn, déi "kee Friddensnobelpräis" wéilt. Ier een iwwerhaapt u Verhandlungen denke kann, misst de russesche President Wladimir Putin awer mol beweisen, datt et him eescht gemengt ass.

Op Nofro hin huet de Spriecher vum Ausseminister Xavier Bettel präziséiert, datt dem Lëtzebuerger Diplomatiechef seng Aussoen net géint d'Kaja Kallas geriicht gewiescht wieren. D'Estin kënnt jo och aus engem Nopeschland vu Russland.

Zu Bréissel gouf déi lescht Woche verstäerkt driwwer diskutéiert, wie Bréissel als Verhandlungsleader nominéiere sollt a wéi d'Europäesch Unioun sech verstäerkt an d'Negociatiounen tëscht den USA a Russland fir e méigleche Fridden an der Ukrain abrénge kann.

Als potentiell Kandidate goufe schonn de fréieren däitschen SPD-Kanzler Gerhard Schröder oder de finnesche President Alexander Stubb gehandelt. Mat sengen Aussoen zu Limassol distanzéiert sech de Lëtzebuerger Ausseminister och vun der offizieller Linn vu Bréissel an der EU-Chefdiplomatin. D'Estin Kaja Kallas huet hirersäits zu Limassol nämlech méi wéi kloer gemaach, wat si vu sou Spekulatiounen iwwer Personalitéiten hält. Et wier eng Fal, an déi Russland d'EU lackele wéilt, sot d'Kaja Kalllas bei hirer Arrivée zu Limassol. De Kreml wéilt, datt d'Europäer driwwer diskutéieren, wie se dann designéiere sollen an d'Russe wiere schonn amgaangen, selwer ee rauszesichen. An déi Fal sollt een awer net falen. Verhandlunge wieren e kollektiven Effort, huet d'EU-Chefdiplomatin betount. An et géif vill méi drop ukommen, fir sech op eng Strategie ze eenegen, wéi ze diskutéieren, wien et mécht.

D'EU-Ausseministere beroden en Donneschdeg nieft dem Ukrainkrich och iwwert de Krich am Noen Osten an d'Blockad vun der Strooss vun Hormus. Zu de Berodunge sinn och Vertrieder aus Saudi-Arabien invitéiert.

Back to Top
CIM LOGO