Rheinland-PfalzUklo géint Verdächtegen no déidlechem Ugrëff op Zuchbegleeder erhuewen

RTL Lëtzebuerg
Ronn véier Méint no der déidlecher Attack op een Zuchbegleeder a Rheinland-Pfalz ass elo de 26 Joer ale Verdächtege wéinst Mord ugeklot ginn.
Vier Monate nach der tödlichen Attacke auf einen Zugbegleiter in Rheinland-Pfalz ist der 26-jährige Verdächtige wegen Mordes angeklagt worden. Es sei von niedrigen Beweggründen auszugehen, teilte die Staatsanwaltschaft Zweibrücken mit.
Ronn véier Méint no der déidlecher Attack op een Zuchbegleeder a Rheinland-Pfalz ass elo de 26 Joer ale Verdächtege wéinst Mord ugeklot ginn.
© AFP/Archiv

Et wier vun enger Dot aus niddere Beweeggrënn auszegoen, esou de Parquet zu Zweebrécken en Donneschdeg. De Beschëllegte soll den Zuchbegleeder no enger Ticketskontroll den 2. Februar bei Landstuhl e puermol geschloen hunn, nodeems deen hien aus dem Zuch verwisen huet.

"Der Enquête no huet de Beschëllegten aus Roserei iwwer eng alldeeglech Ticketskontroll gehandelt", esou de Parquet. De Beschëllegten hätt den Oflaf vun der Dot bei riichterlechen Unhéierungen a vis-à-vis vun engem forensesch-psychologesche Gutachter objektiv zouginn, en hätt allerdéngs bestridden, d'Affer express ëmbruecht ze hunn. Hien hätt ausserdeem Lacunnen a senger Memoire. D'Uklo ass beim Landesgeriicht Zweebrécken agaangen, wat elo decidéiert, ob de Prozess opgemaach gëtt.

D'Dot huet a ganz Däitschland fir Opreegung gesuergt an huet eng Debatt iwwer d'Sécherheet vun Zuchbegleeder lassgetrueden. D'Deutsche Bahn hat ee "Sécherheetssommet" mat de Gewerkschaften a Vertrieder vun den Autoritéiten an aus der Politik organiséiert. An deem Kader gouf decidéiert, eng 200 zousätzlech Persoune bei der DB Sicherheit anzestellen, d'Ausrüstung vun de Mataarbechter ze verbesseren, a méi enk mat der Bundespolizei zesummenzeschaffen.

Den Ugrëff ass wärend der Faart vun engem Regionalzuch bei Landstuhl a Rheinland-Pfalz geschitt. Dem Parquet no hat dat spéidert Affer de 26 Joer ale Verdächtege kontrolléiert. Ma well dee keen Ticket hat, gouf hien opgefuerdert, seng Carte d'identité ze weisen. Wéi den Ugekloten dat net gemaach huet, huet den Zuchbegleeder hien aus dem Zuch geschéckt. Doropshi soll den Ugekloten d'Affer mat der Fauscht widder de Kapp geschloen hunn. D'Affer ass vu sech zu Buedem gefall an ass duerno un enger Gehierbluddung gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO