
Déi däitsch Police konnt bei enger Grenzkontroll e 40 Joer ale Rumän festhuelen, géint dee véier Mandats d’arrêt virlouchen. De Mann gouf vum Parquet vu Frankfurt am Main an Arnsberg wéinst Beleidegung a Fueren ouni Permis gesicht, an an zwou weideren Affäre gouf hie wéinst Bandekriminalitéit a Verstouss géint d’Asylgesetz gesicht.
Wéinst de Verurteelungen, déi tëscht 2014 an 2022 getraff goufen, krut de Mann et verbueden, fir virum Abrëll 2027 an Däitschland anzereesen. An awer souz hien an engem Bus, deen aus der Belsch* an d’Bundesrepublik gefuer ass.
Well hien d’Geldstrof vun 2.640 Euro net bezuele konnt, gouf hie fir eng Prisongsstrof vu 76 Deeg ageliwwert. Nodeem hie seng Strof ofgesiess huet, wäert hien Däitschland trotzdeem musse verloossen.
*An enger éischter Versioun hat d’Bundespolizei gemellt, datt de Mann aus Lëtzebuerg an Däitschland agereest ass.