
Konkret Konsequenze vun dëser Decisioun si bis ewell awer onkloer. De Schratt wier eng Reaktioun op d’Decisioun vun der EU, déi jo déi Iranesch Revolutiounsgard als Terrorgrupp aklasséiert huet.
“Wéi den Artikel 7 vum Gesetz iwwer Géigemesuren iwwert d’Astufe vun der IRGC als Terrororganisatioun ginn d’Arméie vun den europäesche Länner als terroristesch Grupp betruecht”, sou de Baghafi, dee bei der Annonce iwwregens och eng Uniform vun der Revolutiounsgard unhat.
Leschten Donneschdeg hate sech d’EU-Ausseministeren zu Bréissel op eng Astufung vun Revolutiounsgard als Terrororganisatioun gëeenegt. Dëse Schratt gouf mat der brutaler Reaktioun a Repressioun vun de regierungskritesche Protester kuerz virum Enn dës Jores am Iran begrënnt. Iranesch Autoritéiten hunn Aktivisten no dausende Leit ëmbruecht, zéngdausende Persoune goufe festgeholl. D’Revolutiounsgard spillt bei dëse Faiten eng zentral Roll.
Den iranesche President Peseschkian huet sech iwwerdeem zu den aktuelle Spannungen tëscht dem Iran an den USA geäussert: Him no, wier ee Krich fir kee gutt. Et sollt een deeskaléieren an et géif ee sech zu Teheran elo op Negociatiounen, besonnesch ronderëm den iraneschen Atomprogramm, preparéieren.
Vun amerikanescher Säit si jo ëmmer nees militäresch Interventiounen an d’Spill bruecht ginn: Den US-President Donald Trump hat jo eng Interventioun wéinst dem brutale Virgoen vun den iraneschen Autoritéite géint Demonstranten net ausgeschloss. Elo konzentréiert sech d’US-Regierung awer haaptsächlech op den iraneschen Atomprogramm.
Am Juni ware jo Atom-Infrastrukturen am Iran vun den USA bombardéiert ginn. Den Trump huet elo uginn, et géif een op een Deal mam Iran hischaffen. Wann dat net géif geschéien, misst een awer “kucke wat geschitt”.