Goufe vun ICE festgehollLiam Ramos a säi Papp ginn aus dem Prisong fräigelooss

AFP, iwwersat vun RTL
De 5 Joer ale Bouf a säi Papp ware virun zwou Wochen vun der US-Awanderungsagence ICE zu Minneapolis festgeholl ginn.
© OCTAVIO JONES/AFP

Ee Geriicht an Texas huet dat esou decidéiert, an dobäi d’Virgoen vun der US-Regierung ongewéinlech schaarf kritiséiert: D’Beméiunge vun der Regierung fir Expulsiouns-Quoten anzehalen, wiere schlecht duerchduecht an inkompetent ëmgesat a géifen esouguer Kanner reegelrecht traumatiséieren.

De Fall vum Liam Ramos a sengem Papp huet an den USA selwer awer och international fir vill Diskussiounen gesuergt: Dem Papp vum Jong gouf virgehäit, illegal aus dem Ecuador an d’USA komm ze sinn. Een Affekot huet awer preziséiert, datt de Mann op enger offizieller Grenz Asyl ugefrot hat.

Back to Top
CIM LOGO